Jean-Pierre Prommenschenkel

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Jean-Pierre Prommenschenkel
Jean-Pierre Prommenschenkel.jpg
De Jean-Pierre Prommenschenkel
Gebuer 19. September 1843
Chrëschtnech
Gestuerwen 29. Dezember 1937
Chrëschtnech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Steemetzer
Wikidata-logo-without-paddings.svg
Dem Prommenschenkel säi Wierk: d'Bréck vum Schéissendëmpel déi 1879 gebaut gouf.

De Jean-Pierre Prommenschenkel, gebuer den 19. September 1843 zu Chrëschtnech an do gestuerwen den 29. Dezember 1937[1], war e lëtzebuergesche Steemetzer.[2]

De Jean-Pierre Prommenschenkel war deen, deen d'Bréck iwwer de Schéissendëmpel gebaut huet.[3] Allgemeng gëtt ugeholl, datt dat am Laf vum Joer 1879 geschitt ass. D'Pläng fir d'Bréck ware vum Dikrecher Bezierksingenieur Antoine Hartmann ausgeschafft ginn an de Baukondukter Michel Dondelinger vun Iechternach huet dunn de Jean-Pierre Prommenschenkel mat den Aarbechte beoptraagt.[4]

Heizou huet et am Bericht iwwer säi Begriefnes, deen d'Luxemburger Wort an d'Obermosel-Zeitung publizéiert hunn, geheescht:[5]

Herr Prommenschenkel hat vor etwa 70 [sic] Jahren die Brücke, welche über den „Schießentümpel" führt, eigenhändig erbaut. Diesen Brückenbau vollführte er, ohne daß ihm dazu ein Plan vorgelegt worden wäre. Leider konnte er sein künstlerisches Vorhaben nicht ganz vollenden, da die Finanzmittel fehlten. Er hatte nämlich vor, zwei in Stein gemeißelte Männerfiguren an jedem Ende anzubringen, auf deren Schultern der ganze Brückenbau ruhen sollte. Bedauerlicherweise wurden auch im Laufe der Jahre zahlreiche in Stein gemeißelte Figuren zerstört. Gemäß seinen Aussagen hat er im Brückengewölbe, neben dem Schlußstein, eine Gedenktafel eingemauert, auf welcher die Namen des damaligen Landesherrschers, des Dorfpfarrers, der Gemeindebehörden und des Schweinehirten eingetragen sind. Auch hat er an derselben Stelle je ein Stück der damals im Umlauf befindlichen Münzen eingegraben.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Wort 1937-12-30: 7, Nr. 364 (Todesanzeige).[1]
  2. Massard 2016, S. 5-6.
  3. Schmit 2016.
  4. Massard 2016, Jean Schmit, 2016
  5. Extrait zitéiert bei Massard 2016.
    Luxemburger Wort 1938-01-03, S. 5 (Christnach, 3. Jan.).[2]
    Obermosel-Zeitung 1938-01-04, S. 4 (Christnach, 3. Jan.).[3]