Gepard

Vu Wikipedia
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Gepard
E Gepard

E Gepard
E Gepard
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Uerdnung: Raubdéieren
Famill: Kazen
Ënnerfamill: Klengkazen
Gattung: Acinonyx
Aart: Gepard
Wëssenschaftlechen Numm
Acinonyx jubatus
Schreb, 1775

De Gepard (Acinonyx jubatus) ass eng Aart aus der Famill vun de Kazen (Felidae).

Kierperbau[änneren | Quelltext änneren]

E Gepard huet laang schlank Been an ee ganz op héich Vitess spezialiséierte Kierperbau. Iwwer kuerz Strecke kann e Gepard bis zu 100 Stonnekilometer séier lafen. D'Féiss hunn haart Suele mat schaarfe Ränner a stompege Krallen, déi net kënnen zeréckgezu ginn. Am Géigesaz zum Kierper ass de Kapp kleng, mat ronne klengen Aen déi zimmlech héich stinn. D'Ouere si kleng a ronn an d'Nues ass sou ausgeriicht datt si ganz séier ganz vill Sauerstoff ophuele kann.

De Pelz ass routgielzeg mat onreegelméissege Flecken. E schwaarze Stréch leeft vum banneschten Aewénkel bis zur Schnëss. D'Längt vum Kapprumpf ass bei de männlechen Déieren 1,30 m, d'Längt vum Schwanz ongeféier 80 cm an d'Gewiicht ronn 60 kg. Déi weiblech Déiere sinn ëm e Véierel méi kleng.

Liewensraum[änneren | Quelltext änneren]

De Gepard lieft an Afrika vun Algerien a Marokko bis Transvaal am Süden an an Egypten, Ethiopien a vir an Asien.

Liewensweis[änneren | Quelltext änneren]

De Gepard ass en typesche Jeeër. E geet eleng oder zu zwéin op d'Juegd. Haaptsächlech huet en et op Gazellen ofgesinn. E schläicht sech un an nodeem en eng gëeegent Beut fonnt huet leeft e wéi de Blëtz op se zou, geheit se mat de Patten ëm a bäisst hir den Hals duerch. Duerno bäisst en de Bauch op, frësst fir d'éischt Häerz an d'Niren a säift dann d'Blutt. Duerno kënnt d'Kappfleesch un d'Rei an zum Schluss de Rescht vum Kierperfleesch.

E Gepard frësst nëmme frëscht Fleesch.

Fortplanzung[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Acinonyx jubatus – Biller, Videoen oder Audiodateien