Gro Gaardewanz

Vu Wikipedia
Gro Gaardewanz
Gro Gaardewanz (Rhaphigaster nebulosa)

Gro Gaardewanz (Rhaphigaster nebulosa)
Gro Gaardewanz (Rhaphigaster nebulosa)
Aner Sproochen: DE: Graue Gartenwanze
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Arthropoden
Klass: Hexapoda
Uerdnung: Hemiptera
Ënneruerdnung: Heteroptera
Famill: Bamwanzen (Pentatomidae)
Gattung: Rhaphigaster
Wëssenschaftlechen Numm
Rhaphigaster nebulosa
Poda, 1761

D'Gro Gaardewanz (Rhaphigaster nebulosa Poda, 1761) ass eng Wanz aus der Famill vun de Bamwanzen (Pentatomidae).

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Gro Gaardewanz erreecht eng Längt vu 14 bis 16 Millimeter. Si ass dreckeg gro-giel bis brong gefierft an huet onregelméisseg verdeelt punktfërmeg Dellen op der ieweschter Säit vum Kierper. D'Membran vun de viischte Flilleken huet dacks donkelbrong Flecken. De Bord vum Hannerleif (Connexivum) ass schwaarz a giel gemustert. D'Antenne si schwaarz a giel geréngelt, woubäi dat drëtt a fënneft Antenneglidd hellgiel ass. Op der Ënnersäit tëscht den Hëften ass e laangen Dar, deen um Kierper uläit. D'Gro Gaardewanz huet e Stiechrüssel (Proboscis).

Liewensweis[änneren | Quelltext änneren]

D'Gro Gaardewanz lieft phytophag op verschiddene Lafbeem. Heiansdo saugt se och un doudegen Insekten. Am spéide Fréijoer leeën d'Weibercher ëm déi 40 Eeër a Sträifen oder Scheiwen op Planzen. Hir Larve si variabel gefierft an hu keng Flilleken (déi si réischt vum drëtten Nymphstadium un ze gesinn). Fir hir Feinden ofzewieren, hunn d'Larve Sténkdrüsen um Réck; bei erwuessene Wanze sinn déi op der Ënnersäit vun der Broscht ze fannen. Bei Gefor gëtt e staark sténkege Sekreet ofginn. D'Gro Gaardewanz flitt net ganz gutt, mä schwéierfälleg mat haarde Brummgeräischer.

D'Gro Gaardewanz ass am Dag aktiv an huet et gär waarm. Wéi all Bamwanz mécht si nëmmen eng Generatioun pro Joer. Si iwwerwantert gär op Maueren, déi mat Wantergréng bedeckt sinn. Bei der Sich no enger passender Wanterstopp veriert si sech och an Haiser. Erwuesse Gaardewanze si scho ganz fréi am Joer op den éischte waarmen Deeg aktiv.

Verbreedung[änneren | Quelltext änneren]

D'Gro Gaardewanz ass palearktesch verbreet. A Mëtteleuropa ass d'Aart méi heefeg am Süde wéi am Norden a si ass do déi eenzeg Aart aus der Gattung Rhaphigaster.

Ëm d'Joer 2000 huet d'Aart ugefaange sech a Mëtteleuropa a Richtung Norden auszebreeden.[1]

D'Gro Gaardewanz zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

De Victor Ferrant (1856-1942) huet 1917 zu Ettelbréck déi éischt dokumentéiert Observatioune vun der Groer Gaardewanz zu Lëtzebuerg gemaach (5 Exemplaire sinn an de Kollektioune vum Naturmusée erhalen). Kuerz drop gouf se vum August Reichensperger (1878-1962) am Éislek fonnt.[2] Deen nächste Beleeg staamt vum Léopold Reichling (1921-2009) aus dem Joer 1993, op der Réimecher Esplanade. D'Aart gouf am 20. Joerhonnert als rar betruecht, a si war bekannt fir gréisser Schwankungen an hirer Populatioun.[3]

Zënter den 1990er Joren heefe sech d'Observatioune vun der Aart zu Lëtzebuerg: um Dateportal vum Naturmusée stinn 197 Observatiounen am Zäitraum 1993-08-26 bis 2020-12-23.[4]

Zënter den 2010er Jore fält d'Aart besonnesch am Hierscht op, wa si en Masse versicht an Haiser anzedrénge fir z'iwwerwanteren, dacks zesumme mat dem gebittsfriemen invasiven Asiateschen Himmelsdéierchen (Harmonia axyridis). Iwwer Wanter bleift si da relativ diskreet a mécht sech am Fréijoer réischt bemierkbar, wann et dobausse méi waarm gëtt a si aus den Haiser nees eraus wëll.

Eng interessant teratologesch Observatioun konnt 2007 zu Rouspert vun engem Individuum mat enger verkëmmerter lénkser Antenn gemaach ginn, un där dat virlescht Glidd gefeelt huet.[5]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • MNHNL, iNaturalist & GBIF, 2019. Rhaphigaster nebulosa in MNHNL-mdata, online portal combining species observation from Recorder-Lux, iNaturalist and GBIF. National Museum of Natural History, Luxembourg. URL: https://mdata.mnhn.lu [Accessed 2021-01-27]
  • Reichensperger, A., 1922. Rheinlands Hemiptera heteroptera I. Verh. nat.-hist. Ver. preuss. Rhld. u Westf. 77 (1920): 35-77. (PDF)
  • Reichling, L., 1994. Notes hétéroptérologiques II. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 95: 253-272. (PDF 1091 KB)
  • Reichling, L., 1998. Notes hétéroptérologiques IV. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 99: 149-152. [PDF 67KB]
  • Schneider, N. & Christian S., 2013. Découverte de Corythucha ciliata (Say, 1832) et de Derephysia sinuatocollis Puton, 1879 au Luxembourg et autres observations dignes d'intérêt (Insecta, Hemiptera, Heteroptera). Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 114: 105-109. (PDF)
  • Werner, D.J., 2003. Die Verbreitung der Grauen Gartenwanze Rhaphigaster nebulosa (Heteroptera, Pentatomidae) in Deutschland. Heteropteron (Mitteilungsblatt der Arbeitsgruppe Mitteleuropäischer Heteropterologen) 16: 5-20.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gro Gaardewanz (Rhaphigaster nebulosa) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Z. B. an Däitschland: Werner 2003 an der Literatur.
  2. Cf. Reichensperger 1922: 45 an der Literatur.
  3. Quell: Reichling 1994 an der Literatur.
  4. Quell: MNHNL, iNaturalist & GBIF 2019 an der Literatur.
  5. Cf. Schneider & Christian 2013: 107, 108 an der Literatur.