Rolf Kauka

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Rolf Kauka
Gebuer 9. Abrëll 1917
Markranstädt
Gestuerwen 13. September 2000
Thomasville
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Comicauteur, Editeur, Illustrateur
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Rolf (Paul Rudolf) Kauka, gebuer den 9. Abrëll 1917 zu Markranstädt an Däitschland a gestuerwen den 13. September 2000 zu Thomasville an Georgia (USA), war en däitsche Comicproduzent a -verleeër. Wéinst sengem groussen Erfolleg ass hien och als den "däitsche Walt Disney" bezeechent ginn. Seng bekanntst Figure si Fix und Foxi

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Eltere vum Rolf Kauka koumen aus Finnland, mä de Kauka ass a Sachsen opgewuess. Seng éischt Cartoonzeechnunge goufen an den Zeitungen Leipziger Neuesten Nachrichten a Weißenfelser Tageblatt publizéiert. An där Zäit war de Rolf nach am Lycée. Nom Lycée goung hien op d'Universitéit fir Betribswirtschaft ze studéieren. De Studium gouf vum Zweete Weltkrich ënnerbrach, well hien als Offizéier[Source?] an d'Wehrmacht agezu gouf. 1943 huet de Rolf Kauka sech bestuet. D'Koppel krut 2 Joer méi spéit hiert Meedchen, d'Mascha

Aktivitéiten als Verleeër[änneren | Quelltext änneren]

Wéi de Kauka am Joer 1950 gesinn huet, wat fir en Erfolleg d'Comics an den USA haten, huet hien doranner eng Chance gesinn, eng nei Maartméiglechkeet an Däitschland z'erschafen, well deemools d'Comics do nach zimlech onbekannt waren. Säi Problem war awer, datt et an Däitschland keng gëeegent oder ausgebilte Comiczeechner gouf. Dofir huet den Rolf Kauka ugefaange seng eegen Comicfiguren ze erfannen, bis en dann 1951 den Entschloss gefaasst huet, de Kauka Verlag zu München ze grënnen. Am Verlag konnt hien natierlech net eleng schaffen, a well et an Däitschland keng gëeegent Leit goufen, huet hie Leit aus Jugoslawien, Italien a Spuenien ugestallt. De Kauka hat schonn eng Figur a Form vun engen Fuuss erfonnt, mä seng Zeechnunge waren nach ze realistesch, fir datt s'als Comicfiguren hätte benotzt kënne ginn. An deem Moment ass den Illustrator Walter Neugebauer an d'Spill komm, hien huet et fäerdegbruecht, dem erfonnte Fuuss vum Kauka anthropomorph Zich ze ginn an huet him doduerch den entspriechenden "Comic-Zuch" ginn an ass wéinst vun dëser Aarbecht "Art Director" vum Kauka Verlag ginn. Spéider ass de Walter Neugebauer och als Zeechner vun den Haribo-Goldbiere bekannt ginn.

Ier de Kauka Verlag iwwerhaapt e vollstännegen Comic publizéiert huet, war en Editeur vum Magasinn ER - Die Zeitschrift für den Herrn. Till Eulenspiegel war dat éischt Comic-Heft, dat 1953 publizéiert gouf. D'Figuren am Heft waren Adaptatioune vun deenen aus den däitsche Volleksgeschichten. Déi zwee erfonnten Fiiss, "Fix und Foxi", sinn eréischt am 6. Heft an enger Kuerzgeschicht opgedaucht an si ganz séier zum Lieser-Liibling opgestigen. Zu deem Moment konnt awer nach kee wëssen, datt déi Serie de gréissten däitsche Comic-Erfolleg géif ginn. Am Ganze si 750 Milliounen Hefter mat de Geschichte vun den zwéi Fiiss verkaf ginn. A Spëtzenzäite goufen iwwer 400.000 Exemplairen bannent enger Woch verkaf. 

Dem "däitsche Walt Disney" gëtt ëmmer erëm virgeworf, hie géif an senge Comic déi US-amerikanesch Comics kopéieren. Fix und Foxi hunn zu Fuxholzen gewunnt, wou sech och hir Geschichten ofgespillt hunn. D'Dageszeitung Die Welt geheit dem Rolf Kauka fir, datt d'Geschichte vun den zwéi Fiiss eng Kopie vun "Entenhausen" wieren[1]. De Professor Knox aus Fix und Foxi soll staark dem Daniel Düsentrieb an de Lupo staark dem Goofy, déi alle béid Disney-Figuren sinn, änelen[2].

Déi franséisch-belsch Comic Astérix et Obélix goufe vum Kauka verdäitscht an ënner dem Numm Siggi und Babarras publizéiert ginn, wat him ufanks och vun de franséischen Auteuren erlaabt gouf. Mä mat der Zäit huet de Kauka ëmmer méi an de Geschichten ëmgeännert: Déi berühmte Gallier bei Astérix et Obélix waren bei Siggi und Babarras zu Germane ginn an hir Geschichte goufen duerch d'politesch Situatioun an Däitschland vun 1960 staark beaflosst. De Kauka huet et souwäit bruecht, datt d'Geschichte sech wäit ewech vum eigentleche franséische Wierk entwéckelt hunn, dofir hunn d'Grënner vun de Figuren, de René Goscinny an Albert Uderzo, dem Kauka d'Rechter entzunn, fir hire Comic weiderhin an däitschter Versioun ze publizéieren. 

Pit und Pikkolo (Spirou et Fantasio), Tim und Struppi  (Tintin), die Schlümpfe  (Les Schtroumpfs), Lucky Luke ware franséisch-belsch Comics, déi de Kauka och an senge Magasinnen an däitscher Versioun publizéiert huet. Dem Rolf Kauka säi Verlag gëtt haut fir seng däitsch Versioune kritiséiert, well hien net, wéi seng Konkurrenten, versicht huet sech u bestëmmt Iwwersetzungstechniken ze halen an domat sou no wéi Méiglech un der Original-Versioun ze bleiwen. Mä dem Kauka seng däitsch Redaktioun huet amplaz vun den Iwwersetzungen, Texter agesat, déi hirer Meenung no gutt dobäi passe géifen.

Ufanks vun den 1970er Joren huet de Kauka ugefaange Kuerzfilmer a laang Zeechentrickfilmer iwwer Fix und Foxi ze dréinen. 1973 huet hien dem Pabel-Moewig-Verlag säin eegene Verlag kaaft, mä hien huet d'Recht behalen, bei Froen déi seng Figure betreffen, matschwätzen ze kënnen. Zwee Joer méi spéit huet de Kauka d'Kauka Comic Akademie, eng Schoul fir Comic-Auteuren gegrënnt, wourun ee kloer mierkt, datt et dem Kauka um Häerz louch d'Comic-Welt an Däitschland weider no vir ze bréngen. Duerno huet de Kauka sech ëmmer méi op seng Plantagen an Georgia an den USA zeréckgezunn, vu wou aus hie sech awer weider ëm seng Figure Fix und Foxi bekëmmert huet.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Genre-Wandel: Den Tod von "Fix & Foxi" muss keiner betrauern. In: welt.de, 19. Juni 2009
  2. 9. April 1917 - Geburtstag des Comic-Herausgebers Rolf Kauka, Audio WDR Stichtag, In: wdr.de, 9. April 2017