E Liewe laang (Film)
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer | 1990-1992 |
Première | 1992 |
Faarf | Faarweg |
Format | 1,33:1 |
Filmformat | 35 mm |
Originalsprooch |
Lëtzebuergesch an Däitsch |
Ekipp | |
Regie | Marc Olinger |
Dréibuch | Emil Angel |
Fotografie |
Menn Bodson Gast Rollinger |
Musek | Jacques Neuen |
Produktiouns- gesellschaft | RTL-Hei Elei |
Schauspiller | |
Spencer Kirpach als Robi Michèle Clees als Mamm René Pütz als Papp Raoul Biltgen als Alphonse, dem Robi säi Brudder Olivier Vandivinit als Erni, dem Robi säi Brudder Pol Greisch als Uedem Marie-Christine Faber als dem Uedem seng Fra Fernand Fox als M. Penning Juliette François als Mme Bissen Marie-Paule von Roesgen als Mme Schreiber Marc Olinger als Proprietär Marco Lorenzini als Mëllechmann Henri Losch als Pensionaire Fernand Mathes als Erzieler | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
E Liewe laang ass e lëtzebuergeschen Laangspillfilm vum Marc Olinger, Menn Bodson a Gast Rollinger aus dem Joer 1992, deen um Zenario vum Emil Angel baséiert. E stellt dat dagdeeglecht Liewen ufanks der 1950er Joren duer.
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]1952: An enger Zäit, an där d'Nowéie vum Krich nach ze spiere sinn, nach zum Deel gedréckt Verhältnesser an de Famillje bestinn, de wirtschaftlechen Opschwonk am Gaang ass an et de Leit lues a lues besser geet, erzielt de Film déi dagdeeglech Erliefnesser vum Robi, engem klenge Bouf am Minett.
Filmproduktioun
[änneren | Quelltext änneren]Den Europäesche Rot huet 1985 entscheet, datt d'Joer 1988 zum "Europäesche Joer vum Kino an der Televisioun" erkläert sollt ginn. Am Kader vun där Initiativ gouf zu Lëtzebuerg 1988 de "Concours national de scénarios de films de fiction" organiséiert, bei dem Emil Angel säin Dréibuch mam deemolegen Titel "Dem Uedem seng Frâ" den éischte Präis krut. Dofir gouf et e Präisgeld vun 250.000 Lëtzebuerger Frang. Donieft huet de Fonds culturel national eng finanziell Ënnerstëtzung an Héicht vun 1,5 Millioune Frang fir d'Produktioun vum Film accordéiert.[1]
De Film gouf tëscht Oktober 1990 a Juni 1991 gedréint.
Fir ze liesen
[änneren | Quelltext änneren]- Emil Angel: E Liewe laang. Eng Kandheetserënnerung. Zenario.; Éditions Le Phare, RTL - Hei Elei, éischt Oplo September 1992