Wikipedia:Wéi een en Artikel schreift
Ausgesinn
Dës Säite sollen Iech weisen, wéi een en Artikel respektiv eng Säit op der Wikipedia schreift an/oder verännert. Wann Dir awer just en Artikel liesen oder e bëssen an der Wikipedia bliedere wëllt, da kuckt Iech léiwer d'FAQ vum Lieser un.
Jidderee ka jidder Artikel/Säit veränneren ouni sech dofir iergendwéi bannen ze missen. Natierlech encouragéiere mir Iech matzeschaffen, wann Dir zu engem Thema eppes Nëtzleches bäidroe kënnt.
- En Artikel änneren
- Dës Säiten hëllefen Iech Schrëtt fir Schrëtt ären éischten Artikel ze schreiwen, ob Dir elo Feeler verbessere wëllt oder nei Eenzelheeten drasetzt.
- Syntax: kursiv oder fett schreiwen
- Dës Säiten erklären Iech, wéi Dir ären Text a Form bréngt, speziell mat Kursivschrëft, Fettdrock a Lëschten.
- Reegelen
- Dës Säite ginn Iech e puer Reegele mat op de Wee, wéi Dir gutt Artikele schreiwe kënnt.
- Artikele matenee verlinken
- Dës Säiten erklären Iech, wéi Dir Linken tëscht eenzelen Artikele setze kënnt.
- En neien Artikel uleeën
- Schreift e ganz neien Artikel, vun Null un.