Chronologie vun der Astronomie (17. Joerhonnert)
D'Astronomie ass d'Kinnigin vun den Naturwëssenschaften. - Op dëser Säit gëtt versicht d'Entwécklung vun der Astronomie chronologesch festzehalen. Well d'Astronomie mat villen anere Wëssenschaften a Verbindung steet, kommen dofir och vill Bäiträg bei deene Geographie, Geologie, Mathematik, Mechanik, Physik, Chimie, Biologie an och Nei Technologien, déi mat der Astronautik ze dinn hunn, dra vir. Wéi an all Wëssenschaft ginn dacks Theesen an Theorien a komplett falsch Richtungen. Trotzdeem ass et derwäert fir och déi Iddien a Berechnunge festzehalen. Et mécht déi dréche Wëssenschaft méi attraktiv ze liesen.
Well den Artikel "Chronologie vun der Astronomie" ganz grouss ass, si méi Ënnerdeelunge gemaach ginn. D'Ënnerdeelunge gi stänneg aktualiséiert.
2001 - 6000 v. Chr. • 1001 - 2000 v. Chr. • 501 - 1000 v. Chr. • 1 bis 500 v. Chr. |
- 17. Oktober 1604: Den Astronom Johannes Kepler gesäit am Stärebild Ophiuchus fir d'éischt d'Supernova 1604 („dem Kepler säi Stär“), déi zanterhier lescht entdeckt Supernova an eiser Mëllechstrooss.
- 2. Oktober1608: An der Republik vun de siwe vereenegten Nidderlanden presentéiert de Brëllemécher Hans Lipperhey dem Rot vun Séiland dat éischt Teleskop.
- 30. November 1609: De Galileo Galilei observéiert fir d'éischt de Mound mat sengem Teleskop a mécht Zeechnunge vun de Bierger, Krateren an „Ozeanen“.
- 15. Mee 1618: De Johannes Kepler entdeckt dat drëtt no him benannt Gesetz iwwer d'Planéitebeweegung.
- 22. Juni 1633: Wéinst der Verdeedegung vum Kopernikus sengem Heliozentresche Weltbild kënnt et zu Roum zum Schauprozess géint de Galileo Galilei.
- 28. Oktober 1636: Zu Cambridge gëtt d'Harvard Universitéit gegrënnt. Hiren Numm verdankt si hirem éischte Sponsor, John Harvard.
- 1640: De Matthäus Merian stellt seng "Topographia Europaea" vir.
- 1644: Den hollännesche Séifuerer Abel Tasman stellt eng grouss Séikaart vir.
- 15. Dezember 1654: Zu Florenz gëtt mat de reegelméissege Miessungen an Opzeechnunge vun der Lofttemperatur ugefaangen.
- 25. Mäerz 1655: De Christiaan Huygens entdeckt mat sengem selwer gebauten Teleskop den Saturnmound Titan.
- 25. Oktober 1671: Den Giovanni Domenico Cassini entdeckt de Saturnmound Iapetus.
- 1672 De Christiaan Huygens entdeckt d'Südpolarkap vum Mars.
- 22. Juni 1675: De Charles II von England grënnt de kinneklechen Observatoire zu Greenwich, deen zanter 1884 den Nullmeridian markéiert.
- 5. Juli1687: Dem Isaac Newton seng Philosophiae Naturalis Principia Mathematica gëtt verëffentlecht.