Hubert Berg
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Hubert Berg | |
---|---|
Gebuer |
19. Oktober 1825 Weimeschkierch |
Gestuerwen |
29. Juli 1903 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler, Zeecheprofesser |
Member vun | Willibrordus-Bauveräin, Section historique vum Institut grand-ducal |
Den Hubert Berg, gebuer den 19. Oktober 1825[1],[2] zu Weimeschkierch an der fréierer Gemeng Eech, a gestuerwen den 29. Juli 1903[1] an der Stad, war e lëtzebuergesche Moler an Zeecheprofesser.
Säi Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Den Hubert Berg huet säi Secondaire am Stater Kolléisch ugefaangen an no der Ve opgehalen. Hien huet seng Grondkenntnesser iwwer d'Zeechne beim Jean-Baptiste Fresez geléiert.
Ouni op d'Universitéit gaangen ze sinn, krut hien 1846, am Alter vun 21 Joer, eng Nominatioun als Maître de dessin an der École moyenne et industrielle zu Iechternach. 1856 gouf hien Zeecheprofesser an der selwechter Schoul. Weider Nominatioune waren: Professeur de 2e classe zu Iechternach (1874) an an der Stad (1879) an duerno Professeur de 1re classe (1889).
Tëscht 1856 an 1868 war hien och nach Chargé de cours an der École agricole de l'État, wou hien eng ganz Rëtsch verschidde Fächer (Zeechnen, Kalligraphie, Mathematik, Däitsch, asw.) enseignéiert huet.
Als Passionéierte vun der Architektur gouf den Hubert Berg 1857 als Member an der deemoleger Société pour la recherche et la conservation des monuments historiques opgeholl an huet vun do un Zeechnunge vun den Iechternacher Antiquitéite gemaacht, dacks zesumme mat den Historiker Jean-Pierre Brimmeyr a Jean Engling.
Säi gréisste kënschtleresche Succès war, datt seng Zeechnung vum Chouer vun der Iechternacher Basilika deen zesummegefall war, den 12. Januar 1861 an der bekannter franséischer Wochenzeitung L'Illustration publizéiert gouf.
1862 gouf de Berg Member vum Willibrordus-Bauveräin, deem säin Zil et war, Suen ze sammele fir d'Iechternacher Basilika, déi deemools just nach eng Ruin war, nees opzeriichten.
Den Hubert Berg ass 1897 an d'Pensioun gaangen an den 29. Juli 1903 gestuerwen. Hien ass um Kierfecht vun Iechternach begruewen.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]Zeechnungen
[änneren | Quelltext änneren]- Véiergëtterstee vu Bäerdref
- Diana-Denkmal vu Bollenduerf
- Dënzelt, virun der Renovatioun
- Iwwerreschter vun der Réimescher Villa vun Iechternach
Schrëftstécker
[änneren | Quelltext änneren]- 1863: Manuel pour l'enseignement du dessin professionnel, Édition V. Buck
- 1869: Entwurf und Anleitung zu einer landwirtschaftlichen Buchgeführung nach der doppelten Art ohne Journal, Édition V. Buck
- 1880: Guide du touriste dans les environs d'Echternach, au Müllerthal, à l'Eszbach, etc., Édition V. Buck
- 1884: Carte des environs d'Echternach: itinéraire des excursions: Müllerthal, Hallerbach, Eszbach, Leiwerdelt, Schankweiler, Prüm zur Lay, Girsterklause, etc., Édition V. Buck
Ausstellungen
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- APEA, 1987, Regard sur deux siècles de création et d'éducation artistiques au Luxembourg, Association des Professeurs d'Education artistique de l'Enseignement secondaire et supérieur (APEA), Impr. St-Paul, Luxembourg, 332 S. (Hubert Berg: S. 86-87)
- Hubert Berg (1825-1903): Pionnier de l'enseignement du dessin, Tirage-à-part aus: Regard sur deux siècles de création et d'éducation artistiques au Luxembourg, 1988, S. 49-70
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Hubert Berg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 APEA, 1987, Regard sur deux siècles de création et d'éducation artistiques au Luxembourg, Association des Professeurs d'Éducation artistique de l'Enseignement secondaire et supérieur (APEA), Impr. St-Paul, Luxembourg, 332 S. (Hubert Berg: S. 86-87).
- ↑ An enger Notiz ënnert “Lokal-Neuigkeiten” am Luxemburger Wort vum 31. Juli 1903, S. 3, gëtt de Gebuertsdatum iertemlecherweis mam 15. Oktober uginn.