Edy Lamberty

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Den Edy Lamberty, gebuer 1932 a gestuerwen 1963 a Bolivien, war e lëtzebuergesche Laiemissionär deen a Bolivien an der Entwécklungshëllef geschafft huet an och do bei engem Accident ëm d'Liewe komm ass.

Den Edy Lamberty, deen a Clausen opgewuess war an de Schräinerberuff geléiert hat, war Member vun der Jeunesse ouvrière catholique (JOC). Vum Jos Mischel, Redemptoristepater an Aumônier vun der JOC, huet hie vun der Missiounsaarbecht a Bolivien gehéiert. Et war awer de Bëschof Leonardo Fey (1910-1989) vu Potosí a Bolivien, deen och Redemptoristepater war, dee bei sengen Openthalten zu Lëtzebuerg beim Edy Lamberty d'Begeeschterung fir d'Missiouns- an Entwécklungsaarbecht ausgeléist huet.

Den 12. Februar 1959 gouf de Lamberty mat enger Mass an der Kapell vum Klouschter vun de Franziskanerinnen um Belair an der Stad Lëtzebuerg vum Bëschof Léon Lommel an d'Missioun a Bolivien entlooss. De Lamberty war deen éischte lëtzebuergesche Laiemissionnär.

A Bolivien huet den Edy Lamberty an der Uertschaft Covendo, ronn 500 km am Nordoste vun der Regierungsstad La Paz, an der Entwécklungshëllef geschafft. Zu Covendo, eng Uertschaft déi deemools nëmme mam Fliger z'erreeche war, hunn e puer Honnert Famillje vun de Mosetones-Indios, déi nach e groussen Deel vun hirer präkolumbianescher Kultur bäibehalen haten, gelieft.

Um JOC-Kongress vu 1959 zu Lima am Peru huet den Edy Lamberty vum Joseph Cardijn de Poste vum JOC-Nationalsekretär vu Bolivien ugeholl.

Zu Covendo a Bolivien huet hie vun do u mam Redemptoristepater Albert Maisant (1919-1962), dee vun Altforweiler am Saarland koum, enk zesumme geschafft. Zesummen hu si e grousse Projet fir déi jugendlech Urawunner vum Rio Beni an d'Wee geleet: et goufen eng Zillefabrik, Atelieren an Haiser gebaut an de Foussball gouf als Fräizäitsport agefouert. Et ass dem Edy Lamberty gelongen, d'Mosetones-Indios, déi soss ganz zréckhalent géintiwwer vun den Europäer waren, fir d'JOC-Aktivitéiten ze gewannen. Finanziell Hëllef bei senger Aarbecht krut de Lamberty aus Lëtzebuerg.

1961 huet de Pater Maisant an enger Rëtsch Paren zu Lëtzebuerg Virträg gehalen a fir finanziell Hëllef fir d'Projeten a Bolivien Reklamm gemaach.

Kuerz no senger Réckreess a Bolivien ass de Pater Maisant am Mee 1962 beim Bau vun engem Bur um Altiplano verongléckt.

1962 huet e grousst Feier en Deel vun de Gebaier vum Edy Lamberty zu Covendo zerstéiert.

1963 ass den Edy Lamberty bei engem Ausfluch op engem Flooss um Rio Beni verongléckt an ëm d'Liewe komm.

(Source fir den Text vum Artikel: Bodo Bost 2013).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

  • Paterekierch, d'Kierch vun de Redemptoristepateren an der Stad Lëtzebuerg

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bost, Bodo, 2013. Pionier des Laienapostolats. Nach nur vier Jahren kirchlicher Entwicklungsarbeit verunglückte vor 50 Jahren Edy Lamberty in Bolivien. Luxemburger Wort vum 20. Juli 2013, S. 22.
  • Schmit, Adolphe, 1965. Unter den Indianerjungen des Rio Beni (Bolivien): Edy Lamberty: 1932-1963: sein Leben, sein Wirken als Missionslaienhelfer und Entwicklungshelfer in Bolivien aus Briefen und Berichten. Erausgi vun der Jeunesse ouvrière catholique, Lëtzebuerg.