Liewen a Gesellschaft

Vu Wikipedia

Liewen a Gesellschaft (fr: Vie et Société, ofgekierzt: VieSo) ass e Schoulfach, dat zu Lëtzebuerg zanter September 2016 am Secondaire an zanter September 2017 an der Grondschoul d'Fächer Relioun a Morale ersetzt.

Begrënnung an Ziler[änneren | Quelltext änneren]

Zanter ëmmer beschäftege sech d'Elteren, d'Politiker an d'Léierpersonal awer och reliéis an humanistesch Organisatioune mat der Fro iwwer d'Erzéiung am Kontext vun de Wäerter fir Jugendlecher a Kanner. Déi Erzéiung huet haaptsächlech an der Famill an an der individueller Liewensgeschicht en Impakt op d'Liewensorientéierung. E Schoulfach kann an der Wäertererzéiung awer och eng zousätzlech Hëllef sinn an dofir ass d'Fach VieSo vun der Regierung Bettel-Schneider agefouert ginn.

Um Stonneplang stinn am Enseignement classique vu 7e bis 5e 2 Stonnen d'Woch an op 4e an 3e 1 Stonn d'Woch. Op 2e a 1ière steet VieSo net méi um Programm. Am Enseigment technique ass vu 7e bis 11e just 1 Stonn d'Woch virgesinn. Op eenzele Sektioune steet d'Fach awer och nach op 12e an 13e um Programm. Dat neit Fach VieSo huet an alle Klassen de Koeffizient 2, woubäi een awer an deem Fach keen Noexamen (weeder en travail de vacances, nach en travail de révision) kréie kann.

D'Fach Vieso soll Schüler motivéieren iwwer hir Wäerter an Aktiounen z'iwwerleeën a wëll zur perséinlecher, sozialer a politescher Bildung vun de Jonke bäidroen. Dobäi kommen historesch, philosophesch, reliéis, kulturell an esthetesch Aspekter. Sou solle si léieren hir Stäerkten, Schwächten a Rollen an der Welt erauszefannen a mat dëse Kenntnesser sech besser am Liewen orientéiere kënnen[1].

Déi dräi grouss Ziler, resp. Kompetenze fir d'Zesummeliewen an den Zesummenhalt an enger multikultureller Gesellschaft ze stäerke sinn:

  1. Eegekompetenz: Déi kulturell, weltuschaulech a reliéis Ausdrocksformen mierken a sech an der Gesellschaft orientéieren: D'Schülerinnen an d'Schüler ginn oppen an tolerant mat der gesellschaftlecher Diversitéit ëm.
  2. Saachkompetenz: Déi eethesch Erausfuerderunge mierken a sech mat moralesche Froen auserneesetzen: D'Schülerinnen an d'Schüler sinn an der Lag, sech mat Liewensfroen a moralesch-eethesche Problemer kritesch auserneenzesetzen.
  3. Sozialkompetenz: De Mënsche mat verschiddenen Traditiounen an Iwwerzeegunge respektvoll begéinen a sech mat hinne verstännegen: D'Schülerinnen an d'Schüler si fäeg, sech mat ënnerschiddleche Liewensformen auserneenzesetzen a verschidden Opfaassungen transparent a fair duerzeleeën.

Et gëtt sechs grouss Léierfelder, déi all Joer an iwwer déi ganz Schoulzäit an der VieSo behandelt ginn: Ech, Ech an déi aner, Liewensformen, Welt a Gesellschaft, Mënsch, Natur an Technik, Kultur a Kommunikatioun a Grouss Froen. An all Schouljoer soll aus all Léierfeld op d'mannst een Theema méi genee duerchgeholl ginn. D'Verdeelung vun de Léier- an Theemefelder ass an dëser Tabell zesummegefaasst[2]:

