Mechelen

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Malines)
Mechelen
Land Belsch
Regioun Flandern
Communautéit Flämesch Communautéit
Provënz Antwerpen
Arrondissement Mechelen
Awunner 86.921 (1. Januar 2020)
Fläch 6.519
Koordinaten 51° 01’ 00’’ N
      04° 28’ 00’’ O
Telefonszon 015 & 03
Postcode 2800
Websäit https://www.mechelen.be

Mechelen (Malines op Franséisch) ass eng belsch Stad an der Provënz Antwerpen, a Flandern. Et huet 80.176 Awunner (2008). Mechelen läit op der Dijle an um Kanal Louvain-Dijle. Zu der Gemeng gehéieren och d'Uertschaften Nekkerspoel, Battel, Walem, Heffen, Hombeek, Leest, a Muizen. Zanter 1559 ass et de Sëtz vum Äerzbistum vun der Belsch (haut: Äerzbistum Mechelen-Bréissel).

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Der Traditioun no gouf Mechelen am 8. Joerhonnert vum hellege Rombout, engem iresche Missionnaire christianiséiert. D'Herrschaft vu Mechelen huet fir d'éischt de Prënzebëscheef vu Léck, duerno de Grofe vu Flandern an den Herzoge vun der Bourgogne (14. - 15. Joerhonnert) ënnerstanen. Säin Héichpunkt hat Mechelen ënner der Herrschaft vun der Margarethe vun Éisträich, an duerno dem Charel V., wou et d'Haaptstad vun den Habsburger Nidderlanden (méi oder manner den haitege Benelux) war. Am 16. Joerhonnert gouf Bréissel ëmmer méi wichteg, op Käschte vu Mechelen. Bis Enn vum 18. Joerhonnert war zu Mechelen dat Iewescht Geriicht vun den Nidderlanden, de Grousse Conseil vu Mechelen.

Äerzbistum Mechelen[änneren | Quelltext änneren]

Mechelen ass, aus historesche Grënn, den offizielle Sëtz vum Äerzbëschof, deen iwwer den Ensembel vun de belsche Bëscheef waacht.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Äerzbistum Malines-Bréissel.

Universitéit[änneren | Quelltext änneren]

1834 huet dat belscht Episkopat zu Mechelen eng kathoulesch Universitéit gegrënnt.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kathoulesch Universitéit vu Mechelen.

Verkéier[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Zuchstreck um europäesche Festland huet 1835 Bréissel mat Mechelen verbonnen. Mechelen ass haut nach e wichtegt Eisebunnskräiz, an d'Ateliere vun der SNCB sinn do.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
D'Stadhaus

Zweete Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

D'Kasär "Dossin de Saint Georges" bei Mechelen ass am Zweete Weltkrich zum "SS-Sammellager Mecheln" ëmfunktionéiert ginn, vu wou aus 25.257 belsch Judden an 28 Convoien op Auschwitz deportéiert goufen. Zwee Drëttel vun hinne goufen direkt vergaast, wéi s'ukoumen, just 1.207 hunn d'Lager iwwerlieft. Haut ass an engem Deel vum Gebai de Museum van Deportatie en Verzet, de Musée fir Deportatioun a Resistenz.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

D'Kathedral
  • D'Kathedral Sint-Rombout, 13. - 14. Joerhonnert mat hirem imposanten, 97 Meter héijen Tuerm (deen op der Unesco-Lëscht vun de Weltkulturierwen steet, a sengen zwéi Klackespiller mat jee 49 Klacken.
  • De Grote Markt mam Stadhaus an enger Rëtsch alen Haiser;
  • De Musée fir mëttelalterlech Konscht, deen am éischte Stadhaus aus dem 13. Joerhonnert ënnerbruecht ass
  • D' Sint-Janskerk, Mat engem Altorbild vum Pieter Paul Rubens (D'helleg Dräi Kinneken, déi de Jesus ubieden).
  • D'Kierch Onze-Lieve-Vrouw-over-de-Dijle, déi och e Bild vum Rubens huet (D'Wonner vum Fëschfank)
  • De Béguinage;
  • De Palais vun der Marguerite vu York, dem Karel V. senger Bomi, an deem haut den Theater ass;
  • De Palais vun der Margarethe vun Éisträich, dem Karel V. senger Tatta, an deem haut de Justizpalais dran ass.
De Palais vun der Margarethe vun Éisträich

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mechelen – Biller, Videoen oder Audiodateien