Chronologie vun der Astronomie (13. Joerhonnert)

Vu Wikipedia

D'Astronomie ass d'Kinnigin vun den Naturwëssenschaften. - Op dëser Säit gëtt versicht d'Entwécklung vun der Astronomie chronologesch festzehalen. Well d'Astronomie mat villen anere Wëssenschaften a Verbindung steet, kommen dofir och vill Bäiträg bei deene Geographie, Geologie, Mathematik, Mechanik, Physik, Chimie, Biologie an och Nei Technologien, déi mat der Astronautik ze dinn hunn, dra vir. Wéi an all Wëssenschaft ginn dacks Theesen an Theorien a komplett falsch Richtungen. Trotzdeem ass et derwäert fir och déi Iddien a Berechnunge festzehalen. Et mécht déi dréche Wëssenschaft méi attraktiv ze liesen.

Well den Artikel "Chronologie vun der Astronomie" ganz grouss ass, si méi Ënnerdeelunge gemaach ginn. D'Ënnerdeelunge gi stänneg aktualiséiert.

2001 - 6000 v. Chr.1001 - 2000 v. Chr.501 - 1000 v. Chr.1 bis 500 v. Chr.
1 - 500601 - 100011. Jh.12. Jh.13. Jh.14. Jh.15. Jh.16. Jh.17. Jh.18. Jh.19. Jh.20. Jh.21. Jh.


  • 1202: De Leonardo Fibonacci vu Pisa féiert de Gebrauch vun den arabeschen Zifferen an.
  • 1205: De Guyot de Provins ernimmt fir d'éischt am Okzident d'Magnéitnol déi schwëmmt.
  • 1248: Den Alfons X. vu Kastilien léisst duerch chrëschtlech a jiddesch Geléiert, déi hien op Toledo geruff hat, d'Alfonsinesch Tafelen hierstellen, déi vun do un an d'Plaz vun de Ptolemäesche Planéitentafelen trieden.
  • 1260: De Roger Bacon gëtt fir d'éischt d'Lag vum Brennpunkt bei engem sphäereschen Huelspigel richteg un a gëtt eng Instruktioun eraus fir d'Fabrizéiere vu parabolesche Brennspigelen.
  • 1270: De polnesche Physiker Witelo seet fir d'Optik, datt d'Natur ëmmer no der Richtung vun der kierzter Linn funktionéiert.
  • 12711295: De venezianesche Reesender Marco Polo erfuerscht Héichasien, China, Indien a Pesien.
  • 1280: Den Alessandro de Spina erfënt de Brëll, deen hie fir d'éischt aus Beryll (Beryllium) hierstellt.