Terreur zu Nantes
Haaptartikel zu dësem Theema: Krich an der Vendée
No der Virée de Galerne an der Néierlag vun der kathoulescher a kinneklecher Arméi am Krich an der Vendée 1793 huet d'franséisch Regierung eng Rei vu Repressiounsmoossnamen ergraff, eng dovu war d'Terreur zu Nantes.
Als Envoyé en mission an déi fënnef bretonesch Departementer duerch en Dekreet vum 14. August 1793 huet sech de Jean-Baptiste Carrier no engem Arrêté vum Comité de salut public vum 29. September zu Nantes installéiert (wou hien och bliwwen ass, obschonn en Dekreet vum 13. Oktober hien zu der Armée de l'Ouest mam Bourbotte, Francastel an Turreau geschéckt huet). Wéi hien den 8. Oktober ukomm ass, huet sech him eng Stad presentéiert, déi tëscht dem Vollek an den Notabelen an zwee gedeelt war. Enn September/Ufank Oktober hat säi Virgänger, de Philippeaux, d'Administratiounen, déi 1792 gewielt gi waren ausser Kraaft gesat, an e Comité an e Geriicht geschaf. Dëst Geriicht huet d'Compagnie Marat forméiert, eng kleng revolutionär Arméi vun enger 60 Männer, déi am Hafe rekrutéiert goufen.
De Carrier hat d'Instrumenter vun enger Politik vun der Terreur, an huet d'Kar, wat hien an der Vendée requisitionéiert huet, benotzt fir d'Arméi an déi kleng Bevëlkerung vun Nantes z'ernieren. Hien huet eng Geheimpolice (als Konkurrenz zu der Compagnie Marat) gegrënnt, an d'Prozedur fir d'Revolutiounsgeriicht vereinfacht. 144 Leit goufen am November an Dezember guillotinéiert, well si verdächtegt goufen, mat de Vendéens zesummenzeschaffen. No der Schluecht vu Savenay goufen Dausende vu Gefaangenen an d'Prisonge vun Nantes gehäit, a méi spéit, wéi keng Plaz méi war, an d'Lagerhale vum Hafen (wou vill Prisonéier duerch Epidemien ëm d'Liewe komm sinn). Well si eng sanitär Gefor fir d'Stad waren, a well si Unhänger vun der Géigerevolutioun waren, gouf eng militäresch Kommissioun gegrënnt ; vun Enn Dezember bis Enn Februar goufen 2.600 Leit erschoss (mat engem Maximum vun 200 Exektutiounen den Dag). Mä well et net méi méiglech war, all dës Leit ze begruewen, a well d'Exekutiounen net duergaange sinn, huet de Carrier d'« Mariages républicains » organiséiert, wou massiv "Brigange" vum Opstand erdronk goufen[1].
Déi genee Zuel vun dësen « Noyades » (tëscht 7 an 11) ass net bekannt, mä et goufe wuel 300-400 Persounen all Kéier op de Buedem vun der Loire geschéckt[2]. Fir d'Zuel vun den Affer gëtt et verschidden Evaluatiounen. 1839 schwätzt den Ange Guépin vun 3 500 Doudeger. 1924 schätzt de Gaston Martin d'Affer op 1 800. Méi rezent schätzt den Alfred Lallie d'Zuel op 4 860 Affer. De Jean-Clément Martin, erkläert datt « près de 4 000 personnes au moins meurent de ces noyades. 10 000 sans doute au total disparaissent pendant les quelques mois que Carrier passe à Nantes. »[3]
Ausserdeem goufen 132 Notabelen als Federaliste festgeholl, an op Paräis virun d'Revolutiounsgeriicht bruecht ; 12 si bei der Rees ëm d'Liewe komm, a 24 am Prisong. Dës Exactioune goufe vum Jullien de Paris, Agent vum Comité de salut public, ugeklot, an de Carrier war gezwonge säi Rappel den 9. Pluviôse vum Joer II ze froen[4].
