Europäeschen Heckefräsch

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Hyla arborea)
Europäeschen Heckefräsch
Den Europäeschen Heckefräsch

Den Europäeschen Heckefräsch
Den Europäeschen Heckefräsch
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Amphibien (oder Lurchen)
Uerdnung: Fräschelurchen (Anura)
Famill: Heckefräschen a.b.S (Hylidae)
Gattung: Heckefräschen (Hyla)
Wëssenschaftlechen Numm
Hyla arborea
Linnaeus, 1758
En Heckefräsch op engem Christusstaf (Typha sp.).

Den Europäeschen Heckefräsch (Hyla arborea), meeschtens einfach Heckefräsch genannt, ass e Fräsch aus der Famill vun den Heckefräschen am breede Sënn (Hylidae).

D'Heckefräschen heesche sou well se sech meeschtens op de Blieder an an den Äscht vun Hecken an aneren Traisch ronderëm hiert Gewässer ophalen.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

De Kierper, ouni d'Patten, ass 3 bis 4,5 cm laang, bei de Weibercher bis zu 5 cm. D'Ae stinn däitlech aus dem Kapp eraus, d'Pupillen hunn eng horizontal-elliptesch Form. D'Iris ass goldgiel. Am Däischteren dilatéiere sech d'Pupille sou wäit, datt se de siichtbaren Deel vum A bal ganz fëllen. D'Trommelfell ass däitlech ze gesinn. Déi viischt Bee sinn opfälleg kuerz an d'Patten hu jee véier Fangeren. Déi hënnescht Patten hu jee fënnef Zéiwen. D'Fangeren an d'Zéiwen hunn Haftscheiwen. De viischten Deel vum Männche sengem Hals ass giel bis gielbrong gefierft an d'Haut huet, do wou d'Schallblos ass, opfälleg Falen; beim Weibchen ass déi Haut wäiss bis hellgro, ouni Falen, gesäit awer liicht käreg aus. Dës Kennzeechen erlaben et déi zwee Geschlechter liicht z'ënnerscheeden.

D'Haut um Réck vum Heckefräsch ass glat a meeschtens gréng gefierft. Um Bauch ass d'Haut wäiss bis hellgro a liicht käreg. Op béid Säite vum Kierper zitt sech eng däischter Sträif vun den Nueslächer iwwer d'Trommelfell bis op déi hënnescht Hëft.

D'Heckefräsche kënne relativ séier hir Kierperfaarf änneren, vun hell- bis däischtergréng a vun hellgro bis gielgréng, jee nodeem wou se sech ophalen.

Verbreedung[änneren | Quelltext änneren]

Den Europäeschen Heckefräsch ass mat e puer Ënneraarten iwwer ganz Mëttel- a Südeuropa vu Portugal a Spuenien am Westen a Südschweden am Norden, bis a Griicheland an och d'Tierkei verbreet. Am Oste geet d'Verbreedungsgebitt bis a Russland, do ongeféier bis zum Floss Don. An der Schwäiz war d'Aart fréier heefeg ze fannen, ass awer haut do ausgestuerwen. Am Süde vu Portugal, Spuenien a Frankräich sinn d'Heckefräschen duerch eng aner Aart, de Mëttelmier-Heckefräsch (Hyla meridionalis) vertrueden. An Italie lieft eng separat, no verwandt Aart, den Italieeneschen Heckefräsch (Hyla intermedia).

Kloteren[änneren | Quelltext änneren]

D'Heckefräsche klotere flénk an der Vegetatioun erëm. Dat ass méiglech well se un den Extremitéite vun hire Fangeren an Zéiwen opfälleg Haftballen hunn. Beim Kloteren op glater Uewerfläch presse se hir Haftscheiwen op d'Ënnerlag a fixéiere se andeems se se liicht no hannen zéien. Dobäi scheeden d'Ballen eng Hautflëssegkeet aus, déi d'Festhalen erliichtert an duerno als Foussspuer op der Ënnerlag ze gesinn ass. Mat Liichtegkeet kënnen d'Heckefräsche sou och op spigelglate Flächen eropklammen.

Reproduktioun[änneren | Quelltext änneren]

Ruffen a Balz[änneren | Quelltext änneren]

E Männche beim Ruffe mat opgeblosener Schallblos.
Concert vun de Männercher vum Europäeschen Heckefräsch

Soubal am Fréijoer d'Temperaturen nuets op wéinstens 12-14 °C klammen, fänken d'Männercher un ze ruffen. Hir Concerten dauere meeschtens vu Sonnenënnergank bis Mëtternuecht. Véier- bis sechsmol an der Sekonn widderhuele se hire charakteristesche Ruff - geck... geck... geck - dee bis op eng Distanz vun e puer Kilometer ze héieren ass. Hir Schallblos wierkt dobäi wéi e Resonanzverstäerker. Mat hirem Ruffe lackelen d'Männercher d'Weibercher un, déi aus hire Wanterquartéiere bei d'Läichgewässer zéien. Sou bal e Weibchen engem Männche méi no kënnt, klëmmt deen op säi Réck a gräift et hanner de viischte Patten. Am Moment wou d'Weibchen d'Eeër ausstéisst - bis dohi kënnen e puer Stonnen oder och Deeg vergoen -, stéisst de Männche seng Somflësseggkeet aus an d'Eezelle gi befrucht.

