Op den Inhalt sprangen

Parc Tony-Neuman

Vu Wikipedia
Parc Tony-Neuman
E Kierelter (Cornus mas) am Park
Lokalisatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Lampertsbierg
Koordinaten 49°37'14,12"N, 6°6'38,81"O
Ugeluecht 1959
Bauhär Tony Neuman
Genannt no Tony Neuman
Fläch 4,55 ha

De Parc Tony-Neuman ass e Park mat Arboretum um Lampertsbierg an der Stad Lëtzebuerg. Den Tony Neuman (1902 – 1979) huet de Park hanner senger Villa ursprénglech vum Henri Luja plange gelooss a vun 1959 un huet dem Neuman säi Gäertner Alphonse Hollman sech drëm gekëmmert fir de Park ze gestalten an ze beplanzen[1][2].

Per Testament huet den Neuman d'Villa mam Park dem Roude Kräiz hannerlooss. De Park Neuman gëtt vun der Stad Lëtzebuerg betreit an ass fir jiddwereen op.

Am Park stinn eng 380 Beem (grouss Traisch net matgerechent), wouvun der eng Partie als bemierkenswäert Beem gezielt kënne ginn. Dozou gehéieren z. B.:

  • e Gewéinleche Pällem (Buxus sempervirens)
  • e Mammutbam (Sequoiadendron giganteum) mat engem Krounenduerchmiesser vun 11 m an enger Héicht vu 34 m
  • eng Gewéinlech Douglas (Pseudotsuga menziesii)
  • eng Bluttbuch (Fagus sylvatica ʽAtropunicea’) déi schonn do stoung, ier de Park amenagéiert gouf.

Skulpturen am Park (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Parc Tony-Neuman – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Den Alphonse Hollman war vun 1958 bis 1979, dem Doudesjoer vum Tony Neuman, säi private Gärtner. Duerno war hien nach bis zu senger Pensioun am Joer 1990 Gärtner am Service des parcs vun der Stad Lëtzebuerg fir den Tony-Neuman-Park zoustänneg. Quell: Manuskript zu enger Visite guidée vum Alphonse Hollman, an der Botanescher Sektioun vum Naturmusée.
  2. 2,0 2,1 “Die Bäume in der Stadt – Geschichte, Arten und Pflege”, Service Parcs, Ville de Luxembourg, 2024, S. 94
  3. Den Alphonse Hollman war Privatgäertner vum Tony Neuman an huet éischt detailléiert Beschreiwunge vum Tony-Neuman-Park an den Nummeren 23 a 24 vun AAT-Info publizéiert. Quell: Hollman & Schroeder 1997 an der Literatur.