SES-14

Vu Wikipedia
SES-14
Typ Kommunikatiounssatellit
Land Lëtzebuerg
COSPAR-Bezeechnung 2018-012B
Dimensioun 4,0 × 5,4 × 2,7 m
Spanwäit
Fabrikant Airbus Defense and Space
Satellittebus E3000EOR
Liewensdauer 15 Joer
Bedreiwer SES S.A.
Transponder 20 Ku-Band an 28 C-Band Transponder
Undriff 6 Safran/Snecma Hall-Effet-Dreifwierker
Energieleeschtung 16 kW (EOL)
Éischt Positioun 47,5˚ West
Lescht Positioun
Start 25. Januar 2018, 22:20 UTC
Startgewiicht 4426 kg
Startplaz CSG, ELA-3
Drorakéit Ariane 5 ECA
Status aktiv

Den SES-14 ass e kommerzielle Kommunikatiounssatellit vun der lëtzebuergescher Firma SES.

Start[änneren | Quelltext änneren]

Den SES-14 gouf de 25. Januar 2018 um 22:30 UTC zesumme mam Kommunikatiounssatellit Al Yah 3 an der ieweschter Startpositioun vun der Duebelstartvirriichtung mat enger Ariane-5-ECA-Drorakéit vun der Startramp ELA-3 vum Centre Spatial Guyanais an e supersynchrone Geotransferorbit bruecht. De Satellit gouf no ronn 27 Minutte Fluch vun der Uewerstuf ofgetrennt. Amplaz vun der virgesinner Ëmlafbunn vu 250 × 45.000 km mat 3° Bunnschréi gouf den SES-14 awer an en däitlech méi schréien Orbit bruecht (232 × 43.198 km; 20,64°). Doduerch hu missen zousätzlech 166 m/s Delta v opbruecht ginn, fir d'Bunnschréi ze reduzéieren. D'Zäit bis zum Erreeche vum geplangte geostationären Orbit huet sech ëm ronn 4 Woche verlängert. Well de Satellit e ganz effizienten Hallundriff huet, wäert dëst warscheinlech ouni Behënnerung vun der geplangter Liewensdauer méiglech sinn[1]. Den SES-14 goung am September 2018 op der geplangter Positioun a Betrib.

Opbau[änneren | Quelltext änneren]

Den SES-14 ass mat 20 Ku-Band- an 28 C-Band Transponderen ausgerëscht a soll vun der Positioun 47,5˚ West aus Nord- a Südamerika, d'Karibik, den Nordatlantik, Westeuropa an de Mëttelmierraum mat Telekommunikatiounsdéngschtleeschtungen a Televisioun zerwéieren. De Satellit baséiert um Satellittebus Eurostar-3000EOR (Electric Orbit Raising) vum Airbus Defence and Space a benotzt fir all Undriffszwecker effizient Hall-Effet-Dreifwierker amplaz vu cheemesche Rakéitendreifwierker. Déi 6 PPS5000-Dreifwierker vum Fabrikant Safran/Snecma mat jee 2–5 kW Leeschtung gi fir d'Unhiewe vum Orbit mat héijem Schub (300 mN) a klengem spezifischen Impuls (1700 s) bedriwwen, fir kleng Korrekturmanöveren a fir d'Anhalen vun der geplangter Positioun da mat niddregem Schub (180 mN) a méi héijem spezifischen Impuls (1850 s).

Als sekundär Notzlascht gouf d'NASA-Experiment Global-scale Observations of the Limb and Disk (GOLD) an de Satellit integréiert. Iwwer fënnef Joer soll domat all 30 Minutten d'Temperatur an d'Zesummesetzung vun der Ionosphär an der Thermosphär gemooss ginn. GOLD gouf am Kader vum Explorer-Programm entwéckelt a baséiert op engem Spektroskop am wäiten UV-Beräich. D'Instrument ass 40 × 30 × 70 cm grouss, huet e Gewiicht vu 36 kg a verbrauch 72 W Stroum.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. |titel=A Bizarre Failure Scenario Emerges for Ariane 5 Mission Anomaly with SES 14 & Al Yah 3 |werk=Spaceflight101 |datum=2018-01-26 |zugriff=2018-01-30