Chronologie vun der Astronomie (15. Joerhonnert)
D'Astronomie ass d'Kinnigin vun den Naturwëssenschaften. - Op dëser Säit gëtt versicht d'Entwécklung vun der Astronomie chronologesch festzehalen. Well d'Astronomie mat villen anere Wëssenschaften a Verbindung steet, kommen dofir och vill Bäiträg bei deene Geographie, Geologie, Mathematik, Mechanik, Physik, Chimie, Biologie an och Nei Technologien, déi mat der Astronautik ze dinn hunn, dra vir. Wéi an all Wëssenschaft ginn dacks Theesen an Theorien a komplett falsch Richtungen. Trotzdeem ass et derwäert fir och déi Iddien a Berechnunge festzehalen. Et mécht déi dréche Wëssenschaft méi attraktiv ze liesen.
Well den Artikel "Chronologie vun der Astronomie" ganz grouss ass, si méi Ënnerdeelunge gemaach ginn. D'Ënnerdeelunge gi stänneg aktualiséiert.
2001 - 6000 v. Chr. • 1001 - 2000 v. Chr. • 501 - 1000 v. Chr. • 1 bis 500 v. Chr. |
- 1440: De Kardinol Nicolaus Cusanus (Nikolaus vu Kues) vertrëtt d'Meenung datt d'Äerd en Himmelskierper ass an, wéi alles an der Welt, a Beweegung ass.
- 1446: Erfindung vum Kofferstéch.
- 1447: De Réimer Leone Battista Alberti erfënnt de Proportionalzierkel fir d'Iwwerdroe vun alle Moossen op verschidde Gréissten.[1]
- 1450: De Johannes Gutenberg, dee sech schonn zanter 1430 mat dem Gedanke geplot huet, Copie vu Buschtawen op mechaneschem Wee ze maachen, trëtt mat senger Buchdréckerkonscht un d'Ëffentlechkeet.
- 1. Mee1460: D'kapverdesch Insel Maio gëtt entdeckt.
- 1466: Éischt Uwennung vun der trapezfërmeger Projektioun.
- 1474: Éischt Séikaarte mat Gradnetz. (Original net erhalen)
- 1475: De Johannes Regiomontanus gëtt nei astronomesch Tafelen eraus, déi d'alfonsinesch Tafelen, déi zanter 1248 am Gebrauch waren, deelweis verdrängen an ersetzen. Wichteg sinn déi nei Tafelen och fir Entdeckungsreesen.
- 1476: De William Caxton féiert an England d'Buchdréckerkonscht an.
- 1480: De Leonardo da Vinci beschreift fir d'éischt de Fallschierm, deen 1783 vum Lenormand eng zweet Kéier erfonnt an och praktesch getest gouf.
- 1483: Dem Domenico Maria Novarra da Ferrara fält op, datt zanter dem Ptolemäus de Pol vun der Äerdachs dem Zenit ëm 1 Grad méi no komm ass.
- 1483: De Bartolomeo Diaz fiert ëm de Kap vun der gudder Hoffnung.
- 28. Oktober 1492: De Christoph Kolumbus entdeckt op senger éischter Rees d'Insel Kuba.
- 16. November 1492: Deen als Ensisheim-Meteorit bekannte Meteorit stierzt an e Feld tëscht Ensisheim a Battenheim am Elsass.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 4000 Jahre Pionierarbeit in den exakten Wissenschaften