Hiwwelpark

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Hiwwelpark
Am Hiwwelpark
Lokalisatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Gaasperech
Koordinaten 49°35'0,06"N, 6°7'58,26"O
Ugeluecht 2001
Bauhär Administration des ponts et chaussées
Fläch 5,76 ha

Den Hiwwelpark ass en ëffentleche Park zu Gaasperech an der Stad Lëtzebuerg.

De Park mat zwéi Weieren huet eng Fläch vun ongeféier 5,76 ha a gouf an de Joren 2000/2001 vun der Bauverwaltung am Kader vum Bau vum Tunnel Rangwee ugeluecht[1]. E läit no bei der Grenz mat der Gemeng Hesper, tëscht dem Tunnel Rangwee am Norden, der A3 am Westen a Süden an der Eisebunnslinn Lëtzebuerg-Beetebuerg am Osten.

An de Park kënnt een entweeder vun der Houwalder Säit aus duerch den Tunnel Rangwee oder vu Gaasperech aus iwwert e Wee deen an der Rue de la Francophonie fort geet an dann hannert dem Gebai vum CNIS erduerch bei eng metalle Bréck iwwert d'A3 féiert.

Zanter datt am Süden an Oste vum Park d'Aarbechten am Gaang si fir d'Tramsstreck, d'Bréck iwwert d'Gare Houwald an d'Y-Bréck ze bauen, ass de Park net méi accessibel.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hiwwelpark – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Ministère des travaux publics, Rapport d'activité 2001, S. 30 op gouvernement.lu, gekuckt de 25. Mäerz 2020