Chronologie vun der Astronomie (18. Joerhonnert)
D'Astronomie ass d'Kinnigin vun den Naturwëssenschaften. - Op dëser Säit gëtt versicht d'Entwécklung vun der Astronomie chronologesch festzehalen. Well d'Astronomie mat villen anere Wëssenschaften a Verbindung steet, kommen dofir och vill Bäiträg bei deene Geographie, Geologie, Mathematik, Mechanik, Physik, Chimie, Biologie an och Nei Technologien, déi mat der Astronautik ze dinn hunn, dra vir. Wéi an all Wëssenschaft ginn dacks Theesen an Theorien a komplett falsch Richtungen. Trotzdeem ass et derwäert fir och déi Iddien a Berechnunge festzehalen. Et mécht déi dréche Wëssenschaft méi attraktiv ze liesen.
Well den Artikel "Chronologie vun der Astronomie" ganz grouss ass, si méi Ënnerdeelunge gemaach ginn. D'Ënnerdeelunge gi stänneg aktualiséiert.
2001 - 6000 v. Chr. • 1001 - 2000 v. Chr. • 501 - 1000 v. Chr. • 1 bis 500 v. Chr. |
- 1. Januar1700: Den Zar Péiter de Groussen setzt déi bis dohin a Russland gëlteg byzantinesch Joreszielung of, an ersetzt si duerch de Julianischesche Kalenner mat Joreszielung vu Christi Gebuert aus.
- 1700: Och a Schweden gëtt de Gregorianesche Kalenner agefouert.
- 11. Mäerz 1702: Déi éischt engleschsproochege Dageszeitung „The Daily Courant“ kënnt zu London eraus.
- 5. Mee1702: De Gottfried an d'Maria Kirch entdecken de spéideren als Messier 5 bezeechente Kugelstärekoup am Stärebild Serpens.
- 1704: Den italieeneschen Astronom Jacopo Filippo Maraldi endeckt d'Nordpolarkap vum Mars.
- 16. Abrëll 1705: Den engleschen Astronom a Mathematiker Isaac Newton gëtt fir seng Verdéngschter an der Wëssenschaft vun der Kinnigin Anne zum Ritter geschloen.
- 19. Dezember 1705: Den hollännesche Wëssenschaftler Nicolaus Samuelis Cruquius (Waasserbauingenieur a Kartograph) fänkt zu Delft un, (weltwäit als ee vun deenen éischten) reegelméisseg meteorologesch Opzeechnungen (Temperatur, Loftdrock, Loftfiechtegkeet, Nidderschlag) ze notéieren. Domat existéieren an Holland Wiederopzeechnungen, déi zanter 1706 net ënnerbrach goufen.
- 8. August1709: De brasilianesche Jesuittepater Bartholomeu Lourenco de Gusmao erfënnt (e Virleefer) vum Waarmloftballon.
- 1. Abrëll1748: Et gëtt ugefaange mat Ausgruewunge vun de Ruine vu Pompeji.
- 25. Dezember 1758: De vun Edmond Halley virausgesote Koméit erschéngt.
- 3. Juni1769: De James Cook observéiert op senger éischter Südséirees op Tahiti den Duerchgank vum Planéit Venus virun der Sonn.
- 27. Juli 1769: Zu London gëtt dat éischt urkundlech beluete Freedefeier ofgeschoss.
- 13. Oktober 1773: De Charles Messier entdeckt d'Spiralgalaxie M 51, an der Tëschenzäit och Whirlpool-Galaxie genannt.
- 13. Mäerz 1781: De Wilhelm Herschel entdeckt de Planéit Uranus.
- 15. Mäerz 1781: De Pierre Méchain entdeckt déi dräi Spiralgalaxien Messier 98, Messier 99 an Messier 100
- 12. Juni 5. Juni 1783: D'Bridder Montgolfier féieren hire Waarmloftballon fir d'éischt ëffentlech vir.
- 19. September 1783: Zu Paräis start déi éischt „bemannt“ Montgolfière. Als Besatzung reesen: eng Geess, eng Gäns an een Hunn.
- 21. November 1783: Paräis: Start vum éischte bemannte Waarmloftballon vun de Bridder Montgolfier mat dem Passagéier Jean-François Pilâtre de Rozier
- 3. August1787: Miessunge vum Genfer Naturfuerscher Horace-Bénédict de Saussure erginn, datt de Mont Blanc den héchste Bierg vun Europa ass.
- 26. Mäerz 1791: Den Urmeter gëtt zu Paräis als universell Längtemooss agefouert.
- 1795: A Frankräich gëtt d'metrescht System gesetzlech agefouert.
- 18. Juli 1796: Den Alois Senefelder erfënnt d'Lithographie, e Flaachdrockverfaaren.
- 15. Juli 1799: De Stee vu Rosetta gëtt am Nildall bei Rosetta vum Pierre François Xavier Bouchard, engem franséischen Offizéier fonnt.
- 12. November 1799: Den Alexander von Humboldt observéiert a beschreift zu Cumaná (Venezuela) e Meteorstroum am Stärebild Leo (Léiw), dorop den Numm Leoniden – méi spéit Grondlag fir d'Erkenntnes, datt sou Meteorstréim periodesch optrieden.
Allgemeng
[änneren | Quelltext änneren]Déi éischt Heliometer (Duebelbildmikrometer) goufe 1743 vum Servington Savary an England a 1748 vum Pierre Bouguer a Frankräich gebaut.