De revolutionäre Comité vun Nantes
[änneren | Quelltext änneren]D'Stad Nantes huet wärend der Revolutioun e puer revolutionär Comitée kannt. Den éischte Comité gouf nom Opstand vun de ländleche Géigenden an d'Liewe geruff. Vum 15. Mäerz 1793 u souzen an dësem Comité Membere vun den dräi Administratioune vum Departement, virun allem fir verdächteg Persounen anzespäeren.
A Missioun zu Nantes huet de Joseph Fouché dësen éischte Comité knapps 2 Wochen no senger Grënnung nees opgeléist, an e Comité de sûreté générale an d'Plaz gesat, wouvun hie selwer d'Memberen erausgesicht huet. De Virsëtz hat Fouché, hie gouf vum Guillaume de Villenave ersat, wann hien net selwer do war. An dësem zweete Comité ware verschidde Memberen - Pierre Chaux, Pierre Philippeaux, Gillet a Philippe-Antoine Merlin de Douai — net méi mat der Zesummestellung zefridden, de Comité war hinnen ze moderéiert. Am Oktober 1793 hu si en neie Comité op d'Bee gestallt, deen hinne besser gefall huet.
Sou koum et zum revolutionäre Comité vun Nantes, deem seng Verbrieche souguer de Jean-Baptiste Carrier iwwertraff hunn. Dee Comité huet seng Funktioune bis zum 10. Prairial Joer II behalen.
Am Comité gouf et e richtege Va-et-vient. Eng genee Memberslëscht ass dofir schwéier opzestellen, vill Personnage ware sou séier aus dem Comité nees eraus, wéi si erakomm sinn. Dräi Figuren hunn awer de Comité dominéiert: de Jean-Jacques Goullin, de Pierre Chaux an de Jean Marguerite Bachelier.
Beim Prozess vum Comité vun Nantes de 25. Vendémiaire Joer II ware follgend Memberen dobäi:
- Jean-Jacques Goullin 1.
- Pierre Chaux 2.
- Michel Moreau-Grandmaison 3.
- Jean Marguerite Bachelier 4.
- Jean Perrocahux 5.
- Jean-Baptiste Mainguet 6.
- Jean Levêque 7.
- Louis Naux 8.
- Pierre Gallon 9.
- 10. Jean-François Durassier
- 11. Augustin Bataille
- 12. Jean-Baptiste Joly
- 13. Jean Pinard
- 14. Antoine-Nicolas Bologniel
D'Compagnie Marat
[änneren | Quelltext änneren]D'Compagnie Marat huet zu Nantes schonn existéiert, éier de Jean-Baptiste Carrier an d'Stad komm ass. Si gouf vum revolutionäre Comité vun Nantes de 14. Oktober 1793 an d'Liewe geruff, mam Averständnis vum Representant Francastel.
D'Compagnie Marat war wuel eng vun de spezifeschsten Arméie vun der Revolutioun, déi e wichtegt Element am terroristesche System gespillt hunn. Déi meescht Membere waren Handwierker, "elles représentent la Terreur ambulantes, la Terreur au village, elles font peur, et c'est bien le but de leurs créateurs: ce sont les instruments de vigilance et de vengeance, chargés de châtier les coupables, de frapper de terreur les tièdes et les indifférents, de régénérer l'esprit public par la force, de ravitailler les marchés urbains par la force...La création de ces armées représentent le triomphe de la violence érigée en méthode politique et parfois, un but en elle-même"[5].
