Foulschter Theaterkäpp
Ausgesinn
Dësen Artikel zu engem Veräin oder enger Organisatioun ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Foulschter Theaterkäpp ass eng Theatergrupp zu Folscht, déi am Dezember 1996 gegrënnt gouf.
Vun 1998 bis 2019 an dunn erëm no der Covid19-Pandemie vun 2023 u goufen, all Kéier am Januar oder am Februar, déi heiten Theaterstécker gespillt:
- 1998: 50 Kilo wäiss Farw vum Josy Christen
- 1999: Schufti Mufti vum Étienne Clement
- 2000: Tuttelabuttëck vum Josy Christen
- 2001: Dräi schwaarz Schof
- 2002: Säitesprong
- 2003: Steeräich vum Étienne Clement
- 2004: Eng Tréin am Knäpplach vum Fons Kontz (1984)
- 2005: Keng Plaz vir sou eng Tricken
- 2006: A wat elo?
- 2007: Alles op Krankeschäin Ray Cooney
- 2008: Puren Zoufall
- 2009: Chaos am Grand-Hotel vum Michael Parker
- 2010: Kaviar an Lënsen [sic] vum Renzo Tarabussi
- 2011: Eng Ligen an e Lauter vum Alfonso Paso, iwwersat vum Marc Herman
- 2012: Wien ass scho gär een Topert? vum John Chapman a Peter Vincent, iwwersat vum Marc Herman
- 2013: Ee fir alles vum Ray Cooney an Tony Hilton, iwwersat vum Marc Herman
- 2014: Wann dat alt riicht räisst! vum Ray Cooney, iwwersat vum Marc Herman
- 2015: Déi louder Bandscheiwen vum John Graham, iwwersat vum Remy Glod
- 2016: Fänk mech...! vum Ray Cooney an John Chapman, iwwersat vum Marc Herman
- 2017: Pëtz een Aan zou vum John Chapman an Anthony Marriot, iwwersat vum Marc Herman
- 2018: Eng fantastisch Vakanz vum Michael Pertwee an John Chapman, iwwersat vum Marc Herman
- 2019: Otello gesicht! vum Ken Ludwig, iwwersat vum Marc Herman (Original: Lend Me A Tenor)
- 2023: De falschen Mexikaner, iwwersat vum Marc Herman
Am Kader vu Lëtzebuerg a Groussregioun europäesch Kulturhaaptstad 2007 gouf de Fräiliichtspektakel De Schiefer-Poopst vun Uewermaartel vum Jean Nehrenhausen an de Schiefergrouwe vun Uewermaartel opgefouert. Bei deem Spektakel, deen den 23. Juni 2007, 24. Juni 2007, 28. Juni 2007 an 29. Juni 2007) opgefouert gouf, waren och Membere vun de Foulschter Theaterkäpp dobäi.