Diskussioun:Bourse vu Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Info aus Artikel[Quelltext änneren]

Ech hunn den Artikel grad iwwerschafft, an déi Informatiounen hei drënner erausgeholl, well se net relevant sinn. Zwar ass dat gutt recherchéiert, mee d'Linke funktionéiere leider och net méi. Ech hunn déi Linken, déi nach am Artikel stinn, reparéiert. --Bdx (Diskussioun) 15:06, 16. Aug. 2021 (UTC)[äntweren]

Erausgeholl[Quelltext änneren]

D'Bourse vu Lëtzebuerg, Société de la bourse de Luxembourg s.a., ass duerch e Gesetz vum 30. Dezember 1927[1] an e groussherzoglechen Arrêté vum 22. Mäerz 1928[2] geschaf ginn.

D'Société anonyme vun der Bourse de Luxembourg gouf de 5. Abrëll 1928, mat 7000 Aktien zum Präis vun 1000 Frang gegrënnt[3],[4].

Ursprénglech war geplangt datt d'Bourse sollt am Oktober 1928 opgoen[5].

Den 12. September 1928 stoung an der Zeitung, datt well et Problemer mat den Telefonsleitunge gouf, d'Bourse warscheinlech réischt géif uganks 1929 opgoen[6].

Dënschdegs, den 20. November 1928 war d'Press op d'Bourse invitéiert an et ass een dovun ausgaang datt d'Telefonsverbindunge mam Ausland geschwë géife stoen an d'Bourse kéint Mëtt Januar 1929 hir Dieren opmaachen[7],[8],[9],[10].

Den 31. Dezember 1928 stoung an der Zeitung, datt d'Bourse warscheinlech réischt géif de 15. Mäerz dat anert Joer opmaachen, wéil d'Lokalitéiten nach net fäerdeg wieren[11].

De 25. Januar 1929 war am Tageblatt ze liesen, d'Bourse géif de 4. Mäerz opmaachen[12].

Den 1. Februar 1929 gouf déi éischt Lëscht vun den agreéierte Banken, Banquieren an Händler, déi duerften op der Bourse handelen, publizéiert[13],[14],[15].

Well et Problemer mat den Telefonsleitungen op Bréissel an op Paräis gouf, huet et nach e Strapp gedauert bis d'Bourse konnt operationell ginn[16],[17].

De 25. Februar stoung an der Zeitung, datt de Verwaltungsrot vun der Bourse, den 23. Februar beschloss hat datt d'Bourse géif am Mee opgoen[18],[19].

Den 9. Mäerz 1929 gouf déi éischt Lëscht vun de Valeuren (Aktien an Obligatiounen), déi op der Bourse gehandelt wäerte ginn, publizéiert[20],[21],[22],[23]. De 27. Abrëll 1929 gouf d'Lëscht nach eng Kéier publizéiert[24],[25],[26].

De 17. Abrëll 1929 gouf bekannt, datt d'Bourse géif de 4. Mee ageweit ginn[27],[28].

Den 30. Abrëll 1929 gouf matgedeelt datt d'Bourse definitiv géif de 6. Mee opgoen[29],[30],[31].

Den 3. Mee 1929 gouf bekannt, datt d'Bourse zesumme mat der Spuerkeess eng Liquidatiounkeess ageriicht huet, an datt déi Banken, Banquieren an Händler, déi op der Bourse fir den Handel zougelooss sinn, mussen e Kont bei der Spuerkeess hunn, fir hir Transaktioune vun der Bourse ofzewéckelen[32].

Déi éischt Bourse-Sessioun, mat 22 cotéierte Gesellschaften, war de 6. Mee 1929[33]. De Sëtz war op Nummer 11, an der Neipuertsgaass[34].

Bericht iwwert d'Aweiung vun der Bourse[35],[36],[37],[38],[39] an datt Post dofir gesuergt huet, datt d'Telekommunikatioun besser klappt[40].

Bericht iwwert den 1. Handelsdag[41],[42],[43].