Zu Nantes gouf et héchstens eng 50 Membere vun der Compagnie Marat, déi mat 10 Livres den Dag bezuelt goufen, a geschwuer hunn: "Mort aux royalistes, aux fanatiques, aux muscadins, aux Feuillants, aux modérés de quelque couleur, de quelque masque, de quelque forme qu'ils se revêtent". Si haten eng gewësse militäresch Disziplin, a waren nëmme vis-à-vis vum Comité responsabel. Episodesch war d'Compagnie och un den Noyade bedeelegt, mä si waren éischter drop aus, sech de Besëtz vun de méi räichen Awunner ënner den Nol ze rappen. D'Compagnie Marat war eng Zort politesch Police, déi allerdéngs schwéier ze kontrolléiere war, soudatt de Carrier hinnen net getraut huet, an d'Compagnie opgeléist huet, déi zanter Dezember 1793 dunn net méi existéiert huet.
Exekutiounen: d'« Fusilleurs de Nantes »
[änneren | Quelltext änneren]Nieft den « Noyades de Nantes » koum et zu Nantes och zu enger Rei Exekutiounen, wou Prisonéier erschoss goufen. Dofir goufen d'Gefaange vum Prisong Entrepôt des cafés no hirem "Prozess", dee meeschtens zimmlech kleng gehale gouf, baussent d'Stad bruecht, zum Beispill op Chantenay, wou se higeriicht goufen, wien d'Henker dobäi waren, ass hautdesdaags schwéier erauszefannen. Zeitgenëssesch Zeie schwätze virun allem vun der germanescher Legioun an amerikaneschen Hussarden, déi dofir rekrutéiert goufen.
Nodeem d'Gefaangen erschoss waren, goufe si geplëmmt a plakeg ausgedo, an an e Gruef gehäit. Et gouf sech net drëm gekëmmert, d'Leit anstänneg ze begruewen, a sou kruten d'Autoritéite vun Nantes et mat der Angscht ze dinn. De 26. Nivôse Joer II huet de Conseil général decidéiert, "fräiwëlleg" Awunner vun Nantes unzestellen, sech do drëm ze këmmeren. D'Opsiicht haten d'Kommissäre vun der Gesellschaft Vincent-la-Montagne. Dëse Schrëtt war op psychologeschem Plang net dee beschten. Andeems d'Awunner vun Nantes gezwonge goufen, bei dëse Begriefnesser derbäizesinn, hu si d'Repressioun reell virun Ae gehat, déi si virdrun an där Ausmooss net gesinn hunn.
E Komplott géint déi Moderéiert
[änneren | Quelltext änneren]Vum 15. - 22. Brumaire Joer II koum et zu Nantes zu engem revolutionäre Komplott géint déi Moderéiert.
Virum Jean-Baptiste Carrier gouf d'Gesetz vun de Verdächtegen vum 17. September 1793 zu Nantes net ganz streng applizéiert. Dem Artikel 3 vun dësem Gesetz no hat de Comité vun Nantes eng Lëscht vu Verdächtegen opgestallt, an d'Pabeiere fir déi Leit festzehuele goufen ausgestallt. Déi Direktivë goufen awer irregulär ëmgesat. D'Kommissäre vum Comité an d'Compagnie Marat haten d'Tendenz vun der Muecht ze profitéieren, déi si duerch déi Pabeiere kruten. 300 Awunner vun Nantes goufe sou festgeholl, en Deel dovun och nees lafe gelooss.
Zu Nantes gouf et eng grouss Partie Leit, déi nëmme "fräiwëlleg gezwongen" dat gemaach hunn, wat d'Sans-culottes decidéiert hunn. D'Iddi, dëse Moderéierten e Komplott unzehänken, koum ganz natierlech, eleng duerch hir Presenz zu Nantes.
