Serge Wilmes

Vu Wikipedia
Versioun vum 11:34, 12. Okt. 2020 vum 83.99.66.253 (Diskussioun) (Websäit à-jour gesat.).
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Serge Wilmes
Gebuer 6. Mee 1982
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Historiker
Partei CSV

De Serge Wilmes, gebuer de 6. Mee 1982 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen CSV-Politiker.

Hien huet zu Lëtzebuerg an zu Nanzeg Geschicht studéiert.[Wéini ?]

Vun 2007 bis 2008 huet hien an de Staatsarchive geschafft[1]. Vun 2008 bis 2014 war hie President vun der CSJ[2].

Den 11. Oktober 2011 gouf hien als Deputéierten an der Chamber vereedegt, wuer en op d'Plaz vum verstuerwene Lucien Thiel nogeréckelt ass. Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 an deene vum 14. Oktober 2018 gouf hien erëmgewielt[3].

Bei de Gemengerotswalen 2017 gouf hien an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg gewielt, wou e Schäffe gouf[4].

Um Spaweck

Commons: Serge Wilmes – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Fichier op der Websäit vun der Chamber
  2. "Charel Hurt neuer Vorsitzender der CSJ". Wort.lu, den 1. Februar 2014, fir d'lescht gekuckt den 8. Dezember 2018
  3. elections.lu.
  4. "7 Buergermeeschteren hunn den Eed ofgeluecht." rtl.lu, 22.11.2017, 19:45:07.