Op den Inhalt sprangen

Péil Schlechter

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Pe'l Schlechter)
Péil Schlechter
De Pe'l Schlechter am Oktober 2022
Gebuertsnumm Paul Marie Jean Pierre Schlechter
Gebuer 20. Abrëll 1921
Lëtzebuerg
Gestuerwen 2. September 2026
Lëtzebuerg
Alter 105 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Zeechner, Dichter, Architekt, Grafiker, Graphiker
Auszeechnungen Lëtzebuerger Buchpräis
Famill
Papp Demy Schlechter
Geschwëster Ger Schlechter
Kanner Pit Schlechter

De Paul Marie Jean Pierre „Péil“ (oder an eegener Schreifweis: „Pe'l“) Schlechter, gebuer den 20. Abrëll 1921 am Quartier Lampertsbierg vun der Stad Lëtzebuerg[1], a gestuerwen den 2. September 2026[2][3], war e lëtzebuergeschen Zwangsrekrutéierten[4], Architekt a Graphiker.

Hien ass de Lëtzebuerger duerch seng verschidde graphesch Aarbechten (Plakater, Illustratiounen, Bande dessinéeën, Timberen, Exlibris, Placketten a Mënzen) awer och duerch seng Gedichter, Geschichten, Texter an Artikele gutt bekannt.

A senger Chronik iwwer Comicken zu Lëtzebuerg bezeechent de Luke Haas hien als de Pionéier vun der lëtzebuergescher Bande dessinée, dee sech mat engem minimalisteschen Zeechestil als éischte Lëtzebuerger op "de Comic-Parkett" gewot huet. Dem Pe'l Schlechter seng Comicken a Karikature sinn ënner anerem an de Wochenzeitungen d'Lëtzebuerger Land a Revue erauskomm.

Säi Comic De Bim an de Jopi ass am Oktober 1948 an der Revue ugelaf an huet no zwou Geschichten (49 Fortsetzungen) am Oktober 1952 opgehalen. 1964 huet de Pe'l Schlechter mat dem Zeechne vu Comics opgehalen.

Tëscht 1974 an 1976 gouf dem Pe'l Schlechter seng éischt Geschicht iwwer "De véiereckege Rondel" an der Revue de la Jeunesse nach eng Kéier opgeluecht.

2012 huet hie mat De Pol muss an de Krich seng Erënnerunge virun allem aus der Zäit vum Zweete Weltkrich publizéiert.

2013 koum Wéini kënnt fréier erëm? no, iwwer seng Kandheetsperiod virum Krich.

Nach am héijen Alter huet hie Reimereien (2024) a Fabelen (2025) erausbruecht.

1970 war de Péil Schlechter ee vun de Matgrënner vum Aikido Club Luxembourg.

Hie war de Jong vum Demy Schlechter, de Brudder vum Ger Schlechter, de Monni vum Lambert Schlechter[5] an de Papp vum Pit Schlechter.

De Péil Schlechter war mat der Yvette Meyer bestuet; d'Koppel hat zwéi Bouwen.[2]

  • Einfach esou. E Grapp erfonnte Geschichten. Éditions Guy Binsfeld, 2023, ISBN 978-2-919822-07-2
  • Wéini kënnt fréier erëm? Et kann net ëmmer Krich sinn. Éditions Guy Binsfeld, 2013, ISBN 978-2-87954-276-8
  • De Pol muss an de Krich. Erënnerongen an Niewesaachen. Éditions Guy Binsfeld, 2012, ISBN 978-2-87954-259-1
  • De Bim an de Jopi - (De véiereckege Rondel / De bloen Hari), Ed. Saint-Paul, 1993, Zack Publications

Éierungen a Gielercher

[änneren | Quelltext änneren]
  • Braun, F., 2026. De Carlo war e Knéckjang. Aus senger Fieder stammt deen alleréischte Layout vum Land: 105 Joer ass de Grafiker, Zeechner a Schrëftsteller Pe'l Schlechter dësen Abrëll ginn. Mir waren op Besuch. D'Lëtzebuerger Land, 05.06.2026, S. 18-19. [Interview mam Péil Schlechter bei der Geleeënheet vu sengem 105. Gebuertsdag. Mam Carlo ass de Carlo Hemmer gemengt].
  • Thill, M., 2021. Künstlerischer Tausendsassa wird hundert. Der Grafiker, Designer, Dichter und Comic-Zeichner hat Luxemburg auf mannigfaltige Weise geprägt. Luxemburger Wort vum 20. Abrëll, S. 19.
  • Comics in, aus und über Luxemburg - Luke Haas - Éditions Schortgen - 2007 (S. 128-133)
  • Crayon - Plume - Pinceau. Hommage à Pe'l Schlechter. - Luxembourg: Société des Foires Internationales de Luxembourg, 1996.
 Commons: Péil Schlechter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Gebuertsakt Nr. 161 vum 21. Abrëll 1921 vun der Stad Lëtzebuerg
  2. 1 2 Familljenannonce am Luxemburger Wort vum 5. September 2026, S. 46
  3. (lb) En ass 105 Joer al ginn: De BD-Kënschtler a Schrëftsteller Pe'l Schlechter ass dout. RTL Lëtzebuerg (02.09.2026). Gekuckt den 02.09.2026.
  4. De Paul Schlechter op der Websäit vun der Fédération des Enrôles de Force
  5. Braun F. 2026
  6. 1 2 3 (de) Saarländischer Mundartwettbewerb / Sproochconcours (Gëllene Schniewel). Luxemburger Autorenlexikon. Gekuckt de 04.09.2026.
  7. (fr) Pe'l Schlechter. Dictionnaire des auteurs luxembourgeois (20.04.1921). Gekuckt de 04.09.2026.
  8. (fr) Remise de distinctions ... ... au Ministère de la Culture. viewer.eluxemburgensia.lu Säit 61. Escher Tageblatt (19.06.2009). Gekuckt de 04.09.2026.