Lex Delles

Vu Wikipedia
Versioun vum 13:33, 18. Jul. 2020 vum Les Meloures (Diskussioun | Kontributiounen) (→‎top: clean up, replaced: hire N → hiren N using AWB).
Lex Delles
Gebuer 28. November 1984
Munneref
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei Demokratesch Partei

De Lex Delles, gebuer den 28. November 1984,[1] ass e lëtzebuergesche Schoulmeeschter a Politiker. Hien ass zanter dem 5. Dezember 2018 Minister fir de Mëttelstand an den Tourismus an der Regierung Bettel-Schneider-Braz.

De Lex Delles war zënter 2011 Member vum Schäfferot[2] vun der Gemeng Munneref a gouf den 10. Januar 2014 zum Buergermeeschter ernannt[3], nodeem d'Maggy Nagel Ministesch fir Kultur an der Regierung Bettel-Schneider gi war.

Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 huet hien op der Lëscht vun der DP am Walbezierk Oste kandidéiert a gouf an d'Parlament gewielt. Wéi d'Maggy Nagel am Dezember 2015 vun hirem Ministeschamt zréckgetrueden ass, hätt de Lex Delles hiren Nofollger kënne ginn. Hien huet awer op de Poste verzicht fir Munnerëffer Buergermeeschter ze bleiwen[4]. Den 28.November 2015 gouf hien zum Zweete Vizepresident vun der Demokratescher Partei gewielt.

Bei de Wale vum 14. Oktober 2018 gouf de Lex Delles erëm an d'Chamber gewielt[5], hien huet awer op säin Deputéiertemandat verzicht, fir Minister ze ginn. De 5. Dezember 2018 gouf hien als Minister fir de Mëttelstand an den Tourismus an der Regierung Bettel-Schneider-Braz vereedegt.

Um Spaweck

Commons: Lex Delles – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Fiche "Lex Delles" op der Websäit vun der Chamber, chd.lu (gekuckt 2013-11-18).
  2. Patrick Besch, Blau-rot-grüner Neuanstrich op wort.lu den 10. Dezember 2018 an den 11. Dezember 2018 an der Drockversioun vum Luxemburger Wort den 11. Dezember 2018 ënnert dem Titel „Neue Gesichter“, Säit 2
  3. "Assermentation de quatre nouveaux bourgmestres et de cinq nouveaux échevins." Site vum Inneministère, 17-01-2014.
  4. "Maggy Nagel trëtt zréck, Delles refuséiert Posten." op rtl.lu, de 16. Dezember 2015, fir d'lescht gekuckt den 11. Dezember 2018
  5. elections.lu.