Pierre Brück

Vu Wikipedia
Pierre Brück
Gebuer 18. August 1834
Arel
Gestuerwen 11. September 1893
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Drécker, Editeur

De Pierre Michel Brück, gebuer den 18. August 1834 zu Arel a gestuerwen den 11. September 1893 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Drécker an Editeur.[1]

Eng Buchdréckerfamill[änneren | Quelltext änneren]

De Pierre Brück war de Jong vum Buchdrécker Pierre André Brück an der Margaretha Berchem vun Arel. Den 22. Oktober 1860 huet hie sech an der Stad mat der Margaretha Eugénie Michaëlis, gebuer de 15. September 1840, Duechter vum Stater Geschäftsmann Michel Michaëlis an der Maria Johanna Fischer.[2]

Am Joer 1856 huet de Pierre Brück d'Successioun vu sengem verstuerwene Stéifgrousspapp, dem Drécker Jean François Schmit-Brück aus der Paschtoueschgaass an der Stad, dem zweete Mann vu senger Groussmamm Marie Catherine Schmid, Wittfra Brück, iwwerholl.[3].

Drécker an Editeur[änneren | Quelltext änneren]

Den 1. Abrëll 1856 gouf de Pierre Brück Drécker an Editeur vum Luxemburger Wort, dat bis dohi vum Hugo Florian gedréckt gi war.[4] Vun 1869 bis 1884 huet hien och d'Luxemburger Sonntagsblatt, d'Sonndesbliedchen, gedréckt.

1884 krut de Brück Sträit mam Wort. Déi lescht Nummer, déi hie gedréckt huet war déi vum 17. November 1884. Direkt uschléissend huet hien e Konkurrenzblat Das freie Wort lancéiert,[5] deem seng éischt Nummer den 19. November 1884 erauskomm ass, an déi lescht den 31. Mäerz 1887. Dunn huet de Brück Das freie Wort duerch d'Zeitung Luxemburger freie Presse ersat, déi vun 1887 bis 1895 erauskoum.[6]

D'Affer vun engem Schlag[änneren | Quelltext änneren]

De Pierre Brück ass un engem Schlag gestuerwen.[7] Mat der Liquidatioun vu senger Successioun goufen den Drécker a Libraire Léon Bück aus der Stad an den Nottär Edouard Welter vun Duelem betraut.[8]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Brück, P., 1884. Die Lebensgeschichte des Luxemburger Wort für Wahrheit und Recht. 1848–1884. Luxemburg, 40 S.[9]

Nieft dëser Publikatioun zielt de Martin Blum a senger „Bibliographie luxembourgeoise“ (1902-1932) nach dës Schrëfte vum Pierre Brück op:[10]

  • Quelques données et observation à l'usage du Tribunal et des personnes qui s’intéressent au procès Léon Bück contre Pierre Brück. Luxembourg, P. Brück, [1883], 21 p.
  • Mémoire pour servir à l'appréciation de la situation de l'église dans le Grand-Duché de Luxembourg. Luxembourg, P. Brück, 1885, 8 p.
  • Die Machthaber unserer neuen kirchlichen Aera. Luxembourg, P. Brück, 1885, 4 S.
  • Luxemburger Hauskalender zur Förderung christlicher Heiterkeit, 1888. Luxemburg, P. Brück, 143 S.
  • Deux Mémoires adressés à Son Excellence Monsieur Ed. Thilges, Ministre d'État, Président du Gouvernement à Luxembourg, par rapport au testament d'Adélaïde Clesse. – 28 mars 1888, 4 p. in fol. et 30 juillet 1888, 10 p. in fol.
  • Streiflichter über den Press-Prozess Advokat-Anwalt Fohl contre „Luxemburger freie Presse“. Luxemburg, P. Brück, 1892, 10 S. (19 S.?)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonymus, 1998. Personnagen : Pierre Bruck, 11. September. Lëtzebuerger Journal 1998-09-11, Nr 172, S. 23.
  • Blum, M., 1981. ‘’Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus.’’ Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. Kraus International Publications, München, vol. 1: A-L, XXXIII-756 p.
  • Grégoire, P., 1966. Drucker, Gazettisten und Zensoren. Bd. 5. Luxemburg, St.-Paulus-Druckerei, 278 S.
  • Hilgert, R., 2004. Zeitungen in Luxemburg, 1704-2004. Luxembourg, Service Information et Presse, 258 S.[13]
  • Spedener, G., 1937. Die im Luxemburger Lande lebten und webten. Biographische Notizen. Grevenmacher, P. Faber, 106 S.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Spedener 1937, S. 14.
  2. Luxroots.com.
  3. Luxemburger Wort 1856-04-04, Nr. 41, S. 4 (Annonce, Pierre Brück, Successeur de Schmit-Brück).[1]
  4. Luxemburger Wort 1856-03-21, Nr. 35, S. 1 (Ankündigung).[2]
    Hilgert 2006, S. 71 a S. 129.
  5. Luxemburger Wort 1884-11-18, Nr. 269, S. 1 (Das freie Wort).[3]
    Blum, M., 1901. Geschichtlicher Rückblick auf die im Grossherzogthum Luxemburg bisher erschienenen Zeitungen und Zeitschriften, XXVII. Ons Hémecht 1901, Nr. 3, S. 118-130.[4]
  6. Spedener 1937, S. 14 ; Grégoire 1966, S. 79 ; Anonymus 1998 ; Hilgert 2004, S. 129-132.
  7. Luxemburger Wort 1893-09-11, S. 3 (Lokal-Neuigkeiten: Luxemburg, 11. September.[5]
  8. Obermosel-Zeitung 1893-09-19, Nr. 75, S. 2 (Miszellen)
  9. Am Kapitel „Luxemburger Wort für Wahrheit und Recht“ vu senger Etüd „Geschichtlicher Rückblick auf die im Großherzogthum Luxemburg bisher erschienenen Zeitungen und Zeitschriften“ huet de Martin Blum dëser Publikatioun virgeworf, villes doranner géif net stëmmen:
    Ons Hémecht 1900, Nr. 6, S. 257-265.[6]
    Ons Hémecht 1900, Nr.10, S. 434-571.[7]
    Ons Hémecht 1900, Nr. 11, S. 497-506.[8]
    Ons Hémecht 1900, Nr. 12, S. 537-541.[9]
    Ons Hémecht 1901, Nr. 2, S. 71-82.[10]
    Ons Hémecht 1901, Nr. 3, S. 118-130.[11]
    Ons Hémecht 1901, Nr. 11, S. 561-571.[12]
  10. Blum 1981, S. 125-126.