D'Affär gouf gutt ausgeschafft. An enger éischter Phas huet de Comité missen den Accord vum Carrier kréien, an huet him dofir Bréiwer virgeluecht, déi vun de "Brigange" konfiszéiert gi waren, an aus deenen ervirgoe sollt, datt et zu Nantes zu engem Komplott géint d'Autoritéite komme soll. An der Seance vum 15. Brumaire huet de Carrier en Arrêté erausginn, deen den Uerder ginn huet, all räich Händler anzespäeren, genee wéi Denker, déi eng verdächteg Meenung vertrueden hunn. Et huet knapps eng Woch gedauert, bis de Comité seng "tragi-comédie judiciaire"[6] op d'Bee gestallt hat. Den 22. Brumaire gouf d'Artillerie opgestallt an d'Garde nationale zesummegeruff, wärend d'Compagnie Marat ëm déi 150 Notabele festgeholl huet. De Comité "n'a point attendu, pour agir, des preuves matérielles et des dénonciations". Et ass duergaaangen datt d'"égoïstes, les modérés et tous les gens à grands moyens" sech net "fortement prononcés" fir d'Revolutioun ausgeschwat hunn, wat si verdächteg gemaach huet[7]
D'Verdächteg goufen a verschiddene Prisonge gefaange gehalen, mä si ware lästeg. Et konnt hinnen näischt wierklech virgeworf ginn, a weeder de Carrier nach d'Revolutiounsgeriicht vun Nantes wollte sech ëm si këmmeren. De Comité huet dunn decidéiert, d'Gefaangen op Paräis ze schécken, no engem Arrêté vum 24. Brumaire (Prozess vun den Awunner vun Nantes).
Revolutionär Justiz zu Nantes
[änneren | Quelltext änneren]Ënner der Terreur huet Nantes all Forme vu politescher Justiz kannt. Nodeem d'Revolutiounsgeriicht net méi duergaangen ass, koume militäresch Kommissiounen dobäi.
D'Revolutiounsgeriicht vun Nantes gouf am Fréijoer 1793 an d'Liewe geruff ënner dem Numm Tribunal criminel extraordinaire. Dësen Numm huet d'Geriicht bis zu engem Arrêté vum 18. Abrëll 1793 behalen. En aneren Arrêté vum 30. Oktober, dee vum Francastel a Carrier ënnerschriwwe gouf, huet d'Kompetenzen definéiert. Fir e Prozess virum Revolutiounsgeriicht ze kréien, hunn d'Ugeklote misse schëlleg sinn, un enger bewaffenter Rebellioun bedeelegt ze sinn, oder dëser Rebellioun moralesch an an Natur gehollef ze hunn. E wichtegen Deel hat och d'Verbrieche vun der Meenung, a sou hunn all Persoune riskéiert, de Prozess gemaach ze kréien, déi "ont déclaré qu'à l'instant où les "brigands" rentreraient dans Nantes, ils remettraient à leurs fenêtres les signes de la rébellion.. Ceux qui par leurs discours, ont témoigné le désir d'apprendre le triomphe des rebelles ; ont applaudi, ont exprimé leur joie aux nouvelles, vraies ou fausses, de leur succès".
Dëst Geriicht war déi ganz Zäit, déi de Carrier zu Nantes war, aktiv, an et koum zu 158 Doudesurteeler a manner wéi honnert Deeg.
Prozess vun den Awunner vun Nantes
[änneren | Quelltext änneren]Vum 22. bis 28. Fructidor Joer II koum et zum Prozess vun den Awunner vun Nantes, déi un engem Komplott géint d'Autoritéite solle bedeelegt gewiescht sinn.
An engem Arrêté vum 24. Prairial Joer II gouf bestëmmt, datt de Jean Marguerite Bachelier, de Jean-Jacques Goullin, de Pierre Chaux, de Michel Moreau-Grandmaison an anerer sollte festgeholl ginn. Zur selwechter Zäit gouf och de François Louis Phelippes-Tronjolly agespaart an op Paräis iwwerfouert.
No bal sechs Wochen am Prisong Bouffay goufen all d'Gefaangen de 6. Thermidor op Paräis iwwerfouert. Vun den 132 Prisonéier sinn der 110 zu Paräis ukomm a vill sinn der un Honger oder u Krankheet gestuerwen. Vun dësen 110 goufen der nëmmen nach 94 dem Geriicht virgefouert.
