Maria vun Egypten

Vu Wikipedia
Maria vun Egypten, Uelegbild vum José de Ribera, 1651

D'Maria vun Egypten war eng Eremitin déi zu Alexandria gebuer gouf a warscheinlech ëm 430 gestuerwen ass.

Legend[änneren | Quelltext änneren]

Si soll 17 Joer zu Alexandria gelieft hu wou si en zimmlecht ausschwäifend Liewe gehat soll hunn (verschiddene Versiounen no hätt si als Prostituéiert geschafft).

Si huet sech engem Pelerinage ugeschloss dee si sollt bei d'Kierch vum Hellege Graf op Jerusalem féieren. Op der Plaz ukomm, huet si eng onsiichtbar Muecht an der Dier vun der Kierch zeréckgehalen an eng Stëmm sot hir, si wier net wierdeg d'Kräiz vum Jesus ze gesinn. Schliisslech huet si un der Kierchemauer e Bild vun der Muttergottes gesinn an huet zu hir ëm Gnod gebiet fir datt hir Sënne solle verzie ginn. Dësen Dévouement huet hir schliisslech de Wee opgemaach a si konnt iwwer d'Schwell trieden.

En Onbekannten huet hir 3 Mënze geschenkt vun deene si sech 3 Brout kaaft huet, duerno huet si sech als Béisserin an d'Wüst, ëstlech vum Jordan zeréckgezunn, wou si dunn eleng gelieft huet. 46 Joer méi spéit huet de Mënch Zosimas si do fonnt. Si war plakeg an huet hire Kierper just mat hire laangen Hoer bedeckt. D'Maria huet hie gefrot fir d'nächst Ouschterfest erëm ze kommen an hir dann déi Helleg Kommioun ze ginn. Wéi et dunn un der Zäit war huet den Zosimas sech, mat Brout a Wäin fir d'Eucharistie, op de Wee bei de Jordan gemaach. Deen hat awer Héichwaasser, sou datt hien net konnt eriwwer kommen. Du koum d'Maria him entgéint, huet d'Kräiz geschloen an ass iwwer d'Waasser gaange fir d'Eucharistie z'empfänken, huet d'Kräizzeechen nach eng Kéier gemaach, ass erëm zeréck iwwer d'Waasser gaangen a verschwonnen.

Wéi den Zosimas spéider eng Kéier zeréckkomm ass huet en d'Maria gesinn dout do leien. An de Buedem huet si nach geschriwwen datt si wéilt begruewe ginn. Obwuel si schonn e Joer dout war, war hire Kierper net verweest. Du koum op eemol e Léiw an huet mat sengen Tatzen hiert Graf ausgegruewen, an dat den Zosimas si dunn drageluecht huet.

Kult[änneren | Quelltext änneren]

Schonn am 6. Joerhonnert war der Maria hiert Graf Zil vu Pelerinagen. Soi-disant Reliquien sinn op Roum, Neapel an Antwerpen komm.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Maria vun Egypten – Biller, Videoen oder Audiodateien