Internationale Wärungsfong
Den Internationale Wärungsfong (engl.: International Monetary Fund, kuerz IMF, op franséisch Fonds monétaire international, kuerz FMI) ass eng spezialiséiert Organisatioun vun de Vereente Natiounen. Hien huet säi Sëtz zu Washington a gouf 1944, zesumme mat der Weltbank, enger Schwësterorganisatioun, opgrond vun de Beschlëss vun der Konferenz vu Bretton Woods, gegrënnt. De 27. Dezember 1945 huet den FMI seng Aktivitéiten opgeholl.
Déi offiziell Aarbechtssprooch vum FMI ass Englesch.
Aufgaben an Organisatioun
[änneren | Quelltext änneren]Zil an Aufgaben
[änneren | Quelltext änneren]Den Internationale Wärungsfong spillt eng zentral Roll an der globaler Ekonomie, andeem e finanziell Stabilitéit fërdert an international Kooperatioun ënnerstëtzt. Seng Haaptmissioun besteet doran, den internationale Wärungssystem ze iwwerwaachen a sécherzestellen, datt e reiwungslos funktionéiert. Den FMI bitt finanzielle Bäistand u Länner, déi mat Problemer vun hirer Balance vun de Paiementer (de; fr) konfrontéiert sinn, an hëlleft hinne bei der Bewältegung vu wirtschaftlech Krisen. Doriwwer eraus stellt en technesch Hëllef a Berodung a Beräicher wéi der Fiskalpolitik, der Geldpolitik an der Gestioun vum Wiesselcours zur Verfügung.
Eng weider wichtege Funktioun vum FMI ass d'Iwwerwaachung vun der Entwécklung vun der globaler Ekonomie an d'Sammelen an d'Analyséiere vun Donnéeën, fir fréizäiteg op méiglech ekonomesch Risikoen opmierksam ze maachen. Den FMI strieft duerch seng Aktivitéiten un, en nohaltege Wirtschaftswuesstem an d'Reduzéierung vun der Aarmut weltwäit ze fërderen. Dobäi leet e besonnesche Wäert op international Zesummenaarbecht an d'Bereetstelle vu Ressourcen, fir Länner bei der Bewältegung vun Erausfuerderungen wéi Finanzkrisen, wirtschaftlecher Instabilitéit an héijer Verschëldung ze ënnerstëtzen.
Domat dréit den FMI entscheeden zur Stabilitéit vum globale Finanzsystem bäi an hëlleft, déi wirtschaftlech Widderstandsfäegkeet vu senger Memberlänner ze stäerken. Den FMI ass ënner anerem a Mexiko (1982 an 1994), an Asien (1997), a Russland a Brasilien (1998), an der Tierkei (2000), an Argentinien (2001) an a Griicheland (2010) intervenéiert.[1]
D'Roll vum Internationale Wärungsfong ass ëmstridden a gëtt ënner anerem vun Ekonomiste wéi dem Joseph Stiglitz kritiséiert.[2]Dem FMI gëtt virgeworf, bestëmmte Länner seng Spuerpolitik opzezwéngen a géigeniwwer de grousse Länner vill méi flexibel ze sinn. Doriwwer eraus ginn déi ekonomesch Entscheedungen, déi den FMI de Staate diktéiert, déi an der Kris sinn, och kritiséiert. Déi géifen der Logik suivéieren, de Maart gewäerden ze loossen, dat heescht eng ze séier Liberaliséierung provozéieren an en ze strenge Budget ze féieren. Dat ganz géif d'Aarmut erhéijen amplaz se ze reduzéieren. Mat där Kritik konfrontéiert huet den verstäerkt Strukturanpassungsprogrammer agefouert a berécksiichtegt dobäi méi staark déi sozial Dimensioun vun de Reformen.[3]
Organer
[änneren | Quelltext änneren]- Rot vun de Gouverneuren. All Land bezeechent e Gouverneur an e Vizegouverneur, déi all Joer un der Joresversammlung vum FMI deelhuelen.
- Internationale Wärungs- a Finanzausschoss (IMFC)
- Exekutivdirektoire
- Internen Evaluatiounausschoss
2024 hat den FMI ronn 3.000 Mataarbechter aus iwwer 160 Länner.[4]
Generaldirekter an Exekutivdirekteren
[änneren | Quelltext änneren]Den IMF gëtt vun engem Generaldirekter (Managing Director), deen och den Exekutivdirektorium presidéiert, geleet. Opgrond vun enger Ofmaachung tëscht den USA a verschiddene westeuropäesche Länner ass de Generaldirekter vum FMI ëmmer en Europäer, wärend d'Weltbank an der Reegel vun engem Amerikaner geleet gëtt.
D'Generaldirektere vum FMI gëscht an haut:
- 1946–1951: Camille Gutt
- 1951–1956: Ivar Rooth
- 1956–1963: Per Jacobsson
- 1963–1973: Pierre-Paul Schweitzer
- 1973–1978: H. Johannes Witteveen
- 1978–1987: Jacques de Larosière
- 1987-2000: Michel Camdessus
- 2000-2004: Horst Köhler
- 2004-2007: Rodrigo Rato
- 2007-2011: Dominique Strauss-Kahn
- 2011-2019: Christine Lagarde
- 2019-haut: Kristalina Georgieva
Den Exekutivdirektorioun setzt sech aus dem Generaldirekter a 24 Exekutivdirekteren zesummen, déi vun de Memberlänner gewielt ginn.[4] Nëmmen déi grouss Länner, wéi China, Däitschland, Groussbritannien, Frankräich a Russland verfügen iwwer genuch Stëmme fir hiren eegenen Exekutivdirekter ze bestëmmen. Déi aner Länner musse sech a sougegannte constituencies (Gruppen) zesummeschléisse fir opgrond vun internen Ofmaachungen e Vertrieder an den Exekutivdirektorium kënnen ze schécken.
Vertriedung vu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]De Gouverneur fir Lëtzebuerg beim Fonds monétaire international ass de Finanzminister Gilles Roth. Säi Stellvertrieder ass de President vun der Banque centrale du Luxembourg (BCL) Gaston Reinesch.[5]
Lëtzebuerg gehéiert zu engem Lännergrupp (constituency), deem folgend Länner ugehéieren (Stand: 2024):[6]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Internationale Wärungsfong – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ economie.gouv.fr: Le Fonds monétaire international (gekuckt den 20. August 2024)
- ↑ globalpolicy.org: Interview with Joseph Stiglitz (Juni 2011)
- ↑ vie-publique.fr: Quelles sont les missions du Fonds monétaire international (FMI) ? (25. Juni 2019)
- ↑ 4,0 4,1 mf.org: About the IMF (gekuckt den 20. August 2018)
- ↑ imf.org: IMF Members' Quotas and Voting Power, and IMF Board of Governors (20. August 2024)
- ↑ imf.org: IMF Executive Directors and Voting Power (20. August 2024)