Op den Inhalt sprangen

Lou Theisen

Vu Wikipedia
Lou Theisen
Gebuer 9. August 1914
Bouneweg-Nord/Verluerekascht
Gestuerwen 2. Juni 1995
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler
Member vun Cercle artistique de Luxembourg

De Ludwig Franz ("Lou") Theisen, gebuer den 9. August 1914 zu Bouneweg, a gestuerwen den 2. Juni 1995 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Moler an Zeechner.[1]

Liewen a Karriär

[änneren | Quelltext änneren]

De Lou oder Louis Theisen war e Jong vum Eisebunnsaarbechter Johann (Jean) Theisen a Maria Steffen.[2] No der École d'artisans de l'État goung hien an der Académie des Beaux Arts zu Antwerpen an d'Staatliche Meisterschule zu Tréier.[3] 1936 huet hien d'Maria Anna Lenertz bestuet.

Den Theisen huet am Ufank figurativ gemoolt, spéider abstrakt. 1937 huet hien eng Bronzemedail op der Exposition Internationale des Arts et Techniques dans la Vie Moderne, der Weltausstellung zu Paräis gewonnen. Hie war Member vum Kënschtlerveräin Cercle artistique de Luxembourg, wou hie vun 1938 bis 1970 u Salonen deelgeholl huet.[1] Am Januar 1949 gouf de Salon am Staatsmusée ofgehalen, an de Konschtkritiker Léon Lommel huet doriwwer geschriwwen:

"Zum Besten der Ausstellung gehören zweifelsohne die Werke von Lou Theisen. Sein Wintergemälde führt uns in die graue Stille eines Schneetages, wo alles im Wasser des auftauenden Schnees ersäuft. Ein prächtiges Stück Winterpoesie! Sehr solid durchgearbeitet seine Stilleben in reinen, harmonischen Farben."[4]

1968 huet den Theisen mat de Kënschtler Walter Gaudnek, Arnold Daidalos Wande a Peter Mack d'PMP-Bewegung gegrënnt, eng international Bewegung ronderëm de Polyformismus an der Konscht. De Gaudnek sot iwwer de Polyformismus:

"The kaleidoscopic or polymorphic nature of a painting comes to an abrupt end when an artist considers his work finished. I do not believe that any painting can be finished. Furthermore interpretations of paintings change, depending on the personal experience of the critic or beholder; the polymorphic nature of art critism comprises an unlimited number of more or less equally valid options."[5]

De Lou Theisen ass am Alter vun 80 Joer gestuerwen.

  • 1969: Mosaikmauer am Centre des Capucins an der Stad Lëtzebuerg[5]
  • Fresken an der Kierch um Houwald.

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 Jos Welter, réd. (1993) Rétrospective : Cent ans d'art luxembourgeois 1893-1993. Lëtzebuerg: Cercle artistique de Luxembourg / Crauthem: Lux-Print. ISBN 2-919970-24-0.
  2. "Zivilstand der Gemeinde Hollerich vom Monat August", Luxemburger Wort, 12. September 1914, op eluxemburgensia.lu.
  3. Lambert Herr (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg. Lëtzebuerg: Éditions Saint-Paul. ISBN 2-87963-382-6. S. 333-334.
  4. "Kunstschaffen und Kunstbetrachten", Luxemburger Wort, 29. Januar 1949, op eluxemburgensia.lu.
  5. Walter Gaudnek (1970) "Polymorphism in Painting through the Use of a Labyrinth", Leonardo, vol. 3, n° 2 (Abrëll 1970); Walter Gaudnek (1973) "GAUDNEK ONTOMORPHISM - POLYMORPHISM". New York: PMP Studio..