Ech Ech an déi aner Liewensformen, Welt a Gesellschaft Mënsch, Natur an Technik Kultur a Kommunikatioun Grouss Froen
VIIe / 7e Wat mech ausmécht. Wie sinn ech ? Begéine mat Vertrautem a "Friemen". Wäerter, Normen, Reegelen an ënnerschiddleche Liewenswelten Natur an Ëmwelt Traditionell an nei Ausdrocksformen Wat ass Relioun ?
VIe / 8e Eege Verantwortung Unerkennung an Ausgrenzung Demokratie als Deel huelen a Matgestaltung Prozess an Auswierkunge vun der Globaliséierung Zeechen a Symboler am Alldag Gleewen - Wëssen - Mengen
Ve / 9e Liewen - Léieren - Aarbecht Gewalt an Aggressioun Liewensentwërf an der globaliséierter Gesellschaft Technik fréier - haut - muer Medien a Mythen Sënnfroen
IVe / 10e Identitéit, Fräiheet a Verantwortung Léift a Partnerschaft Gesellschaftleche Fridden a Spannungen Aarbecht a Konsum Eethesch Diskussiounen a gesellschaftlech Debaten Liewen a Sënn an Traditioun an der Moderne
IIIe / 11e Eege Verwierklechung a sech selwer erkennen Begéinen a Konfrontatioun Eethos a Liewensgestaltung Ugewant Eethik Gesellschaft verstoe léieren Endlechkeet an Transzendenz
12e Anthropologie Pluralismus Kann ee Moral léieren? Ëmgang mat der Zukunft Grondpositioune vum eetheschen Argumentéieren Metaphysik - d'Welt erkennen
13e De Mënsch als fräit a eegebestëmmt Wiesen Verantwortung vun de Reliounen - Welteethos Staatsphilosophie a politesch Philosophie Bedéngunge vun der Wëssenschaft Eethik an Ekonomie Geschichtsphilosophie - Huet d'Weltgeschicht e Sënn?

D'Fach VieSo huet eng gesellschaftspolitesch a kulturpolitesch Ausriichtung a bezitt sech op dës Wëssenschaften: Philosophie, Soziologie, Politologie, Geschicht, Eethologie, Reliounswëssenschaft, Konscht- a Literaturwëssenschaften, sou wéi och op (net konfessionell gebonnen) Theologie.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am lëtzebuergesche Schoulsystem war bis 1968 de Reliounsunterrecht (doctrine chrétienne, instruction religieuse et morale) obligatoresch fir all Kand. Dobäi krute si déi chrëschtlech-kathoulesch Wäerter a Moral bäibruecht. Et goufen doduerch Ausgrenzunge wéinst anere Reliounen oder Glawensgemeinschaften. Jiddesch Kanner kruten awer och scho virun 1968 eng Dispens vum Reliounsunterrecht, wëll si an der Synagog e jiddesche Reliounsunterrecht kruten. Ënner dem deemolegen Educatiounsminister Jean Dupong a mat der Zoustëmmung vum Bëschof Jean Hengen gouf 1968 dat alternatiivt Fach Morale laïque agefouert. Doriwwer eraus war et och nach méiglech, eng "drëtt Méiglechkeet" ze wielen a sech vun deenen zwee Fächer dispenséieren ze loossen[3]. Wa bis dohin de Reliounsunterrecht souguer am Premièresexame gepréift gouf, sou hu mat deem Gesetz d'Fächer Relioun a Morale weeder en Impakt op d'Promotioun vum Schüler, nach op seng Duerchschnëttsnott.

D'Anne Brasseur, Educatiounsministesch vun 1999 bis 2004, huet den 12. Juli 2002 déi "drëtt Méiglechkeet" ofgeschaaft an den zwee Fächer Relioun a Morale (neien offiziellen Numm Formation morale et sociale) de Koeffizient 1 verschaf an domat eng Nott, déi an der Duerchschnëttsnott eng minimal Roll gespillt huet[4]. Dobäi kënnt déi spezifesch Ausbildung fir d'Enseignanten, déi Morale ënnerriicht hunn. Virun dësen Ännerungen hunn d'Schoulmeeschteren, d'Chargé de Coursen an d'Stagiairen aus anere Fächer d'Morale iwwerholl, wärend d'Reliounsprofessere schonn ausgebilt Theologe waren.

Am Schouljoer 2010-2011 waren 78,7% vun de Schüler an der Primaireschoul a 60,9% am Secondaire an der Relioun ageschriwwen, an der Morale waren et 21,3% am Primaire an 39,1% am Lycée[5].

