Kazenaniwwel

Vu Wikipedia
De Kazenaniwwel: Zesummegesat Bild aus optesche Biller vum Hubble-Weltraumteleskop a Röntgenstralendate vum Chandra-Röntgenteleskop

De Kazenaniwwel (NGC 6543) ass e Planetareschen Niwwel am Stärebild Draco. Hien ass vun der Struktur ee vun de komplexten ënner de bekannten Niwwelen. Héichopléisend Fotoe vum Hubble-Weltraumteleskop loossen op aussergewéinlech Strukture wéi Kniet kucken. Jets a bouaarteg Eegenschafte sinn och z'erkennen.

Duerch modern Ënnersichunge koume vill Rätselen op. Déi komplizéiert Struktur kéint deelweis vun engem Begleetstär stamen, awer bis elo gouf deen nach net entdeckt. Weiderhin existéieren aus ongekläerte Grënn staark Variatioune beim Resultat vun zwou Methoden, déi d'cheemesch Zesummesetzung moossen.

Allgemeng Informatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Den NGC 6543 ass ee ganz genee ënnersichte Planetareschen Niwwel. Hien ass mat enger Magnitude vun 8.1 relativ hell an huet deemno eng ganz héich Uewerflächenhellegkeet. Seng Rektaszensioun ass 17h 58.6m a seng Deklinatioun ass 66°,38'. Seng héich Deklinatioun bedeit, datt hie liicht vun der nërdlecher Hemisphär ka gesi ginn. Den NGC 6543 steet praktesch iwwer dem Nordpol vun der Äerdbunn an ass dofir och ënner dem eeleren Numm Ekliptiknordpol-Niwwel bekannt.

Wärend den Duerchmiesser vum helle bannenzegen Deel mat ongeféier 20 Bousekonnen e ganz klengen Deel anhëllt, existéiert ëm den Niwwel och ee 6,4 Bouminutte groussen Halo, dee vu sengem ale Stär ausgestouss gouf, wéi hien nach e roude Ris war.

Den Haaptkierper huet eng Dicht vu ronn 5.000 Deelecher pro cm³ an eng Temperatur vu ronn 8.000 K. De baussenzegen Halo huet eng Temperatur vu 15,000 K an eng méi kleng Dicht.

Den zentrale Stär ass en O-Typ Stär an huet eng Temperatur vun 80,000 K. Hien ass ongeféier 10.000-mol méi hell wéi eis Sonn, an huet awer nëmmen hiren 0,65 fache Radius.

Duerch spektroskopesch Analyse konnt gewise ginn, datt hien am Moment Mass duerch säi séiere Stärewand verléiert. Et sinn ongeféier 3,2×10−7 Sonnemassen am Joer - 20 Billiounen Tonne pro Sekonn. D'Wandvitessen erreechen 1900 km/s. Berechnunge weisen, datt de Stär nëmmen e bëssche méi wéi eng Sonnemass weit. Et geet een awer bei de Berechnungen dovun aus, datt hie fréier 5 Sonnenmasse schwéier war.

Observatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Den Niwwel gouf de 15. Februar 1786 vum Wilhelm Herschel entdeckt. Den Amateurastronom William Huggins huet 1864 bei deem Niwwel de Spektrum ënnersicht, wat bis dohi bei kengem anere Planetareschen Niwwel gemaach gi war. Dem Huggins seng Observatioune waren déi éischt déi dorop higedeit hunn, datt den Niwwel aus extreem verdënntem Gas besteet. Zanter där fréier Observatioun, gouf den NGC 6543 queesch duerch de ganzen elektromagnetesche Spektrum ënnersicht.

Infraroutobservatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Aus Observatiounen um NGC 6543 am Infraroutberäich geet ervir, datt et do interstellare Stëbs an niddregen Temperature gëtt. Et gëtt gemengt, datt hie sech an der leschter Phas vum fréieren zentrale Stär entwéckelt huet. De Stëbs absorbéiert d'Liicht vum Zentralstär a wandelt et an Infraroutliicht ëm. Aus dem Infraroutspektrum vum Stëbs gouf erausfonnt, datt hien eng Temperatur vu ronn 70 K huet.

Infraroutemissiounen hunn och op d'Existenz vu netioniséiertem Material higewisen, wéi molekulare Waasserstoff (H2). A ville Planetareschen Niwwelen ass d'Emissioun duerch Moleküllen um Rand vum Niwwel am gréissten, mä et schéngt am NGC 6543 déi stäerkst Emissioun duerch molekulare Waasserstoff ëm de bannenzegen Deel vum baussenzegen Halo ze sinn. E Grond kéint sinn, datt verschidde séier Stousswellen, déi H2 enthalen, kollidéieren.

Optesch an ultraviolett Observatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Den NGC 6543 gouf am ultravioletten an am optesche Wellelängeberäich ëmfaassend ënnersicht. D'Biller vun deene Wellelängte gi benotzt fir déi komplizéiert Struktur vum Niwwel siichtbar ze maachen. (Dogéint si spektroskopesch Observatiounen do, fir d'cheemesch Zesummesetzung z'ermëttelen)

Dës Foto vum Hubble-Weltraumteleskop weist net d'Faarwe vum Niwwel, wéi se a Wierklechkeet sinn. Si gouf gemaach, fir d'Verdeelung vun héijem an niddregem Ionisatiounsgehalt ze weisen. Et goufen dräi Biller iwwerenee geluecht, déi einfach ioniséirte Waasserstoff vun der Wellelängt 656,3 nm, ioniséierte Stéckstoff bei 658,3 nm a ioniséierte Sauerstoff vun der Wellelängt 500.7 nm duerstellen. Well d'Faarwe vun den eenzele Wellelängte rout, blo a gréng sinn, huet een hinne fir eng besser Ënnerscheedung déi 3 Kanäl rout, gréng a blo zougewisen. Et erkennt een um Bild bei den Ecker zwéi Beräicher aus wéineg ioniséiertem Material.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kazenaniwwel – Biller, Videoen oder Audiodateien