Luxlait

Vu Wikipedia

D' Luxlait, déi gréisste Molkerei vu Lëtzebuerg, verkeeft ennert hirer Marque mat deem selweschten Numm Mëllech a Mëllechprodukter.

Geschicht

D'Luxlait gouf 1884 als privat Gesellschaft ënnert dem Numm "Central-Molkerei" mat engem Kapital vum 60.000 lëtzebuerger Frang gegrënnt. Si ass zu enger Aktiegesellschaft gewues an huet sech ëmbenannt an "Zentralmolkerei".

Am Zweete Weltkrich gouf et eng Zwangsëmgestaltung vun der lëtzebuerger Mëllechwirtschaft, an doduerch hunn d'Aktivitéiten vun der Molkerei e staarken Opschwong kritt. D'Quantitéit u Mëllech, déi all Dag geliwwert gouf, gung vun 2.000 Liter um Enn vun den drësseger Joren erop op 40.000 Liter um Ënn vum Zweete Weltkrich.

1946 gouf de Betriib ëmgewandelt an eng Agrargenossenschaft an ëmbenannt op "Molkereigenossenschaft Luxemburg - Laiterie de Luxembourg".

An de Joeren nom Krich gung d'Zuel vun de lëtzebuerger Molkereien staark erof: vun deenen 150, déi et 1948 nach gouf, blouwen der 12 Joer méi spéit nach just 5.

Den 2. Oktober 1978 hunn déi dräi lescht lëtzebuerger Molkereigenossenschaften Celula, Laduno a Luxlait fusionéiert ennert dem Numm "LUXLAIT association agricole".

Geschäftszuelen

2005 gouwen an der Molkerei 118.479.256 kg Mëllech vu 545 Produzenten verschafft. 248 Leit schaffen op der Luxlait. Den Ëmsaz 2005 wor 61,7 Milliounen Euro.

De Betriib produzéiert zu Märel (Luxlait) an zu Angelduerf (Laduno).

Den Direkter vun der Luxlait ass den Claude Steinmetz.

Linken

Kuckt och

Um Spaweck