Schlass Uespelt
Dësen Artikel beschäftegt sech mat mam Schlass vun Uespelt, an der Gemeng Fréiseng. Fir dat vun Urspelt (Ischpelt) an der Gemeng Klierf, kuckt wgl. Schlass Ischpelt. |
Typ |
Buerg, Schlass |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Fréiseng |
Plaz | Uespelt |
Adress | 37, Péiter vun Uespelt-Strooss |
Koordinaten |
49° 31’ 28’’ N 6° 13’ 22’’ E |
Proprietär | Fréiseng |
Statut | Klasséiert Monument |
D'Schlass vun Uespelt zu Uespelt an der Gemeng Fréiseng ass eng barock Residenz, déi 1590 op der Plaz vun enger mëttelalterlecher Waasserbuerg aus dem 11. Joerhonnert gebaut gouf.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Et ass méiglech, datt d'Buerg aus dem Mëttelalter hirersäits op réimesche Fëllementer gebaut gouf. Déi eelst erhale schrëftlech Quell, an där vun der Buerg rieds geet, ass vun 963[1]. Duerno gëtt d'Schlass am Theoderich vu Wied senger Chronik vun Iechternach aus dem Joer 1132 ernimmt. D'Fëllementer vun de ronne goteschen Tierm si warscheinlech aus dem 14. Joerhonnert. D'Aarbechten um Gebai, wéi et haut nach besteet, goufe 1590 vun de Famille Ruelle, Kempt a Burthé fäerdeggestallt.
1777 huet d'Famill de Martiny d'Schlass vergréisseren an nei barock Fënsteren abaue gelooss. 1957 gouf de Rez-de-chaussée vum Südwest-Tuerm restauréiert. D'Schlass ass zanter 1992 am Besëtz vun der Gemeng Fréiseng.
Zanter 2010 gouf et Pläng, fir d'Schlass ze restauréieren; deemools sinn haaptsächlech d'Diech vum Schlass an den Dependancen erneiert ginn[2].
(…)
Den CSV-LSAP-Gemengerot hat 2017 Pläng ausgeschafft, fir d'Schlass fir 11,4 Milliounen Euro ze renovéieren an nieft engem Versammlungsraum och d'Büroe vum Schäfferot dran z'amenagéieren. Den neie Gemengerot (Koalitioun Är Equipe-DP[3]) deen aus de Wale vun 2017 ervirgaangen ass, huet déi Pläng awer gestoppt, well e wollt, datt d'Gemengeverwaltung am Chef-lieu zu Fréiseng bleiwe sollt an de Site vum Schlass sech net fir administrativ Zwecker eegene géif. D'Schlass sollt fir kulturell Zwecker gebraucht kënne ginn[4].
An de fréiere Scheieren am südlechen Deel vum Schlassterrain gouf bis 2024 dat mëttelst Gebai an e Festsall (mat enger Tribün fir 110 Plazen an enger Bar) ëmgebaut, an am westlechen Deel vun der Scheier sinn ewell en Duerfbuttek an zwou Vakanzewunnengen. Beim Ëmmbau goufe verschidden historesch Elementer erhalen, wéi z. B. e gewëllefte Keller. De Bannenhaff vum Schlass gouf an eng Duerfplaz ëmgewandelt.[5]
Sonnenauer
[änneren | Quelltext änneren]Ufank vun den 2020er Jore gouf eng Renaissance-Sonnenauer iwwer enger Dier an enger 2 m héijer Mauer um Terrain vum fréiere Paschtoueschhaus entdeckt. Si ass 112 cm breet a ronn 50 cm héich. Dës Sonnenauer war ursprénglech entweeder iwwer engem Agank op der rietser Südsäit vum Schlass oder iwwer der Dier vun der fréierer Grafkapell, déi 1514, zesumme mat der aler Kierch vun den deemolegen Herrschaften "v. Busleyden" / "v. Kempt" gebaut gouf.[6]
Nationaalt Monument
[änneren | Quelltext änneren]D'Uespelter Schlass gouf den 2. Dezember 2011 op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument opgeholl[7].
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de Lëtzebuerger Buergen a Schlässer
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Fréiseng
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (de)Aspelter Schloss vor Renaissance. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (28.01.2019). Gekuckt de(n) 19.10.2021.
- ↑ "Das Schloss vor dem Verfall retten", Luxemburger Wort, 24 November 2010.
- ↑ (de)Roger Beissel wird neuer Bürgermeister. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (09.10.2017). Gekuckt de(n) 19.10.2021.
- ↑ (de)Der Bürgermeister, der nicht ins Schloss wollte. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (15.11.2017). Gekuckt de(n) 19.10.2021.
- ↑ "Nach Renovierung: Im Aspelter Schloss können demnächst Besucher übernachten." wort.lu, 06.12.2024.
- ↑ Serge Frantzen, Historisches Relikt: Renaissance-Sonnenuhr in Aspelt gefunden. Noch gibt der geheimnisvolle Fund etliche Rätsel auf., Die Warte 21|2799, S. 4-5, Luxemburger Wort, 4.7.2024
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).