Louis Petit
| Louis Petit | |
|---|---|
| Gebuer |
25. Dezember 1890 Lëtzebuerg |
| Gestuerwen |
7. August 1953 Esch-Uelzecht |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Komponist |
|
| |
De Louis Petit, gebuer als Jean Jacques Louis Petit de 25. Dezember 1890 an der Waassergaass zu Lëtzebuerg[1], a gestuerwen de 7. August 1953 zu Esch-Uelzecht[2], war e lëtzebuergesche Museker.
Ganz fréi intresséiert de Louis Petit sech fir d'Musek. De Piano an d'Flütt si seng léifsten Instrumenter. Hie studéiert am Stater Conservatoire, duerno geet hien op Paräis, Wiesbaden a Wien.
1916 ass hie Privat-Enseignant zu Esch-Uelzecht. Hie grënnt zu Lëtzebuerg d'Gesang- an d'Theatergesellschaft Alstadkanner. Vun 1917 un iwwerhëlt hie wärend 25 Joer d'Leedung vun der Chorale Uelzecht. 1923 ass hien ee vun de Grënner vun der Ecole municipale de musique vun Esch. Hie gëtt zu Esch Musekscoursen am Meederchers- an am Jongelycée.
Wärend der Besatzungszäit muss hien den Enseignement verloossen, an hien ënnerbrécht all ëffentlech Aktivitéit. 1946 gëtt hie musikaleschen Direkter vun der UGDA, Sektioun Gesank.[3][4][5]
Éierungen
[änneren | Quelltext änneren]- No him ass zanter 1956 eng Strooss zu Esch-Uelzecht genannt, d'Rue Louis Petit (virdrun Uechtstrooss)
Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne (1952)- Médaille en argent de la Ville de Paris (1952)
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]Gesangsolo a Piano
[änneren | Quelltext änneren]- 1913: Verlaangeren
- 1913: Je meurs, je n'ai que 16 ans
- 1915: Mort d'un Lorrain
- 1916: Manyla
- 1921: An der Friemt
- 1926: Domino
- 1931: Mein Himmelreich
- 1931: Bookemäilchen
- 1934: E Weesekand
- 1934: Onst Land
- 1936: Colombine
- 1937: Le Matin
- 1944: Gebied fir ons Jongen
- 1950: Schlofliddchen
Chorale
[änneren | Quelltext änneren]- 1920: Bergmannslos
- 1928: Sängermarsch
- 1931: O Salutaris
- 1933: De Fuuss op Wahltournee
- 1935: Léiwe Villchen
- 1935: Den ale Landsträicher
- 1937: Musik a Gesank
- 1937: Extase
- 1937: Sängergrouss
- 1937: De Léierche séngt
- 1938: Welke Blätter
- 1939: Mäi klengt léift Lëtzebuerg
- 1939: Mir wëlle fräi sinn
- 1941: Patriae fideles
- 1943: Pie Jesu
- 1945: Ave Maria
- 1946: Graflidd
- 1947: Rous vu Lëtzebuerg
- 1949: Verbandshymne
Orchesterwierker
[änneren | Quelltext änneren]- 1918 Elégie
- 1920 Alstadkanner, UGDA
- 1949 Lilientanz, Marche de la télévision
Theatermusek
[änneren | Quelltext änneren]- A läschter Stonn
- Summerkur am Mëllerdall (Operett an 3 Akten)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Quell
[änneren | Quelltext änneren]- Loll Weber: "Louis Petit, un musicien bien luxembourgeois", in: nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur 1986/3.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Gebuertsakt Nr. 444 vum 26. Dezember 1890 vun der Gemeng Lëtzebuerg
- ↑ Doudesannonce vum Louis Petit am Luxemburger Wort vum 8. August 1953
- ↑ Professor Louis PETIT. In: Luxemburger Wort vum 10. Aug. 1953, S.4
- ↑ Louis Petit-Gedenkfeier in Esch. In: Luxemburger Wort vum 15. Sept. 1953, S.4
- ↑ Zum 10. Todestag von Louis Petit. In: Luxemburger Wort vum 8. Aug. 1963, S.4