Bericht iwwert den 2. Handelsdag[44].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Mémorial A N° 1 vum 07. Januar 1928 Säit 5
  2. Mémorial A N° 15 vum 31. März 1928 Säit 2
  3. Mémorial A N° 22 vum 28. Abrëll 1928 Säit 19
  4. Aus der Hauptstadt an der Obermosel-Zeitung vum 12. Abrëll 1928, Säit 3
  5. Lokal Chronik am Luxemburger Wort vum 7. Abrëll 1928, Säit 3
  6. Die luxemburgische Effektenbörse am Luxemburger Wort vum 12. September 1928, Säit 3
  7. Die Luxemburger Börse am Luxemburger Wort vum 22. November 1928, Säit 2
  8. Börse Lokal Chronik am Luxemburger Wort vum 23. November 1928, Säit 3
  9. Börse Die Luxemburger Börse am Tageblatt vum 22. November 1928, Säit 4
  10. Börse an der Obermosel-Zeitung vum 22. November 1928, Säit 2 (am Artikel steet zwar 15. Januar 1928, wat manifestement als Tippfeeler muss bewäert ginn)
  11. Lokalneuigkeiten am Tageblatt vum 31. Dezember 1928, Säit 4
  12. Lokalneuigkeiten am Tageblatt vum 25. Januar 1929, Säit 3
  13. Communiqué Officiel de la Commission de la Bourse am Luxemburger Wort vum 6. Februar 1929, Säit 3
  14. Communiqué Officiel de la Commission de la Bourse am L'Indépendance luxembourgeoise vum 7. Februar 1929, Säit 3
  15. Communiqué Officiel de la Commission de la Bourse am Tageblatt vum 7. Februar 1929, Säit 3
  16. Chronique Locale am L'Indépendance luxembourgeoise vum 25. Februar 1929, Säit 2
  17. Der Ausbau unserer Telefonverbindungen am Luxemburger Wort vum 1. Mee 1929, Säit 3
  18. Börse Lokal Chronik am Luxemburger Wort vum 25. Februar 1929, Säit 3
  19. Lokalneuigkeiten am Tageblatt vum 25. Februar 1929, Säit 3
  20. Communiqué Officiel de la Commission de la Bourse am Luxemburger Wort vum 9. Mäerz 1929, Säit 5
  21. Communiqué Officiel de la Commission de la Bourse am L'Indépendance luxembourgeoise vum 9. Mäerz 1929, Säit 2
  22. Communiqué Officiel de la Commission de la Bourse am Tageblatt vum 11. Mäerz 1929, Säit 5
  23. Communiqué Officiel de la Commission de la Bourse an der Obermosel-Zeitung vum 11. Mäerz 1929, Säit 2
  24. Bourse de Luxembourg am Luxemburger Wort vum 27. Abrëll 1929, Säit 5
  25. Bourse de Luxembourg am L'Indépendance luxembourgeoise vum 27. Abrëll 1929, Säit 2
  26. Bourse de Luxembourg am Tageblatt vum 1. Mee 1929, Säit 13
  27. Chronique Locale am L'Indépendance luxembourgeoise vum 17. Abrëll 1929, Säit 2
  28. Lokalneuigkeiten am Tageblatt vum 3. Mee 1929, Säit 3
  29. Lokal Chronik am Luxemburger Wort vum 30. Abrëll 1929, Säit 4
  30. Lokalneuigkeiten am Tageblatt vum 30. Abrëll 1929, Säit 2
  31. Communiqué Officiel de la Commission de la Bourse am L'Indépendance luxembourgeoise vum 30. Abrëll 1929, Säit 3
  32. Lokal Chronik am Luxemburger Wort vum 3. Mee 1929, Säit 4
  33. Bourse an der Obermosel-Zeitung vum 1. Mee 1929, Säit 2
  34. Lokal Chronik am Luxemburger Wort vum 15. Juni 1928, Säit 4
  35. Die Eröffnung der Luxemburger Börse am Luxemburger Wort vum 6. Mee 1929, Säit 3
  36. L'Inauguration de la Bourse de Luxembourg am L'Indépendance luxembourgeoise vum 6. Mee 1929, Säiten 1 an 2
  37. Zur Eröffnung der Luxemburger Börse am Tageblatt vum 6. Mee 1929, Säiten 1 an 5
  38. Internationale Börse Luxemburg an der Obermosel-Zeitung vum 6. Mee 1929, Säit 3
  39. Luxemburger Börse an der Obermosel-Zeitung vum 7. Mee 1929, Säit 1
  40. Chronique Locale am L'Indépendance luxembourgeoise vum 6. Mee 1929, Säit 2
  41. Börse und Handel. Bourse de Luxembourg am Luxemburger Wort vum 7. Mee 1929, Säit 4
  42. Bourse de Luxembourg am L'Indépendance luxembourgeoise vum 7. Mee 1929, Säit 3
  43. Luxemburger Börse am Tageblatt vum 7. Mee 1929, Säit 2
  44. Bourse de Luxembourg am L'Indépendance luxembourgeoise vum 8. Mee 1929, Säit 3