Fortific(a)tions
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Sprooch | Lëtzebuergesch, Franséisch, Englesch |
Erauskomm | 2020 |
Auteur | Lucien Czuga, John Rech, Jean-Louis Schlesser |
Zeechnungen | Marc Angel, Andy Genen, Antoine Grimée, Sabrina Kaufmann, Pascale Velleine, Marion Dengler |
Editeur | D'Frënn vun der 9. Konscht |
ISBN | 978-2-9199659-0-8, 978-2-9199659-1-5, 978-2-9199659-2-2 |
Fortific(a)tions, mam Ënnertitel Sechs Geschichten iwwer eng Stad ewéi keng aner, ass eng lëtzebuergesch Graphic Novel déi 2020 erauskoum.
De Comic ass am Kader vum 25. Anniversaire vum Lëtzebuerger UNESCO-Weltierwen vun de Frënn vun der 9. Konscht editéiert ginn. De Grupp, dee fir den alljärleche Comicsfestival zu Conter verantwortlech ass, wollt mam Album d'Visibilitéit an d'Unerkennung vun der Comicskonscht zu Lëtzebuerg verbesseren.
D'Anthologie ass an dräi Sproochen (Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch) ze kréien.
Ëm wat geet et?
[änneren | Quelltext änneren]Den Album besteet aus sechs Geschichten déi all en aneren Aspekt an all an enger anerer Zäit, d'Liewen an der Stad Lëtzebuerg beschreiwen. Als roude Fuedem fir dat Ganzt zielt dem Joseph Funck (1902–1978) seng Erzielung Kleines Schicksal.
Geschichten
[änneren | Quelltext änneren]- „Jacko, de Knollereefer“ (Jean-Louis Schlesser an Antoine Grimée): eng Geschicht am Gronn uganks vum 20. Joerhonnert, wou de Jacko seng Suen domat verdéngt, datt hien d'Hondskniddelen oprafe geet;
- „D'Geheimnis vun de verschwonnene Statuen“ (Pascale Velleine a Lucien Czuga): satiresch Geschicht an där d'Statuen an der Stad eng no der anerer verschwannen…
- „Ee Verspriechen“ (Marc Angel): eng däischter Geschicht am fréien 18. Joerhonnert iwwer en arroganten Adelegen deen, nodeem en e Verbrieche begaangen huet, der Meenung ass, e stéing iwwer dem Gesetz;
- „D'Phantom vun der Festung“ (Marc Angel an Andy Genen): Kombinatioun vun historeschem Kontext mat Fiktioun an der Zäit vun der belscher Revolutioun;
- „Visitt am Palais“ (Sabrina Kaufmann a John Rech): Bäitrag am Manga-Stil iwwer Schlësselmomenter vun der lëtzebuergescher Geschicht, duerch d'Ae vum Charel d'Yve, enger historescher Figur, déi duerch e Fluch an engem Bild gefaangen ass;
- „Nachtblüher“ (Marion Dengler): eng emotional Libesgeschicht aus der Transgender-Perspektiv, inspiréiert vum Dicks senger Mumm Séiss an der Melusina an der Zäit vun der Bundesfestung.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Barbara Höhfeld, in: Kulturissimo, Nr 194 (Januar 2021), S. 22
- Marc Barthelemy, in: De Fuuss, Nr 3 (2021), S. 79, ill.
- Jessica Burton, in: Hémecht : Zeitschrift für Luxemburger Geschichte, Jg. 74 (2022), H. 2, S. 248-250
- Rezensioun op Englesch (digitaliséiert vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik)
- Joseph Funck: Kleines Schicksal. Erzählung von Joseph Funck - mit 15 Federzeichnungen von Raymon Mehlen; 155 S. Imprimerie P. Linden, Luxembourg, 1939.