Eilen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Eilen
Eng Schleiereil
Eng Schleiereil
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Ënnerstamm: Wierbeldéieren
Klass: Vullen (Aves)
Uerdnung: Eilen (Strigiformes)
Wëssenschaftlechen Numm
Strigiformes
Wagler, 1830
Familljen

Tytonidae (Schleiereilen)
Strigidae (Eilen s. str.)

Kappskelett vun engem Uhu.

D'Eilen (wëssenschaftlech: Strigiformes) sinn eng Uerdnung an der Klass vun de Vigel (Aves). Weltwäit ginn et ronn 200 Aarte vun Eilen. Et fënnt ee s'op alle Kontinenter, ausser der Antarktis. Déi meescht Aarte sinn nuetsaktiv, woufir si eng Rëtsch Upassungen entwéckelt hunn.

D'Eile friesse virun allem kleng Mamendéieren, mä awer och aner kleng Wierbeldéieren, Wierm, Schleeken a grouss Insekten.

D'Eile ginn an zwou Familljen agedeelt: d'Famill vun de Schleiereilen (Tytonidae) an déi vun den Eilen a méi engem enke Sënn vum Wuert (Strigidae).

Eilen a Kauzen[änneren | Quelltext änneren]

Am Lëtzebuergesche sinn d'Begrëffer Eilen a Kauzen (och nach Käiz)[1] am Gebrauch, déi awer kenger wëssenschaftlecher Andeelung entspriechen. Eng Alternativ zu dësen Nimm ass wuel de Begrëff Échel, deen ëmmer manner gebraucht gëtt. Zu den Eile ginn d'Aarte gezielt, déi e laangezunnene Kierper hunn, wéi z. B. d'Tureil, während d'Kauzen e méi kuerzen a ronne Kierper hunn (z. B. de Steekauz.

Kierperbau[änneren | Quelltext änneren]

D'Eilen hunn e Kierperbau dee sech vun deem vun allen anere Vullen ënnerscheet. Déi meescht vun deenen Ënnerscheeder hu sech am Laf vun der Evolutioun als Upassungen un déi nuetsaktiv Liewensweis an un d'Juegd entwéckelt.

D'Eilen hunn opfälleg grouss Aen, déi no vir geriicht sinn an déi hinnen et erlaben, hir Ëmwelt a virun allem och hir Affer raimlech, also dräidimensional ze gesinn, wat hinnen erlaabt, d'Vitess an och d'Distanzen z'erkennen. D'Ae sinn onbeweeglech, wat doduerch kompenséiert gëtt, datt si hire Kapp bis zu 270° dréie kënnen, fir hiert Gesiichtsfeld z'erweideren. Zousätzlech zum ieweschten an ënneschten Aendeckel, gëtt et nach eng drëtt beweeglech Haut déi d'A schütze kann, déi sougenannten Nickhaut.

Während bei deenen anere Vigel d'Ouerëffnungen an der Regel ronn sinn, hunn d'Eile schlitzförmeg Ëffnungen, déi bal sou lang si wéi de Kapp héich ass. Déi riets Ëffnung läit e bësse méi héich wéi déi op der lénkser Säit. Beweeglech Ouerläppercher virun an hannert den Ouerëffnungen droe kuerz an haart Fiederen. De Schädel vun den Eilen ass, am Vergläich zu deem vun anere Vigel, däitlech méi breet, wouduerch säitleche Schall e Brochdeel vun enger Sekonn éischter op dat eent Ouer ukënnt. All dës anatomesch Kennzeechen erlaben et den Eile Geräischer am Raum ze lokaliséieren an d'Distanzen anzeschätzen. Vill Eilen hunn en opfällege Gesiichtsschleier, deen de Schall a Richtung Oueren dirigéiert. D'Eile si besonnesch ëmpfindlech fir Geräischer mat enger héijer Frequenz, wéi déi vun de Mais z. B. Geräischer mat enger déiwer Frequenz héiere se däitlech manner gutt.

De kammfërmege Rand vun enger Eilefieder verhënnert datt Geräischer beim Fléien entstinn. De Flom uewen op der Fieder huet déiselwecht Funktioun.

Am Verhältnes zum Kierpergewiicht hunn d'Eile Flilléke mat enger grousser Fluchfläch, wat d'Fluchgeräischer reduzéiert. Dozou dréit och d'Struktur vun de Fluchfiedere bäi (cf. d'Bild riets).

Verbreedung[änneren | Quelltext änneren]

Eile gëtt et, ausser an der Antarktis, op alle Kontinenter. Et fënnt ee se sou gutt wéi an alle Liewensraim, vun de Bëscher bis an d'Savannen, d'Fiichtgebidder an d'Tundra. Déi meescht Aarte liewen an den tropeschen a subtropesche Géigende vu Südamerika a vun Asien.

Eilen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gëtt et sechs Eilenaarten déi d'ganzt Joer am Land liewen an och do bréien: d'Tureil (de: Schleiereule), d'Huereil (de: Waldohreule), den Uhu (de: Uhu), de Bëschkauz oder Baméchel (de: Waldkauz) an de Steekauz (de: Steinkauz). Donieft gëtt et nach 5 Eilenaarten déi sech nëmmen um Duerchzuch zu Lëtzebuerg ophalen.[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • P. Lorgé & E. Melchior, 2010. Vögel Luxemburgs. Erausgi vun der Lëtzebuerger Natur-a Vulleschutzliga. Saint-Paul, Lëtzebuerg, 264 S. ISBN 978-2-919920-01-3

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eilen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Cf. Lëtzebuerger Online Dictionnaire
  2. P. Lorgé & E. Melchior, 2010.