Schabloun:WDS 22. Dezember
Ausgesinn
- ... bis 1952 den Napoleonsgaart, dono bis 1997 d'Buergplaz zu Huldang, an zanterhier Op Kneiff als déi héchst Plaz zu Lëtzebuerg gëllt?
- ... dem Geoffrey Chaucer säin allegorescht Gedicht The Parliament of Fowls dacks als Geleeënheetsgedicht fir d'Hochzäit vum Kinnek Richard II. mat der Anne vu Béimen gedeit gëtt?
- ... ëm d'Joer 2020 Wëllef vun der mëtteleuropäescher Flaachlandpopulation a vun där aus dem Alperaum sech an der Regioun ëm d'Belsch a Lëtzebuerg vereenegt hunn?
- ... den 3. Tuerm vum Europäesche Geriichtshaff, mat 115 Meter Héicht, dat héchst Gebai zu Lëtzebuerg ass (Antennemasten net matgerechent)?
- ... déi éischt Parkauer zu Lëtzebuerg am Abrëll 1958 an der Stad bei der Post um Piquet an an der Aldrengerstrooss opgestallt gouf?