De Prozess huet eng Woch gedauert, an huet zu Onrouen zu Paräis gefouert, wéi d'Stad se no Thermidor net méi gesinn hat. 40 Gefaange goufe "prévenus de délits différends mais qui tendent tous au système de contre-révolution ; parmi eux on distingue plusieurs dont les propos et la conduite aristocratique ne permettent pas de douter des instructions perfides qui paraissent les avoir dirigés". Beweiser dofir gouf et keng. Zu de méi schlëmmen Uschëllegungen hunn d'"délits fanatiques" (6 Gefaangen), d'"agents du despotisme et de la tyrannie" (8 Gefaangen) an "intelligences et conspiration avec les émigrés ou les rebelles de Vendée" (7 Gefaangen) gezielt. Virun allem goufe 16 Awunner vun Nantes beschëllegt, der "faction liberticide du fédéralisme" bäigetrueden ze sinn. Zu dësen hunn déi vermeintlech Girondins vun Nantes gezielt, dorënner de Guillaume de Villenave.[8]
All d'Ugeklote goufe fräigesprach, an no den Zeienaussoen hu missen d'Käpp vum Comité a vum Carrier rullen.
D'Commission Bignon
[änneren | Quelltext änneren]Well d'Revolutiounsgeriicht net méi duergaangen ass, goufen eng Partie militäresch Kommissioune gegrënnt, dorënner d'Commission Bignon. Dës Kommissioun gouf de 24. Frimaire Joer II zu Le Mans vun de Representante Pierre Bourbotte, Louis-Marie Turreau a Pierre-Louis Prieur gegrënnt. An der Linn vun den "Armées de l'Ouest et des côtes de Brest" war hir Aufgab, de Rebellen direkt op der Plaz de Prozess kënnen ze maachen. A fënnef Méint huet d'Kommissioun 2.919 Doudesurteeler gesprach, dovu 661 an dräi Deeg zu Savenay an 1.948 zu Nantes vum 9.-30. Nivôse Joer II.
Hiren Haaptsëtz hat d'Kommissioun am Prisong Entrepôt des cafés zu Nantes, mä war och am Prisong Bouffay vertrueden. Nodeem de Carrier vun Nantes fortgaangen ass, ass d'Kommissioun an d'Schlass vun Aux geplënnert wou si 210 Awunner vu Bouguenais zum Doud verurteelt huet.
D'« Noyades de Nantes »
[änneren | Quelltext änneren]D'« Noyades de Nantes » waren eng Episod vun der Terreur zu Nantes tëscht November 1793 a Januar 1794. An dëser kuerzer Zäit goufen Dausende vu Persounen, déi an den Ae vun der Republik verdächteg waren - virun allem Leit vun der Kierch - op den Uerder vum Jean-Baptiste Carrier an der Loire oder « baignoire nationale », wéi de Carrier se genannt huet, erdronk.
Nantes war zu där Zäit mat allem geplot, wat e Biergerkrich mat sech bréngt. De Risiko vun Epidemien war héich an d'Verpflegung vun der Stad stoung net zum Beschten. Dozou nach iwwer 10.000 Prisonéier ernieren huet fir d'Stad onméiglech geschéngt. De Jean-Baptiste Carrier huet virun allem als éischt no der Arméi gekuckt, an an enger zweeter Phas eréischt nom Ravitaillement vun de Bierger vun Nantes selwer.
D'Angscht virun enger Epidemie
[änneren | Quelltext änneren]D'Angscht virun Epidemien huet eng grouss Roll an der Entscheedung gespillt, d'Prisonéier am Prisong Entrepôt des cafés z'isoléieren, a méi spéit och an de fiichte Schëffer am Hafen, wéi am Prisong keng Plaz méi war. Et gouf versicht, d'Prisongen am Zentrum vun der Stad eidel ze maachen. D'Affer beim Sécherheetspersonal, den Dokteren a souguer de Riichter, déi u Krankheete gestuerwe sinn, hunn de Responsabele vun Nantes Angscht gemaach, a si waren zu allem bereet.
