Op den Inhalt sprangen

Wikipedia:Communautéitssäit/Archiv Neies Wikimedia asbl

Vu Wikipedia

Dezember 2023

[Quelltext änneren]
5.:

2 Wikipedianer waren op der Journée du Bénévolat am Loisi zu Nidderaanwen.

2.:

Comitésversammlung zur Virbereedung op déi 20 Joer Wikipedia op Lëtzebuergesch.

November 2023

[Quelltext änneren]
16.:

Konferenz an der ErwuesseBildung De reliéise Patrimoine am Internet valoriséieren. Eng Zesummenaarbecht vun der ErwuesseBildung, dem Service Communication et Presse vun der Kathoulescher Kierch a Wikimedia Lëtzebuerg ASBL. Dës Konferenz gouf op en onbestëmmten Datum verluecht.

September 2023

[Quelltext änneren]
12.:

Zwéi Vertrieder vu Wikimedia hunn d'ASBL op der Aweiung vum Club Senior / Club Aktiv Plus de Forum zu Beetebuerg vertrueden.

August 2023

[Quelltext änneren]
16.:
Eis Dron op hirem 1. Vol.

D'ASBL huet eng Dron, elo kënne mer och Biller aus der Loft maachen.

29.:
D'Ekipp vum ZLS bei der Aweiung vun der Expo

D'ASBL war bei der Presentatioun vun der mobiler Ausstellung "D'Lëtzebuerger Sprooch(en)" an der Abtei Neimënster vertrueden.

19.:

2 Wikipedianer vertrieden d'ASBL bei der Presentatioun vum Lëtzebuerger Sproochatlas 1900, den 19.06.2023 am Forum Geesseknäppchen.

Abrëll 2023

[Quelltext änneren]
27.:
3 Vertrieder vun der Wikimedia als Invité um 100komma7

3 Wikipedianer vertrieden d'ASBL um Radio 100,7 an der Emissioun "Am Fong" mat der Natasha Ehrmann

25.:

Wikipedia-Formatioun vun 2 Wikipedianer bei Gero.lu an hirem Sëtz zu Izeg. An dëser Formatioun gouf den Artikel GERO – Kompetenzzenter fir den Alter ugeluecht.

Mäerz 2023

[Quelltext änneren]
14.:

1 Wikipedianer war um "Owend mam Alain Atten", organiséiert vum Cercle Culturel et Historique de Leudelange

Februar 2023

[Quelltext änneren]
22.:

2 Wikipedianer ware bei der Iwwerreechung vum Nationale Präis fir d'Verdéngschter ëm d'Lëtzebuerger Sprooch, dee vum Educatiounsministère am Stater Jongelycée iwwerreecht gouf.

Januar 2023

[Quelltext änneren]
7.:

2 Wikipedianer waren um Neijooschpatt vun der Actioun Lëtzebuergesch

Virum Kulturzentrum vu Leideleng
4.:

Generalversammlung vun der ASBL am Centre culturel "An der Eech" zu Leideleng. De Rapport steet am Gemengebuet Nr. 148, S. 45-46.

Dezember 2022

[Quelltext änneren]
19. an 22.:

2 Wikipedianer ware fir eng Wikipedia-Formatioun am Nationale Militärgeschichtsmusée

9.:

4 Wikipedianer ware beim Dezemberpatt mat der Virstellung vun engem Prototyp fir Sproocherkennung op Lëtzebuergesch, dee vum ZLS an dem Educatiounsministère organiséiert gouf.

2 Vertrieder op der Journée du Bénévolat zu Stroossen
5.:

2 Wikipedianer hu Wikimedia.lu op der Journée du Benevolat 2022 vertrueden.

November 2022

[Quelltext änneren]
20.:

5 Wikipedianer waren op de Walfer Bicherdeeg.

28.:

4 Wikipedianer hu Wikimedia.lu zu Leideleng beim Welcome Drink vertrueden, op deen d'Integratiounscommissioun agelueden hat.

22.:

Um Virowend vun Nationalfeierdag war Wikimedia.lu bei de lokale Feierlechkeeten zu Leideleng vertrueden.

20.:

4 Wikipedianer ware bei der Virstellung vum fuschneien LOD am Forum Geesseknäppchen derbäi.

Mäerz 2022

[Quelltext änneren]
19.:

Konferenz zu Leideleng iwwer Wikipedia am Kader vum 31. Formateursdag vun der ASBL Moien – Eng Bréck fir eis Sprooch.

Januar 2022

[Quelltext änneren]
Generalversammlung Wikimedia 2022, op der Foto feelen d'Denise Heiderscheid an de Claude Bache
29.:

Generalversammlung vu Wikimedia Lëtzebuerg zu Leideleng. Bei der Generalversammlung war och d'Presidentin vun der Moien ASBL Denise Heiderscheid an de President vun der Actioun Lëtzebuergesch Claude Bache present. De Rapport gouf am Leidelenger Gemengebuet Nr 144, S. 74f verëffentlecht.

November 2021

[Quelltext änneren]
27.:

Wikimedia Lëtzebuerg gëtt mat der Plaquette 'Dicks-Rodange-Lentz' am Sëlwer vun der Actioun Lëtzebuergesch ausgezeechent.

Generalversammlung Wikimedia 2021
8.:

Generalversammlung vum Veräin Wikimedia Lëtzebuerg zu Leideleng am grousse Sall vum Kulturzentrum "An der Eech". De Rapport gouf am Leidelenger Gemengebuet Nr 141, S. 47f verëffentlecht.

Dezember 2020

[Quelltext änneren]
4.:

Wikimedia Lëtzebuerg ass och bei der Agence vum Benevolat vertrueden.

Wikimedia am ZLS

Februar 2020

[Quelltext änneren]
28.:

De Veräin Wikimedia Lëtzebuerg besicht den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch a kritt Erklärungen iwwer den LOD.lu.

Mäerz 2019

[Quelltext änneren]
16.:

Generalversammlung vum Veräin Wikimedia Lëtzebuerg zu Leideleng, wou och elo den Sëtz ass.

Januar 2018

[Quelltext änneren]
20.:

Generalversammlung vum Veräin Wikimedia Lëtzebuerg an der Jugendherberg zu Esch-Uelzecht an am Uschloss Treffe vun all de Wikipedianer.