Coronella austriaca

Vu Wikipedia
Schléngnatter / Glatnatter

Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Reptiller
Uerdnung: Schuppereptiller
Ënneruerdnung: Schlaangen
Famill: Natteren (Colubridae)
Ënnerfamill: Eigentlech Natteren (Colobrinae)
Gattung: Coronella
Wëssenschaftlechen Numm
Coronella austriaca
Laurenti, 1768

D'Schléngnatter (Coronella austriaca), op Däitsch Schlingnatter an op Franséisch Couleuvre lisse, ass eng Schlaang, déi zu der Famill vun den Natteren (Colubridae) gehéiert. D'Aart ass an deene meeschten Deeler vun Europa an am westlechen Asien doheem.

D'Schléngnatter ass mat 60 bis 75 cm (-90) Längt déi klengst Schlaang, déi zu Lëtzebuerg virkënnt, a si ass queesch uechter d'Land ze fannen. Fir de Mënsch ass dës ongëfteg Schlaang ganz harmlos – net seele gëtt se allerdéngs mat der Kräizotter (Wipper) verwiesselt.

Der Schléngnatter hir Faarf variéiert vu gro, grobrong, brongelzeg bis routbrong.

Am Heng Klees senge "Luxemburger Tiernamen" ass kee lëtzebuergeschen Numm fir d'Aart ze fannen.[1]

D'Schléngnatter war d'Reptil vum Joer 2013 an de Länner Däitschland, Éisträich, Schwäiz a Lëtzebuerg.[2]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Engel, Edmée, 2013. Die Schlingnatter in Luxemburg. S. 29-30 in: Alfermann, D., M. Schweiger, A. Meyer & E. Engel, 2013. Die Schlingnatter / Reptil des Jahres 2013. Deutsche Gesellschaft für Herpetologie und Terrarienkunde e. V. (DGHT). 32 S. PDF
  • Engel, E. & R. Thorn, 1996. L'herpétofaune du grand-duché de Luxembourg: Bilan actuel. Bull. Soc. herp. fr. 78: 61-64.
  • Ferrant, Victor, 1922. Faune du grand-duché de Luxembourg. Deuxième partie: Amphibiens et reptiles. Annexes aux Bull. mens. Soc. Nat. luxemb. 16: 1-55.
  • Klees, Henri, 1981. Luxemburger Tiernamen. Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. XIV. 131 S., Pierre Linden, Lëtzebuerg.
  • La Fontaine, Alphonse de, 1870. Reptiles. 49 p. Imprimerie V. Bück, Luxembourg.
  • Proess, Roland (Hrsg.), 2007. Verbreitungsatlas der Reptilien des Großherzogtums Luxemburg. Ferrantia 52. 54 S. ISSN 1682-5519.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Coronella austriaca – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. Klees 1981 an der Literatur.
  2. Cf. Engel 2013 an der Literatur.