Nieft der Dysenterie koum et och zu Fäll vu Krätz, Syphilis, Féiwer bei de schwangere Gefaangenen, verschidde Fäll vu Skorbut, Waasserpouke bei de Kanner, an Nantes huet misse mat Typhus rechnen. Dës Krankheet, déi zu där Zäit verschidden Nimm hat - "fièvre des camps", "fièvre des prisons" - war bei wäitem déi schlëmmsten Epidemie.
D'Dokteren hunn den Typhus séier bemierkt, sou zum Beispill de Guillaume François Laennec deen op de Prisong Saintes-Claires Mëtt Oktober 1793 higewisen huet, sou wéi e bësse méi spéit den Augustin Darbefeuille deen den Typhus am Prisong Entrepôt des cafés diagnostizéiert huet. De Prisonh Bouffay gouf och net verschount, a verschidde Membere vum Revolutiounsgeriicht, wat hei säi Sëtz hat, si krank ginn. Den Accusateur public ass un Typhus gestuerwen, deen och d'Personal an d'Garden net verschount huet.
Well et deemools fir den Typhus vill Nimm gouf, an et keng richteg Therapie gouf, sinn d'Proportioune vun den Doudegen am Prisong net bekannt. Sécher ass allerdéngs, datt den Typhus den Haaptagent vun der "Entvëlkerung" war, déi de Jean-Baptiste Carrier sou héich gehalen huet. D'Epidemie ass eréischt op en Enn gaangen, wéi vill Prisonéier schonn ëm d'Liewe komm waren, a méi streng kollektiv Hygienesmoossname getraff goufen.
D'Konferenze vum 14. a 15. Frimaire Joer II
[änneren | Quelltext änneren]De 14. Frimaire Joer II hu sech de Jean-Baptiste Carrier, d'Haaptmembere vum revolutionäre Comité vun Nantes, de François Louis Phelippes-Tronjolly a seng Kolleegen, zesummefonnt. Si hunn decidéiert, e Jury op d'Been ze stellen, deen eng Lëscht vu Gefaangen opstelle sollt. De 15. Frimaire stoungen iwwer 300 Nimm op dësem Blat Pabeier, et huet nëmmen nach den Uerder fir d'Exekutioun gefeelt. Dofir huet de Carrier eng radikal Prozedur am Kapp, déi hien Déportation verticale genannt huet: amplaz d'Gefaangen op Insele wäit ewech ze schécken, huet hien déi Verurteelt mat Schëffer op d'Loire geschéckt, déi op der Héicht vu Chantenay versenkt goufen. Déi Exekutioune goufen an der Nuecht gemaach, fir eng gewëssen Diskretioun ze behalen, mä d'Kierper vun den Affer sinn Deeg laang op der Loire geschwommen.
Zoustänneg fir d'Noyade waren d'Compagnie Marat souwéi de Guillaume Lamberty a seng Männer.
D'Noyaden
[änneren | Quelltext änneren]Déi éischt Affer vun den Noyade waren d'refractaire Paschtéier, ëm déi 160, déi zur Deporatioun verurteelt gi waren. An der Nuecht vum 26. op de 27. Brumaire Joer II hunn de Guillaume Lamberty a seng Männer d'Exekutiounen iwwerholl, an 90 Paschtéier hunn den Doud an der Loire fonnt. Bei dësen Exekutiounen hunn dräi Paschtéier iwwerlieft, déi awer vum Krichsschëff Imposant nees opgefëscht goufen, an an der zweeter Noyade vun de Paschtéier ëm d'Liewe komm sinn. D'Ufere vun der Loire ware voll mat de Läiche vun de Paschtéier. Een eenzegen huet dee Massaker iwwerlieft, den Abbé Landeau, e gudde Schwëmmer. Hien hat et fäerdegbruecht, fir vum Schëff ze flüchten, a bis un d'Ufer vun der Loire ze schwammen.
