Op den Inhalt sprangen

Parverband Kiischpelt

Vu Wikipedia
Vue vu Lellgen aus iwwer de Kierchepad op déi Pënscher Parkierch

De Parverband Kiischpelt war bis 2013 e Parverband an der Pastoralregioun Norden an huet aus follgende 5 Pare mat hire Filialkierche bestanen. E gouf an den neie Parverband Wooltz, Kiischpelt integréiert:

Dës 5 Paren an hir Filialen hu sech iwwer d'Gebitt vun 3 Gemenge verdeelt: Kiischpelt (Pënsch, Wëlwerwolz, Äischer, Lellgen, Kautebaach, Mäerkels, Alschent), Eschweiler (Eschweiler, Knapphouschent, Selschent - 2015 mat der Gemeng Wolz fusionéiert) a Klierf (Draufelt, Siwwenaler).

De Parverband gehéiert zum Dekanat Wolz. Paschtouer am Kiischpelt war vu September 2001 bis 2007 de Francis Erasmy. Am Oktober 2007 gouf de Parverband dem Martin Molitor, Dechen zu Wolz, an dem Marc Gilniat, bäigeurdnete Paschtouer, uvertraut.

De Parverband Kiischpelt gouf den 1. Oktober 2002 gegrënnt, wéi den Äerzbëschof Fernand Franck am ganze Lëtzebuerger Land d'Parverbänn an d'Liewe geruff huet.

Zentrum vum Parverband Kiischpelt ass Pënsch, well dëst déi gréisst an eelst Par (7.-8. Joerhonnert) vum Verband ass. Säit éiwegen Zäiten awer hat dës Par den Numm Kiischpelt. Dat kënnt vum däitsche Wuert „Kirchspiel“, en Numm, dee fréier op vill grouss Paren zougetraff ass. Dësen Numm ass hei erhale bliwwen, well Pënsch sou eng Mammepar bliwwen ass, eng Par mat villen Dierfer a Kierchen. Haut ass Pënsch déi gréisst Par am Land, wat d'Zuel vun den Dierfer a vun de Kierchen ugeet.

Fréier huet zu der Par Kiischpelt och bis 1806 Mäerkels-Alschent, a bis 1807 en Deel vu Kautebaach nërdlech vun der Klierf a vun der Wolz gehéiert. Eeschwëller mat Knapphouschent a Selschent huet Ufanks zu Wolz gehéiert a gouf am 12. Joerhonnert eng eege Par. Schliisslech gouf och Knapphouschent 1808 mat Selschent eng eege Par.