Sigismund (HRR)
Sigismund | |
---|---|
Titelen | |
Kinnek a Keeser vum Hellege Réimesche Räich | |
Zäit | 1433 bis 1437 |
Virgänger | Ruprecht vun der Pfalz |
Nofollger | Albrecht II. |
Biographie | |
Gebuer |
14. Februar 1368 jul. Prag |
Gestuerwen |
9. Dezember 1437 jul. Znojmo |
Papp | Karel I. vu Lëtzebuerg |
Mamm | Elisabeth vu Pommern |
Geschwëster | Anne vu Béimen, Wenzel II. vu Lëtzebuerg, Johann vu Görlitz |
De Sigismund vu Lëtzebuerg ((fr)Sigismond de Luxembourg, (de)Sigismund oder Siegmund von Luxemburg), gebuer de 15. Februar 1368 an der Räichsstad Nürnberg, a gestuerwen den 9. Dezember 1437 zu Znojmo (Mieren), war dee leschte Kinnek a Keeser vum Hellege Réimesche Räich aus dem Haus Lëtzebuerg. Hien ass als drëtteelste Jong vum Karel I.
Duerch säi Bestietnes 1385 mat der Maria, der Duechter vum Ludwig den I. Kinnek vun Ungarn a Polen, krut hien Ierfuspréch op des zwee Länner a gouf dann och 1387 zum Kinnek vun Ungarn gekréint. An där Zäit sinn d'Ottomanen an Europa agedrongen an hunn 1395 och Ungarn iwwerfall. Fir genuch Suen ze hunn, fir eng Defense géint d'Tierken opzebauen, huet de Sigismund missen Deeler vu sengen Territoirë verpfänden oder souguer verkafen. Trotzdeem huet en 1396 d'Schluecht bei Nikopolis géint de Sultan Beyazid I. verluer. Den 21. Juli 1411, nom Doud vu sengem Koseng Jobst vu Mieren an nom Réckzuch vu sengem Brudder Wenzel II., ass de Sigismund zum däitsche Kinnek gewielt a 1433 zu Roum zum Keeser gekréint ginn.
Eng vu senge wichtegsten Decisioune war et, d'Konstanzer Konzil (1414 – 1418) zesummenzeruffen, dat ënner senger Leedung de grousse Kierche-Schisma op en Enn bruecht huet. Virdru gouf et jorelaang an der kathoulescher Kierch gläichzäiteg zwéin an alt bis zu dräi Peepst, déi sech géigesäiteg a Grond a Buedem verdaamt hunn. De Jan Hus, den tschechesche Kierchereformateur, huet och um Konstanzer Konzil deelgeholl, well de Sigismund him versprach hat, him géif näischt ënnerwee geschéien. Wéi den Hus awer refuséiert huet, seng Doktrinnen ze widderruffen, gouf en um Wee hannescht festgeholl an als Ketzer verbrannt. D'Membere vum Konzil waren der Meenung, datt ee vis-à-vis vun engem Ketzer säin Éierewuert net bréicht anzehalen. Doropshi koum et zu bluddegen Opstänn vum Hus sengen Unhänger a Béimen. De Sigismund huet dofir 1420 zum Kräizzuch géint d'Hussiten opgeruff. An den Hussite-Kricher, déi 16 Joer gedauert hunn, konnt de Kinnek sech eréischt 1436 duerchsetzen.
Zäit senges Liewens huet de Sigismund ni e Fouss op Lëtzebuerger Buedem gesat. 1419 ass hie sengem Brudder Wenzel II. säin Nofollger als Herzog vu Lëtzebuerg ginn. Hien huet awer d'Herzogtum Lëtzebuerg duerch Pandhäre verwalte gelooss, dorënner seng Niess Elisabeth vu Görlitz. Dës hu géint eng méi grouss Zomm Suen d'Verwaltung vum Herzogtum iwwerdroe kritt, an hunn am Géigenzuch erausgequëtscht, wat do ze huele war.
Mam Doud vum Sigismund, den 9. Dezember 1437 ass d'Dynastie vun de Limburg-Lëtzebuerger erlosch. Dem Sigismund säin Eedem, den Habsburger Albrecht vun Éisträich, dee mat senger eenzeger Duechter, der Elisabeth, bestuet war, gouf säin Nofollger als Kinnek a Keeser. Bis 1806 sollten Habsburger d'Keeserkoun halen.
Éierung
[änneren | Quelltext änneren]Fir un de Sigismund z'erënneren, gouf zu Bouneweg an der Stad Lëtzebuerg eng Strooss no him genannt: d'Rue Sigismond leeft vun der Rue du Puits bis op de Leschte Steiwer.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Haag, Emil, 2011. Sigismond *1368 †1437, le dernier Luxembourg, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 146-155.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun den Herrscher vu Lëtzebuerg
- Lucien Koenig, genannt "Siggy vu Lëtzebuerg"
Virgänger: Ruprecht I. von der Pfalz |
Kinnek a Keeser vum Hellege Réimesche Räich 1433 - 1437 |
Nofollger: Albrecht II. vun Éisträich |
Virgänger: Wenzel II. |
Herzog vu Lëtzebuerg 1419 - 1437 |
Nofollger: Albrecht II. vun Éisträich |
Virgänger: Karel II. |
Kinnek vun Ungarn 1387 - 1437 |
Nofollger: Albrecht II. vun Éisträich |
Virgänger: Wenzel II. |
Kinnek vu Béimen 1419 - 1437 |
Nofollger: Albrecht II. vun Éisträich |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Sigismund vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |