Rue de Halanzy (Hollerech)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der fréierer Rue de Halanzy zu Hollerich. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Rue de Halanzy (Homonymie).
Rue de Halanzy
Numm fr: Rue de Halanzy
Fréieren Numm fr: Rue du Chantier (bis 1925)[1]
Holdingerstraße
Bemierkung D'Strooss besteet net méi!
Längt ca. 200 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Hollerech
Koordinaten 49° 35’ 48.1’’ N
      06° 07’ 07.3’’ O
Genannt no Hueldang

D'Rue de Halanzy war bis uganks vun den 1980er Joren eng Strooss am Quartier Hollerech vun der Stad Lëtzebuerg. Se goung am Gaasperecherbierg, ënnerzeg vun der Eisebunnsbréck, als Sakgaass a Richtung Oste fort bis bei Fabrécksgebaier vu Paul Wurth S.A.[2].

Duerch de Bau vum Gebai vun den Assurances Sociales ass dës Strooss verschwonnen.

D'Strooss hat den Numm vun der haiteger belscher Uertschaft Hueldang (fr: Halanzy), déi iwwer Joerhonnerten a bis 1839 zum Groussherzogtum Lëtzebuerg gehéiert huet.

Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet d'Strooss Holdingerstraße geheescht, als däitsch Iwwersetzung vun Halanzy[3].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. „Neubenennung von Strassen der Stadt Luxemburg“ am Luxemburger Wort, Nummer 155, 4. Juni 1925, S. 11
  2. Evy Friedrich, 1983. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 13: 30-31
  3. Luxemburger Wörterbuch Bd. 2, Sp. 182b bis 185ba op infolux.uni.lu, dem Fuerschungsportal iwwer d'Lëtzebuergescht