"De Reliouns- a Moralescours gëtt an der Primärschoul an am Secondaire duerch en eenzegen an neutrale Wäerterunterrecht fir all Schüler ersat.", sou huet et am Regierungsprogramm vum Staatsminister Xavier Bettel den 13. Dezember 2013 geheescht[6].

Vill Elteren a Léierpersonal waren net mat dëser Entscheedung vun der Regierung averstanen an hunn de 16. Dezember 2013 d'Initiative "Fir de Choix" gegrënnt[7],[8]. Eng TNS ILRES Ëmfro am November 2013 huet erginn, datt eng grouss Majoritéit vun der Bevëlkerung weiderhin fir d'Wielméiglechkeet tëschent deenen zwee Fächer war[9].

D'Initiativ "Fir de Choix" huet iwwer 25000 Ënnerschrëfte gesammelt an hat am Abrëll 2014[10] eng Demonstratioun an der Stad organiséiert. Den Dag sinn 2500 Mënsche komm, déi sech géint d'Ofschafe vun der Wielméiglechkeet tëscht Relioun a Morale agesat hunn. Mä dat huet net vill bruecht, si goufe mol net vun der Chamber ugehéiert.

Donieft hunn sech op der anerer Säit laizistesch Associatioune wéi zum Beispill d'AHA aktiv fir ee gemeinsame Cours ausgeschwat, deen d'Schüler net méi opgrond vun hirer Reliounszougehéieregkeet a verschidde Gruppen andeelt[11].

De 26. Januar 2015 gouf d'Konventioun tëschent dem Lëtzebuerger Staat an der Kathoulescher Kierch ënnerschriwwen, déi an den Artikel 17 an 18 e gemeinsame Wäerteunterrecht festleet an de kathoulesche Reliounsunterrecht ofschaaft[12].

De 24. August 2016 ass dat neit Gesetz gestëmmt ginn, dat den neie Cours "Vie et Société" an de Secondairesschoulen agefouert huet. D'Fach krut de Koeffizient 2 an all d'Enseignanten, déi dat neit Fach ënnerriichte wollten, hu missen eng Formatioun vu 16 Stonne matmaachen, fir sech gutt op dat neit Fach virzebereeden[13]. D'Gesetz vum 2. August 2017 huet dëst Fach och an der Grondschoul agefouert[14].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. VieSo-Léierplang Gearchiveerd op 2017-07-04. Gekuckt de(n) 2017-07-03.
  2. http://portal.education.lu/vieso/Infos-pour-enseignants
  3. Gesetz vum 10. Mee 1968, Art 48 an 49
  4. Gesetz vum 12. Juli 2002
  5. Rapport du Groupe d'experts chargé de réfléchir sur l'évolution future des relations entre les pouvoirs publics et les communautés religieuese ou philosophiques au Grand-Duché de Luxemourg, octobre 2012, S. 37-38
  6. "Il sera introduit un cours unique neutre et harmonisé d'éducation aux valeurs pour tous les élèves de l'enseignement fondamental et secondaire, lequel remplacera les cours actuels « Formation/Education morale et sociale » et « Instruction religieuse et morale » dans l'enseignement fondamental et secondaire." cf. Regierungsprogramm S. 9
  7. Fir de Choix
  8. Facebooksäit Fir de Choix
  9. TNS Ilres-Umfrage zum Religionsunterricht, zur religiösen Praxis und zum Staat- Kirchen-Verhältnis vorgestellt
  10. Video vun der Demonstratioun vum 26. Abrëll 2014
  11. http://www.aha.lu/index.php/news/pressemitteilungen/285-prinzip-des-werteunterrichts-gut-aber
  12. Convention entre l'État du Grand-Duché de Luxembourg et les communautés religieuses établies au Luxembourg
  13. Loi du 24 août 2016 portant introduction du cours commun «vie et société» dans l'enseignement secondaire et secondaire technique
  14. Loi du 2 août 2017 portant introduction du cours commun « vie et société » dans l'enseignement fondamental