Läich[änneren | Quelltext änneren]

D'Eeër gi meeschtens vun Abrëll bis Mee ofgeluecht, dat a Form vu Kludderen, wouvu jiddwereng am Waasser bis zur Déckt vun enger Noss opquëllt. Eng Eeërkludder besteet meeschtens aus 30 bis 80, seele bis zu 100 Eeër. D'Eeër ginn, op Plaze wou d'Waasser net déif ass, un d'Planze gepecht. E Weibche ka bis zu e puer Dosen Eekludderen an enger Nuecht ofleeën, wat zesummen an engem Fréijoer tëscht 150 a 1100 Eeër ausmécht. Jiddwer Ee, mat engem Duerchmiesser vun 1,5 bis 2 mm, sëtzt an enger Enveloppe aus enger gellisaartegem Substanz.

Kauzekäpp[änneren | Quelltext änneren]

Wa s'aus dem Ee erauskomme sinn d'Kauzekäpp ca. 3–5 mm laang. Fir hir Entwécklung bis zur Metamorphos brauche se jee no Temperatur vum Waasser an Ernierungszoustand 50 bis 80 Deeg a sinn dann tëscht 35 a 50 mm grouss. Si hunn a staarke Rudderschwanz mat opfälleg breede Flosseborden. Deen ieweschte Bord zitt sech no vir bis tëscht d'Aen - wat wichteg bei der Bestëmmung am Verglach mat de Kauzekäpp vun anere Fräschenaarten ass. A Mëtteleuropa verloossen déi jonk Heckefräschen d'Waasser meeschtens vu Juli bis August.

Den Heckefräsch zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Am Ufank vum 20. Joerhonnert war den Heckefräsch verspreet iwwer ganz Lëtzebuerg ze fannen.[1] An den 1960er an 1970er Jore gouf d'Aart an 9 Rasterquadrate vu jee 4 km Säitelängt, dovu 6 am Guttland an 3 am Éislek nogewisen.[2]

No 1980 ass de Bestand vum Heckefräsch drastesch zeréckgaangen. Mëtt der 1990er Jore gouf d'Aart nëmme méi op dräi Plazen, dovun zwou am Kanton Réiden an eng aner am Kanton Réimech fonnt.[3]

No 1994 huet den Naturschutzsyndikat SICONA am Guttland eng ganz Rëtsch nei Dëmpele geschaf a gläichzäiteg anerer fir d'Erhale vum Heckefräsch optimiséiert. D'Resultat dovu war, datt am Joer 2000 den Heckefräsch op 16 Plazen am Land konnt nogewise ginn.

Duerch natierlech Verännerungen, virun allem d'Zouwuesse vun den 'neien' Dëmpele mat Christusstaf, hu sech awer d'Liewensbedingunge fir den Heckefräsch nees verschlechtert, an 2009 gouf et nëmme méi eng eenzeg kleng Populatioun am Land.

Zanter 2011 goufen du vum SICONA-Westen, an Zesummenaarbecht mat der Naturverwaltung nei Initiative lancéiert fir den Heckefräsch z'erhalen: nei Weiere goufen ugeluecht, anerer fir den Heckefräsch optimiséiert an et goufen Heckefräsche gezillt an ausgesat (2012: 1100 an 2013 500 Déieren).[4]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ferrant, V., 1922. Faune du Grand-Duché de Luxembourg. Deuxième partie: Amphibiens et Reptiles. Annexes au Bulletin mensuel de la Société des naturalistes luxembourgeois 16: 1-55.
  • Junck., C. & F. Schoos, 2003. Hyla arborea (Linnaeus, 1758). In: R. Proess (ed.): Verbreitungsatlas der Amphibien des Großherzogtums Luxemburg. Ferrantia 37: 58-63. [1].
  • Parent, G. H., 1979. Atlas commenté de l'herpétofaune de la Belgique et du Grand-Duché de Luxembourg. Les Naturalistes Belges, 88 pp.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Ferrant, V., 1922.
  2. G. H. Parent, 1979.
  3. Proess, R. & F. Baden, 1996.
  4. (SCL), 2013. Der Natur eine Chance geben. Umweltminister Marco Schank entlässt 250 Laubfrösche in die Freiheit. Luxemburger Wort vum 10. August 2013, S. 18.