Discovery (Raumfär)
De Bau vun der Raumfär Discovery (fir Entdeckung) war den 12. August 1983 fäerdeg a si hat hiren éischte Fluch am August/September 1984 (STS-41-D). Mat der Landung vum 9. Mäerz 2011 hat d'Raumfär hir lescht Missioun STS-133 absolvéiert. Mat 39 Flich iwwer den Zäitraum vu 27 Joer ass d'Discovery dat Weltraumgefier dat am meeschten agesat gouf.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Discovery ass nom Segler Discovery, engem vun de Schëffer vum James Cook genannt, a mat deem hie 1778 Hawaii entdeckt huet.
Déi intern Bezeechnung fir de Space Shuttle ass OV-103, woubäi OV fir Orbiter Vehicle steet. Mat 39 Flich hat d'Discovery méi Flich wéi all iwwereg Orbiter gemaach. Ausserdeem gouf si all Kéier fir den éischte Fluch no den Onglécker vun der Challenger an der Columbia ausgewielt.
1990 huet d'Discovery den Hubble-Weltraumteleskop an de Raum bruecht.
Groussen Interessi krut 2005 d'Missioun STS-114, den éischte Fluch vun engem Shuttle no der Columbia-Katastroph am Joer 2003. Och bei dësem Fluch gouf et e puer Pannen, wat nees zu enger Ënnerbriechung vun de Shuttle-Flich gefouert hat.
Am Juli 2006 hat d'Discovery mat der Missioun STS-121 e weideren erfollegräiche Ravitaillementsfluch op d'International Raumstatioun (ISS) absolvéiert.
Am Mee/Juni 2008 huet den Orbiter d'Missioun STS-124 gemaach. Dee mat siwe Mann besate Shuttle huet den 2. Juni 2008 un der ISS ugedockt. D'Haaptaufgab vun der Missioun war fir de japanesche Laboratoiresmodul Kibō op d'ISS ze bréngen. Ausserdeem huet de Shuttle Ersatzstécker fir d'Reparatur vun der futisser Weltraumtoilette matgeholl.
Den 29. August 2009 ass d'Discovery mat dem Multi-Purpose Logistics Module Leonardo gestart, fir Reserven a Material op d'ISS ze liwweren.
De 24. Februar 2011 um 22:53 Auer ass de Shuttle no 27 Déngschtjoer bei der STS-133-Missioun fir d'lescht gestart. De 26. Februar 2011, huet s'um 20:14 Auer, un der ISS ugedockt a war dem 9. Mäerz 2011 um 17:57 Auer fir d'lescht op der Pist vum Kennedy Space Center a Florida gelant. D'Discovery ass mat zirka 230 Millioune Kilometer déi am wäitste gereest Raumfär vun der NASA-Shuttleflott.
Zanter dem 19. Abrëll 2012 steet d'Discovery als Muséesstéck am James S. McDonnell Space Hangar am Steven F. Udvar-Hazy Center vum Smithsonian-Institut an der Géigend vum Washington Dulles International Airport. Do huet si de Prototyp vun de Space Shuttlen, d'Enterprise, ersat.
Missiounen
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Space Shuttle Discovery – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Raumfahrer.net: Discovery (OV-103)
- (en) NASA: Discovery (OV-103)
- (en) NASASpaceflight.com: Chronik vun der Raumfär Discovery