Donatuskapell zu Beidler

Vu Wikipedia
D'Donatuskapell zu Beidler. Riets de Waasserbaseng vum Syndicat intercommunal pour la distribution d'eau dans la région de l'Est.
Banneraum vun der Kapell.
Opschrëft am Ënnerzuch vun der Aganksdier

D'Donatuskapell zu Beidler ass eng Kapell an där den hellegen Donatus veréiert gëtt. Si steet am Süde vu Beidler, laanscht d'Strooss déi vu Beidler op Eescheler féiert.

Den hellegen Donatus gëtt als Beschützer géint Blëtz, Knëppelsteng a Stuerm, virun allem op der Gewan, veréiert.

D'Kapell steet op privatem Terrain an ass am Besëtz vun enger Famill vu Beidler. Den Terrain virun der Kapell ass als Raschtplaz, mat enger Bänk, amenagéiert. D'Baujoer vun der Kapell ass net bekannt.

D'Kapell[änneren | Quelltext änneren]

De Bau ass bausse ganz einfach gehalen, mat enger oppener Fënsterëffnung op jiddwer Säit. Iwwer der Aganksdier steet an de Stee gemeesselt eng Schrëft déi staark erodéiert a schwéier ze liesen ass:

Errichtet in nicht bekannter Zeit... Erneuert (oder: erweitert) im Jahre des H. 1867 (oder: 1869).[1]

Driwwer ass eng Nisch, déi eidel steet.

De Banneraum ass duerch e Bou an zwee gedeelt. An enger flaacher Nisch iwwer dem Altor steet e bronze Relief mam hellegen Donatus, deen als réimesche Légionnaire duergestallt ass. A senger rietser Hand hält en eng Lanz mat engem Fändel, an der lénkser Hand véier stiliséiert Blëtzer. Riets a lénks vum Altor steet: "Heiliger Donatus beschütze uns".

Lénks nieft dem Altor ass eng Plackett wou drop steet: gestëft vum SYNDICAT D'INITIATIVE Gemeng Jonglënster 17. Nov. 2001.

Historique[änneren | Quelltext änneren]

D'Baujoer vun der Kapell ass net bekannt.

1867 (oder 1869) gouf d'Kapell renovéiert (oder méi grouss gebaut), wéi um Steen iwwer der Aganksdier ze liesen ass.

Bis 1971 ass all Joer um Dag vum hellegen Donatus eng Bittpressessioun vun der Kierch zu Beidler bis bei d'Kapell gaangen. D'Statu vum Donatus gouf vun deene véier Männer aus dem Duerf gedroen, déi sech als lescht bestuet haten.

Op enger Foto vun 1939[2] ass um Daach iwwer der Aganksdier e Kräiz ze gesinn, an an der Nisch iwwer der Dier steet eng Statu vum Donatus. Béid sinn haut net méi do.

An de Joerzéngte nom Zweete Weltkrich ass d'Kapell no an no verkomm. Kuerz virun 2001 gouf se vum Proprietär an Zesummenaarbecht mam Service des sites et monuments nationaux restauréiert.[3]

Wéi d'Aarbechte fäerdeg waren, huet de Syndicat d'initiative vun der Gemeng Jonglënster 2001 e bronze Relief vum Donatus an der Kapell opstelle gelooss.[4] De Relief gouf vun der Firma Herman vu Brockscheid, déi am Géisse vu Klacken a Konschtobjete spezialiséiert ass, produzéiert. Och d'Schrëften op béid Säite vum Relief goufe bei där Geleeënheet fabrizéiert.

Ëffentlech Beobachtung vu Stäreschnäizen[änneren | Quelltext änneren]

All Joer op engem Owend ëm den 12. August organiséieren d'Amateurastronome vu Lëtzebuerg zesumme mat de Frënn vum Naturmmusée op der Plaz vun der Donatuskapell zu Beidler eng Beobachtungsnuecht vun de Perseiden, engem Meteorstroum deen all Joer an der éischter Augusthalschent zeréckkënnt an ëm den 12. August en däitleche Maximum vu Stäreschnäizen (kleng Meteoren) huet.[5]

D'Plaz bei der Donatuskapell zu Beidler eegent sech besonnesch gutt fir d'Beobachtunge vum Nuetshimmel well se relativ héich (op 318 m (NG-L)), fräi an der Gewan a wäit vun alle kënschtleche Liichtquellen ewech läit.

Quell[änneren | Quelltext änneren]

  • Stand August 2012: Beidler fréier an haut, 2006.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Dimmer, D. & C. Mathay (Koordinatioun), 2006. Beidler fréier an haut. Erausgi vum Kiercherot vu Beidler. Dréckerei Saint-Paul, Lëtzebuerg. 264 S. (Cf Donatuskapell S. 38-39 an 257). Am Buch steet kee Publikatiounsjoer. Am Message vum Buergermeeschter Denis Dimmer S. 13 kann een erausliesen, datt et 2006 erauskoum. Et gëtt och mat deem Joer am Katalog vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik gefouert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Donatuskapell zu Beidler – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Cf. S. 257 am Buch vun 2006.
  2. Cf. d'Foto S. 38 am Buch Beidler fréier an haut vun 2006.
  3. Cf. d'Foto S. 38 am Buch vun 2006.
  4. Cf. d'Plackett lénks iwwer dem Altor.
  5. Nacht der Sternschnuppen am 12. August. Öffentliche Observation bei der Donatuskapelle zwischen Beidweiler und Eschweiler. Luxemburger Wort vum 10. August 2015, S. 15.