The'd Johanns

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
The'd Johanns
The'd Johanns.JPG
Gebuer 10. Juni 1955
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den Théid ("The'd" oder Theo) Johanns, gebuer den 10. Juni 1955 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Graphiker, Moler a Galerist.

Den The'd Johanns (hie schreift säin Numm an der Welter-Engelmann-Schreifweis), ass en Autodidakt. Hie schafft mat verschiddensten Techniken a Medien (Molerei, Skulptur, Fotografie, Zesummestellungen,...)

Gär thematiséiert hien d'Géigesätz wéi Kierper a Geescht, Wëssenschaft a Relioun, Mënsch a Maschinn, Individuum a Kollektivitéit, Eenzegaartegkeet a Multiplizitéit, asw., dacks mat engem Schotz Provokatioun oder Ironie.

Hien hat eng ganz Rëtsch vun Ausstellungen zu Lëtzebuerg an am noen Ausland, mä och zu Nice, Aix-en-Provence, Paräis, Athen,Washington D.C., New York a San Francisco.

2001 huet hien zu Betebuerg, zesumme mam Jean-Pierre Seil, d'Konschtgalerie B/C2 opgemaach. 2016 huet hie mam Sergio Sardelli, Jeff Keiser an Daisy Wagner d'Kollektiv Cueva gegrënnt.[1]

2011 bis 2014 war hie Gemengeconseiller fir déi Lénk am Escher Gemengerot[1]

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Documentaire[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

https://nathbrocker.wordpress.com/2019/08/21/the-whole-truth-of-my-real-life-story-in-whats-app-postings-and-pictures-storyboard-alike-linked-with-the-movie-the-murder-of-princess-diana-where-i-played-the-lead-role-of-the-princess-dia/

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Anne Julie Heintz: "Ein Escher Unikum." wort.lu, 19.10.2018.