Maulesmillen
Ausgesinn
Maulesmillen Maulusmillen | |
---|---|
Déi fréier Millen | |
Aussprooch |
|
An anere Sproochen |
fr: Maulusmühle de: Maulusmühle |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Klierf |
Gemeng |
Wëntger Wäiswampech |
Buergermeeschter |
Néckel Polfer |
Awunner | 15 |
06.02.2008 | |
Koordinaten |
50° 05’ 41’’ N 06° 01’ 31’’ O |
D'Maulesmillen (lokal: Maulusmillen[1]) ass e Lieu-dit an der Gemeng Wëntger, deen aus engem fréiere Café, engem Camping, enger fréierer Millen an enger fréierer CFL-Halt besteet. Een Haus, déi eigentlech Millen déi nërdlech vun der Wolz läit, gehéiert zu der Gemeng Wäiswampech.
Ausser datt d'Uertschaft an zwou Gemenge läit gehéiert se an der Gemeng Wëntger zu zwou verschiddene Kadastersektiounen, an zwar zu de Sektioune Saassel a Boxer[2].
Virun der Gemengefusioun vum 1. Januar 1977 huet d'Uertschaft zu der fréierer Gemeng Aasselbuer gehéiert.
Geographie
D'Maulesmillen läit am Wolzdall um Zesummelaf vun der Wemperbaach op der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen am Dräieck Rossmillen, Saassel a Klierf. Se läit och op der Kräizung vum CR373 mam CR335.
Kuckt och
- Millen zu Lëtzebuerg
- Gare Maulesmillen
- Fliger-Monument op der Maulesmillen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
Commons: Maulesmillen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
- ↑ Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise. Gekuckt de(n) 14.06.2020.
- ↑ Memorial 43 vun 1890