Uewerwampech
Uewerwampech Uewerwampich | |
---|---|
Uewerwampech | |
Aussprooch |
|
An anere Sproochen |
fr: Oberwampach de: Oberwampach |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Klierf |
Gemeng | Wëntger |
Buergermeeschter | Lucien Meyers (CSV) |
Awunner | 251 |
1. Januar 2023 | |
Fläch | 191 ha |
Héicht | 413 m |
Koordinaten |
50° 00’ 56’’ N 05° 51’ 27’’ O |
Uewerwampech (lokal: Uewerwampich[1]; Wallounesch: Li Grande Ombwè, La Grande Ombwè[2]) ass eng Uertschaft an der Gemeng Wëntger. D'Uertschaft läit am Nordweste vu Lëtzebuerg op der belscher Grenz op enger Héicht vu ronn 400 m, am Dall vun der Wemperbaach.
Op Uewerwampech kënnt een iwwer den CR329 vun Nidderwampech a vun Déierbech aus, an iwwer de Kiemel vu Lingser an der Belsch.
Déi héchst Punkte vun der Uertschaft si südlech vum Duerf am Bësch Wald mat 502 m (ouni weidere Flouernumm) a mat 501 m op Uessemuergen. Déi déifst Plaz ass mat 402 m op der Grenz mat Nidderwampech am Dall vun der Wemperbaach, bei der Pompelstatioun, do wou d'Lingserbaach an d'Wemperbaach leeft.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Bis zur Grënnung vun der neier Gemeng Wëntger den 1. Januar 1977 huet déi fréier Gemeng Uewerwampech zum Kanton Wolz gehéiert.
Fréier Gemeng Uewerwampech
[änneren | Quelltext änneren]Uewerwampech war bis zur Fusioun vum 1. Januar 1978 mat de Gemengen Aasselbuer, Béigen an Helzen eng eegestänneg Gemeng am Kanton Klierf.
Déi fréier Gemeng hat eng Fläch vun 2.968,4837 ha.
Uertschaften a Lieu-diten an der fréierer Gemeng[3]
[änneren | Quelltext änneren]Ausser Uewerwampech hu follgend Uertschaften zu der fréierer Gemeng gehéiert:
- Uertschaften an der fréierer Gemeng:
- Lieu-diten an der fréierer Gemeng:
Duerfveräiner
[änneren | Quelltext änneren]Zu Uewerwampech sinn zwéi Veräiner:
- de Jugendclub "Les Mousquetaires Uewerwampich"
- d'Chorale "Ste Cécile"
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Kierch Uewerwampech
- Johan Caspar de Cicignon
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Uewerwampech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng Wëntger
- Syvicol
- Fusiounsgesetz vun der neier Gemeng Wëntger: Loi du 31 octobre 1977 portant fusion des communes de Asselborn, Boevange/Clervaux, Hachiville et Oberwampach
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert de(n) 2020-08-11. Gekuckt de(n) 14.06.2020.
- ↑ Michel Francard, Dictionnaire des parlers wallons du pays de Bastogne, De Boeck-Wesmael, Bruxelles, 1994, ISBN 2-8041-1957-2 (an « Ombwè »)
- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.