Déi zweet Noyade vun de Paschtéier ass nees op de Kont vum Guillaume Lamberty gaangen. Dës Kéier huet keen Eenzegen iwwerlieft.
Déi drëtt Noyade, och "Noyade du Bouffay" genannt, ass geneesou bekannt, wann net souguer besser, wéi déi zwou virdrun. 129 Gefaange koumen an der Nuecht vum 24. op de 25. Frimaire Joer II ëm d'Liewen. Ugefouert vu Jean-Jacques Goullin a Michel Moreau-Grandmaison, ass d'Compagnie Marat beim Prisong Bouffay ukomm, déi meescht vun hinne waren net méi ganz eniichter, an och net wierklech am Zoustand, fir hir Lëscht ze liesen. Sou hu si d'Prisonéier duerch Zoufall ausgewielt, a si zwee an zwee unenee gestréckt, nodeem si hinnen hir lescht Wäertsaache geklaut hunn. Kuerz hanner Trentemoult sinn déi Prisonéier ëm d'Liewe komm.
Déi follgend Noyade stellen d'Historiker viru Problemer. Hir Zuel, hir Wichtegkeet an d'genee Ëmstänn bleiwe kontrovers. Iwwer déi Noyade goufe sech déi wëllst Geschichten erzielt, vun den "navires à soupapes", de "mariages républicains" an dem systemateschen Erdrénke vu Kanner. De Jean-Baptiste Carrier soll sou den Uerder ginn hunn, Mann a Fra zesummen ze bannen, am Beschten an enger obszöner Positioun, a si dann an d'Loire ze geheien. Déi Grausamkeeten hätt hie "mariages républicains" genannt.
D'Noyade vum 3. Nivôse Joer II gouf op dräi Manéieren attestéiert, dovu sinn zwou Zeienausssoen zimmlech sécher. De Pierre Robin an anerer hunn ëm déi 800 Leit vun all Alter a Geschlecht op zwee Schëffer gelueden, déi vis-à-vis vu Chantenay erdronk goufen.
Vum 9. Nivôse Joer II bis zum 29. Nivôse koum et zu de sougenannten "Noyades des galiotes". Hollännesch Schëffer ware wéinst dem Blocus am Hafen, a goufen duerch d'Ëmstänn bei de Prisong Entrepôt des cafés bruecht. Et ass net méi méiglech ze soen, ob et zwou oder dräi Expeditioune gouf. Wat sécher ass, ass datt bei all Expeditioun zwee bis dräihonnert Männer, Fraleit a Kanner ëm d'Liewe komm sinn. D'Haaptnoyade, déi de Prisong Entrepôt des cafés sollt eidel maachen, ass wuel an der Nuecht vum 10. op den 11. Nivôse iwwer d'Bün gaangen, an huet 400 Prisonéier d'Liewe kascht.
Zu der leschter Noyade koum et den 9. Ventôse Joer II. Den offiziellen Dokumenter no huet déi Noyade 41 Leit d'Liewe kascht, dorënner och en ale blanne Mann vun 78 Joer souwéi Fraleit a Kanner. D'Operatioun gouf an der Baie de Bourgneuf duerchgefouert[9].
Et ass onméiglech, déi genee Zuel vun Affer erauszefannen. Fir den Alfred Lallie waren et der 4 860 (déi Zuel gouf vun Hippolyte Taine a Reynald Secher iwwerholl), fir de Jean-Clément Martin ëm déi 4000, fir de Gaston Martin ëm déi 1 800.
