Norma (Stärebild)

Vu Wikipedia
Date vum Stärebild Norma
Lëtzebuergeschen Numm Wénkelmooss
Laténgeschen Numm Norma
Laténgesche Geenitiv Normae
Laténgesch Ofkierzung Nor
Positioun südlechen Himmel
Rektaszensioun 15 h 12 m bis 16 h 36 m
Deklinatioun −60° bis −42°
Fläch 165 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden 30° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
net ze gesinn
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
0
Hellste Stär,
Gréisst
γ2 Normae,
4,02m
Meteorstréim Gamma-Normiden
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Scorpius
Lupus
Circinus
Triangulum Australe
Ara
Stärebild Norma

D'Wénkelmooss, laténgesch Norma ass e Stärebild um südleche Stärenhimmel.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Norma steet südlech vum Stärebild Scorpius. D'Stärebild Norma ass keen opfällegt Bild, kee vu senge Stären ass méi hell wéi déi 4. Gréissteklass.

Duerch d'Norma zitt d'Band vun der Mëllechstrooss, dofir fënnt ee vill niwweleg Objeten, wéi oppe Stärekéip, Kugelstärekéip an Niwwel.

A Richtung Norma, bal net ze gesinn duerch eis Mëllechstrooss, ass e Galaxiëkoup. Hie gëtt Norma-Galaxiëkoup (Abell 3627) genannt an ass eng riseg Usammlung vu Galaxien op enger Distanz vu ronn 200 Millioune Liichtjoer. An him läit den Zentrum vum sougenannte Groussen Attrakter, op deen "eise" Galaxiëkoup, de Virgo-Koup sech zoubeweegt.

D'Stärebild Norma läit sou wäit südlech, datt et net vun eis aus gesi ka ginn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Stärebild gouf am Joer 1752 vum franséischen Astronom Nicolas-Louis de Lacaille ënner dem Numm „Norma et Regula“ agefouert. Et soll ee Wénkelmiesser an e Lineal duerstellen, déi vu Séifuerer fir d'Positiounsbestëmmung benotzt goufen.

Duerch d'offiziell Festleeë vun de Stärebildgrenzen duerch d'IAU am Joer 1930 goufe vill al Stärebiller auseneengerappt, dofir fënnt een z. B. am Stärebild Norma kee Stär mat der Bezeechnung α oder β. Dës Stäre stinn haut am Stärebild Scorpius an droen haut d'Bezeechnungen N an H Scorpii.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Nimm oder aner Bezeechnungen Gréisst Distanz
a Lj
Spektralklass
γ2 4,01m 128 G8 III
ε 4,46m 400 B4 V
ι 4,63m 140 A7 IV
η 4,65m 218 G8 III
δ 4,73m 124 Am
μ 4,87 bis 4,98m 4660 O9 Iab
κ 4,95m 438 G4 III
γ1 4,97m 1437 F9 Ia
θ 5,13m 295 B8 V
HR 6083 5,32m 458 B9 V
QU 5,35m 1195 B1.5 Ia
HR 5798 5,43m 468 A3 Vn
39 6,03m
HR 6055 6,45m 805 M2 IV

Duebelstären[änneren | Quelltext änneren]

System Gréissten Ofstand
ε 4,54 /6,68m 22,8"
ι 5,6 /5,8 / 8,8m 0,5 / 11"

Den γ1 an den γ2 Normae gesi mat bloussem A gekuckt, aus wéi Duebelstären. Tatsächlech awer handelt et sech ëm Stären, déi net duerch d'Gravitatioun unenee gebonne sinn, mä nëmme vun der Äerd aus gesinn, an enger Richtung leien, Den γ2 liicht giel an ass een Ënnerris op enger Distanz vun 128 Liichtjoer, den γ1 ass e bloe Risestär op enger Distanz vu 1437 Liichtjoer.

Den ε Normae ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vu 400 Liichtjoer. Déi zwou, 4,54 a 6,68m hell Komponente leien op engem Ofstand vun 22,8 Bousekonnen auserneen. Dee liichtschwaache Stär huet e Begleeder, deem säin Ofstand sou kleng ass, datt hien nëmme mat Spektroskopie nogewise ka ginn. Den ι Normae ass 140 Liichtjoer vun eis ewech an ass en enken Duebelstär, deem seng Komponente sech an 26,9 Joer ëmkreesen.

Verännerlech Stären[änneren | Quelltext änneren]

Objet Gréisst Period Typ
μ 4,87 bis 4,98m Alpha-Cygni-Typ
R 6,5 bis 13,9m 507,5 Deeg Mira-Typ
S 6,12 bis 6,77m 9,754 Deeg Cepheid
T 242,6 Deeg Mira-Typ

Den μ Normae liicht extreem blo an ass en Iwwerris op enger Distanz vu 4660 Liichtjoer vun eis ewech. Seng Hellegkeet variéiert tëscht 4,87 a 4,98m. Et handelt sech ëm ee verännerleche Stär vum Typ Alpha Cygni.

Den R an T Normae si verännerlech Stäre vum Typ Mira, deem seng Hellegkeet sech iwwer e laangen Zäitraum staark wiesselt.

Den S Normae ass ee pulsatiounsverännerleche Stär vum Typ Cepheiden. Hie läit am Oppene Stärekoup NGC 6087.

NGC-Objeten[änneren | Quelltext änneren]

NGC divers Gréisst Typ Numm
5925 8,4m Oppene Stärekoup
5946 9,6m Kugelstärekoup
5999 9,0m Oppene Stärekoup
6031 8,8m Oppene Stärekoup
6067 5,6m Oppene Stärekoup
6087 5,4m Oppene Stärekoup
6134 7,2m Oppene Stärekoup
6152 8,1m Oppene Stärekoup
6164 7,3m Niwwel

Den NGC 6067 ass een Oppene Stärekoup op enger Distanz vu 6000 Lichtjoer. Hien huet ongeféier 100 Stäre mat der 10. Gréissteklass.

3500 Liichtjoer vun eis ewech läit deen hellste Stärekoup am Norma, et ass den NGC 6087. Hien huet ongeféier 40 Stäre mat de Gréissteklasse vu 7. bis 11.

D'Galaxië vum Norma-Galaxiëkoup si wéinst hirer Distanz vun 200 Millioune Liichtjoer kaum mat engem klengen Teleskop ze gesinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Norma – Biller, Videoen oder Audiodateien