Hitten
Hitten | |
---|---|
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Huttange de: Hüttingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Réiden |
Gemeng | Biekerech |
Buergermeeschter | Thierry Lagoda |
Awunner | 29 |
30.09 2021[1] | |
Fläch | 142,88 ha |
Koordinaten |
49° 44’ 07’’ N 05° 53’ 52’’ O |
Hitten, am Luxemburger Wörterbuch och als Hëtten ze fannen[2], ass eng Uertschaft an der Gemeng Biekerech am Kanton Réiden.
Geographie[edit | edit source]
Hitte läit um Zesummefloss vun der Mollbaach an der Millebaach, aus deenen hanner Hitten d'Näerdener Baach entsteet.
Historesches[edit | edit source]
No de Schrëftstécker gëtt Hitten 1236 fir d'éischt genannt. Réimesch Mënzen aus der Zäit vun den 30 Tyrannen (ëm 260 no Christus), déi an der Ëmgéigend vum Duerf fonnt goufen, beweisen datt zu Hitten awer scho laang virdru Mënsche gelieft hunn.
Den Numm Hüttingen geet op dat däitscht Wuert Hütten zeréck.
Verkéier[edit | edit source]
Hitten ass un d'Stroossennetz ugeschloss duerch d'Nationalstrooss N24 (Areler Strooss) déi vun Dikrech op Arel féiert.
Kuckeswäertes[edit | edit source]
- D'Kapell vun Hitten vu 1714
- De renovéierte Wäschbuer vun Hitten aus dem Joer 1892.
Kuckt och[edit | edit source]
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck[edit | edit source]
Commons: Hitten – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[edit source]
- ↑ Population par localité
- ↑ Luxemburger Wörterbuch Archivéiert op 2019-05-22. Gekuckt de(n) 2013-05-04.