Literatur zum Theema
[änneren | Quelltext änneren]- Alfred Lallié, Les Noyades de Nantes, Éd. du Choletais, Cholet, 1987. (ISBN 2-902052)
- Marcel-Vincent Postic, Carrier et la Terreur à Nantes, L'Harmattan, Paräis, 2001. (ISBN 2-7475-0171-X)
- Jean-Joël Brégeon, Carrier et la terreur nantaise, Perrin, Paräis, 2002. (ISBN 2-262-01857-X)
- Alphonse Jarnoux, La Loire leur servit de linceul, Nantes, 1972.
- Athanase Ollivier, Prêtres martyrs de Nantes, Biroché & Dautais, Nantes, 1911.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789. |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Vgl. Roger Dupuy, op.cit., S. 168-171 ; Ange Guépin, Histoire de Nantes, 1839, zitéiert vum Michel Ragon, 1992, S. 184-186 zu der Terreur zu Nantes: « Dénoncé par le premier misérable venu, l'on pouvait être emprisonné, puis déposé à l'Entrepôt ; là, l'on mourrait du typhus qui régnait alors dans cette prison ou l'on succombait sous le plomb meurtrier, ou l'on terminait sa carrière dans la Loire: c'était ce que Carrier appelait prendre un bain, boire à la tasse des calotins. Les noyades avaient lieu le plus souvent lorsqu'il faisait nuit ; on les pratiquait au-dessous de Nantes. Plusieurs ont été faites avec des bâtiments dont on bouchait toutes les ouvertures ; des charpentiers, qui se tenaient à côté des embarcations, en ouvraient les flancs, et s'éloignaient ensuite. Huit cents personnes ont ainsi péri en une seule nuit sur deux navires. On s'est aussi servi d'un bateau à soupape, moyen qui avait sur le précédent l'avantage de l'économie… Ils inventèrent les mariages républicains, supplice qui joignait à la barbarie l'immoralité la plus dégoûtante. Ces mariages se faisaient en prenant deux personnes de sexe différent ; le plus souvent c'était un jeune homme et une vieille femme, ou bien un vieillard et une jeune fille ; on les liait l'un à l'autre, par dessous les aisselles, après les avoir dépouillés ; quelques-uns de ces malheureux ont été laissés une demi-heure dans cette position, on les jetait ensuite dans la Loire, où des assommeurs placés dans des bateaux achevaient de noyer ceux qui, dans leurs efforts, étaient parvenus à briser leurs liens. Non content de ces noyades, Carrier se faisait souvent amener les plus intéressantes des prisonnières qu'il renvoyait ensuite à l'entrepôt, quand elles avaient servi à ses plaisirs... ».
- ↑ Roger Dupuy, op.cit., S. 168-171.
- ↑ Ange Guépin, Histoire de Nantes, 1839 ; Gaston Martin, Carrier et sa mission à Nantes, 1924 ; Jean-Clément Martin, Blancs et Bleus dans la Vendée déchirée, 1986 ; Alfred Lallie, Carrier, 1994, an Les Noyades de Nantes, 1994.
- ↑ Bréiwer vum Jullien un de Robespierre a säi Papp den 2., 4. a 5. Februar 1794
- ↑ Richard Cobb, Les armées révolutionnaires: instrument de la terreur dans les départements: avril 1793-floréal an II, Éd. de l'École des hautes études en sciences sociales, Paräis, 1983.
- ↑ Gaston Martin, Carrier et sa mission à Nantes, PUF, Paräis, 1924.
- ↑ Gaston Martin, op.cit.
- ↑ René Kerviler, Un centenaire: le procès des 132 Nantais, avec une Relation inédite de leur voyage à Paris, Lafolye, Vannes, 1894.
- ↑ Hippolyte Taine, Les origines de la France contemporaine. La Révolution: le gouvernement révolutionnaire, le régime moderne, Robert Laffont, nom Le Moniteur universel XXII, 227.