François Benoy

Vu Wikipedia
Versioun vum 15:23, 5. Nov. 2019 vum DéiGréng83 (Diskussioun | Kontributiounen) (Ergänzung + Aktualiséierung).
François Benoy
Gebuer 7. Februar 1985
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vu Lausanne
Aktivitéit Politolog, Politiker
Partei déi gréng


De François Benoy, gebuer den 7. Februar 1985 an der Stad[1], ass e lëtzebuergesche Politiker a Politolog.

Formatioun & Carrière

De François Benoy huet vun 2004 bis 2009 Politikwëssenschaften a Soziologie op den Universitéite vun Heidelberg a Lausanne studéiert an huet säi Studium mat engem Magister Artium ofgeschloss.

Tëscht 2005 an 2011 huet hien niewen- an duerno haaptberufflech als Journaliste-présentateur an der Noriichteredaktioun vun RTL geschafft. Tëscht 2011 an 2018 huet hien als Coordinateur bei Natur&ëmwelt geschafft.

Politesch Mandater

De François Benoy ass zanter dem 9. Dezember 2013 fir déi gréng am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg.

Vun 2013 bis 2017 war hie President vun der Urbanismuskommissioun an der Stad a vun 2012 bis 2018 och Co-President vun déi gréng Stad Lëtzebuerg. Vun 2013 bis 2017 war hie Member vum Comité exécutif vun déi gréng.

Hien ass Member an der Urbanismus- an an der Ëmweltkommissioun vun der Stad an zanter 2014 am Comité vum Drénkwaassersyndikat SEBES.[2]

Hie war 2013 fir d'éischt Kandidat bei de Chamberwalen, ouni datt hien an d'Chamber gewielt gouf. Dat éischt Chambermandat krut hie bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018.

Privatliewen

De François Benoy ass bestuet a Papp vun zwee Kanner. Hie wunnt zu Bouneweg.

Um Spaweck

Referenzen an Notten

  • Quell, wou net anescht uginn: Websäit vum François Benoy, gekuckt de 16. Oktober 2018
  1. Portrait vum François Benoy op der Websäit vun der Gemeng Lëtzebuerg, gekuckt de 16. Oktober 2018
  2. François Benoy | Ville de Luxembourg. www.vdl.lu. Gekuckt de(n) 2019-11-05.