Généralité

Vu Wikipedia
Kaart vun de Provënzen a Généralités a Frankräich 1774.

D'Généralités waren administrativ Circonscriptiounen a Frankräich am Ancien Régime. Si goufe 1542 mam Edikt vu Cognac an d'Liewe geruff. Am Ganze gouf et 36 Généralités, déi lescht goufe 1784 geschaf.

Ënner de ville Circonscriptiounen, déi d'Kinneke geschaf hunn, sinn d'Généralités relativ spéit opgetrueden ; ufanks aus renge Steiergrënn an d'Liewe geruff, krute si eng ëmmer méi grouss Roll fir dann am 18. Joerhonnert de Kader vun der kinneklecher Administratioun ze sinn.

D'Généralités koumen e puer Joerhonnert no den eklesiasteschen Diözesen, de Seigneuries an zwee oder dräi Joerhonnert no de Bailliagen a Sénéchausséen, an hu sech progressiv behaapt andeems si dem Kinnekräich - mat der Ausnam vun de Paren - eng richteg administrativ Unitéit ginn hunn. All déi aner Circonscriptioune ware komplex, net kloer determinéiert a vu Regioun zu Regioun verschidden, ouni datt sech eng rationell Entwécklung bemierkbar gemaach hätt. Den Numm Généralité kënnt vun de « Généraux des finances », déi d'Generalstänn ënner der Regentschaft vum Jean dem Gudden am 14. Joerhonnert kreéiert haten.

D'Généralités, déi ënner der Autoritéit vun engem « Receveur général » stoungen, waren de Kader vun der Steiererhieweung: Domaine, Taille, Aides a Gabelle[1].

Um Enn vum 15. Joerhonnert war de gréissten Deel vum Domaine royal aus steierlecher Siicht op véier Chargen opgedeelt. Zu all Charge huet en Trésorier de France fir d'Finances ordinaires an e Général des finances fir d'Finances extraordinaires gezielt. Well dës Personnagen um Haff gewunnt hunn, huet an der Provënz e Receveur général missen ernannt ginn.

An dësem Stadium goufen d'Provënzen, déi eréischt kuerz virdrun u Frankräich gefall waren (Bretagne, Bourgogne, Dauphiné, Guyenne, Picardie, Provence) net an d'Struktur mat abezunn, och wa si e Receveur général an en Ordonnateur kruten.

Am 15. Joerhonnert goufe véier Généralités an d'Liewe geruff. Dëst sinn no Schätzungen:

Vun dësem Kader aus goufe 16 Recettes générales oder Généralités duerch en Edikt vum 7. Dezember 1542 ënner dem François Ier kreéiert.

En Edikt vum Januar 1552 huet déi sougenannt Trésoriers généraux an de mëttlerweis 17 Généralités etabléiert. Hiren offiziellen Titel war « Trésoriers de France et généraux des finances » a si hunn an de Provënze misse wunnen. An de Joerzéngten drop goufen ëmmer méi Charge geschaf, déi 1577 an engem Bureau des finances fir all Généralité zesummegeschloss goufen ; all Büro hat zwee Presidenten, aacht Offizéier a verschidden Agenten. Am 17. an 18. Joerhonnert waren d'Wierder Généralité an Intendance am alldeegleche Sproochgebrauch Synonymmer.

Am 18. Joerhonnert sinn d'Tresoriersen am Status gefall, an hir Prerogative goufen ëmmer méi vun den Intendants iwwerholl. Sou hu si vun de Generalstänn vu 1789 erwaart, hir ursprénglech Funktioun nees zeréckzekréien.

D'Généralités-Intendances[änneren | Quelltext änneren]

D'Généralités a Frankräich am Joer 1789.
D'Généralités a Frankräich am Joer 1789.
Généralité Kreatioun Provënzen
1 -Généralité vu Bordeaux, (Agen) (1542) Guyenne
2 -Généralité vun der Provence, oder vun Aix-en-Provence (1542) Provence
3 -Généralité vun Amiens (1542) Picardie
4 -Généralité vu Bourges (1542) Berry
5 -Généralité vu Caen (1542) Normandie
6 -Généralité vu Châlons (1542) Champagne
7 -Généralité vun der Bourgogne, Dijon (1542) Bourgogne
8 -Généralité vu Grenobel (1542) Dauphiné
9 -Issoire duerno Généralité vu Riom (1542) Auvergne
10 -Généralité vu Lyon (1542) Lyonnais, Beaujolais et Forez
11 -Généralité vu Montpellier * (1542) Languedoc
12 -Généralité vu Paräis (1542) Île-de-France
13 -Généralité vu Poitiers (1542) Poitou
14 -Généralité vu Rouen (1542) Normandie
15 -Généralité vun Toulouse * (1542) Languedoc
16 -Généralité vun Tours (1542) Touraine, Maine an Anjou
17 -Généralité vu Metz (1552) Trois-Évêchés
18 -Nantes Intendance (1689) duerno Rennes (1552) Bretagne
19 -Généralité vu Limoges (1558) Limousin, Marche an Angoumois
20 -Généralité vun Orléans (1558) Orléanais a Petit Perche
21 -Généralité vu Moulins (1587) Bourbonnais
22 -Généralité vu Soissons (1595) Picardie
23 -Généralité vu Montauban (1635) Gascogne
24 -Généralité vun Alençon (1636) Normandie a Grand Perche
25 -Généralité vu Perpignan (1660) Roussillon
26 -Généralité vu Besançon (1676) Franche-Comté
27 -Généralité vu Valenciennes (1678) Hainaut
28 -Généralité vu Stroossbuerg (1689) Elsass
29 -Intendance vun der Bretagne (1689) Rennes
30 -Généralité vu Lille (1691) Flandern
31 -Généralité vu La Rochelle, La Rochelle (1694) Aunis a Saintonge
32 -Généralité vun Nanzeg (1737) Loutrengen
33 -Trévoux (1762) Dombes
34 -Généralité vu Korsika, oder Bastia (1768) Korsika
35 -Généralité vun Auch (1776) Gascogne
36 -Bayonne (1784) Labourd
37 -Pau (1784) Béarn a Soule

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Edikt vu 1542.