LkCa 15b

Vu Wikipedia
Lénks den Transitional Disk mat engem stëbsfräie bannenzege Kär vu 50 A.E. Duerchmiesser,
riets e Bildausschnëtt mam Planéit LkCa 15b (blo), Stëbs a Gas (rout) souwéi d'Plaz vum Stär LkCa 15

Den LkCa 15b ass en extrasolare Protoplanéit dee ronn 450 Liichtjoer vun eis ewech läit.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

Den Himmelskierper LkCa 15b gouf am Joer 2011 am Keck-Observatoire op Hawaii vun den Astronomen Adam Kraus vum Institute for Astronomy vun der Universitéit vun Hawaii an dem Michael Ireland vun der australescher Macquarie University entdeckt. Eréischt d'Kombinatioun vun zwou Technike fir d'Liquidatioun vum helle Stäreliicht huet déi direkt Observatioun erméiglecht. Dat waren eng adaptiv Optik um Teleskopspigel ënner Asaz vu leeschtungsfäege Computeren an eng speziell Interferometrietechnik déi sougenannt Aperture masking interferometry.[1] Spéider huet eng international Grupp vun Astronomen ëm d'Stephanie Sallum vun der Universitéit vun Arizona weider Observatioune gemaach.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Den LkCa 15b läit an der Taurus Moleküllwollek 1, enger grousser Moleküllwollek am Stärebild Taurus. Déi Regioun, déi ongeféier 430 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech läit, ass eis noost Stäregebuertssregioun. Do bilt den LkCa 15b mat de béide Protoplanéiten LkCa 15c an LkCa 15d e Planéitesystem. Den Zentralstär ass mat ongeféier 2 Millioune Joer nach ee jonke Stär LkCa 15. D'Himmelsobjete sinn am zirka 50 AE groussen, bal stëbs- a gasfräiem Zentrum vun engem Transitional Disk. No den Astronome beleeën d'Infraroutbiller an déi charakteristesch Stralung vum 9700 Grad waarme Waasserstoffgas (Waasserstoffgléien), datt Planéite gebilt ginn. Et konnt d'Liichte vu Stëbs nogewise ginn, deen op de Protoplanéit LkCa 15b fält, an deen doduerch méi grouss gëtt. D'Virgäng goufe mat Laangzäitobservatioune mam Large Binocular Telescope an Arizona an dem Magellan-Teleskop am Chile nogewisen. Nom Matentdecker Adam Kraus handelt et sech beim LkCa 15b ëm ee vu Stëbs a Gas ëmkreesten, Jupiterähnleche Gasplanéit.[2] No de Miessunge soll hie méi e staarkt Magnéitfeld wéi de Jupiter hunn[3], dat bis 20-mol sou staark wéi d'Äerdmagnéitfeld ass.

Den LkCa 15b ass den éischten an de jéngsten observéierten Exoplanéit, dee sech wéinst Akkretioun nach an der Genesis ass.[4] Mat weideren Observatioune wëllen d'Astronomen hir Theorien iwwer d'Planéitegenesis iwwerpréiwen.[3]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Sarah Zielinski: A Planet Spotted As It Begins To Form am: Smithsonian Magazine vum 21. Oktober 2011.
  2. UH Astronomer Finds Planet in the Process of Forming als Presseerklärung vum Institute for Astronomy - University of Hawai.
  3. 3,0 3,1 Astronomen beobachten die Geburt eines Planeten bei: heise online vom 19. November 2015.
  4. Alina Schadwinkel: Astronomen beobachten Geburt eines Planeten in: Die Zeit vum 18. November 2015.